Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Miedernach

D'Duerfgeschicht vu Miedernach ass staark vum Waasser, der Natur an Iwwerreschter aus der Urzäit geprägt. Säi Numm soll vum Keltesche "Medern" kommen a war 1033 als ‘Madrenai‘ a kuerz drop ‘Medrenai‘ dokumentéiert. (Meder war de Pluriel vu Mahd, d.h. vun enger Flächemooss, déi e Mann an engem Dag méie konnt.) Wéi d'Réimer hei d’Kelten iwwerwältegt haten hu se Stroossen an Siedlunge gebaut. Mënzen, Reschter vun engem 1842 entdeckte Mosaik an och vu Sailen weisen drop hinn. Un alen Zäiten inspiriert, mä éischter sportlech geduet ass de 750m laange Wanderwee ouni Schong. Hei Op Kengert buerbes oder bârbes goen ass en Erliefnes: de Wee geet nämlech iwwer Bësch- a Wiesebuedem, duerch Schlamm an iwwer Mulch, Blieder, Sandsteen, Holzpawee, Baamschuel an Dännenzapen.. Wou fréier eng Erdbierplantatioun war huet haut d’ländlech Campingplaz e solarbehëtzte Fräibad - a krut ewell e Präis am Concours „Tourismus an Ëmwelt“.

Miedernach ass säit 2012 den Haaptuert vun der Ärenzdallgemeng a seng Geschicht ass eng Verkettung vu Momenter. Di eelst Haiser am stilvollen Duerfkäer si vun 1720 a 1730 an am Maria-Teresia-Stil. Obwuel hei kaum akademesch forméiert Baumeeschteren um Wierk ware falen elegant Hausfassaden op. A räich verzierte Fenster- an Diercadren weisen op de Bauhären hire Goût a Wuelstand hinn. D'fréier Schoul gouf ëm 1850 am hollännesche Genre gebaut. De Gemengewopen aus der Zäit virun der Fusioun weist en M a rout op Sëlwer, wat un d' "von Kerpen" aus dem 13. a 14. Jorhonnert erënnert... an dräi goldeg Kléiblieder vun den Armoirië vum herrschaftlechen Haff "Pletschette". Ee lokal net onwichtegen Dag war am ‘Vierpäpstejoer‘ den 19. Juni 1276, dee Miedernach als Por dokumentéiert. Dat war zur Zäit vum Ritter Theodorich vu Kerpen, dem Här vu Moestroff an senger Gemahlin Margareta (…an der Yolanda vu Veianen, dem Marco Polo an de spéide Kräizzich.) Den eelsten Deel vum Duerf huet där am Joer 650 gestëften Benediktinerabtei Stavelot bei Léck gehéiert. Déi al Réimersiedlung gouf vermuttlech emol u Stavelot verschenkt, well s‘um Kiem no Léck louch. Se sollt dann nach zweemol getosch ginn a koum duerno ënner der Herrschaft vu Metz zur Tréierer Abtei St. Maximäin. Si an déi Moestroffer haten d’Soen lénks vun der ‘Wäisser Ernz’ an d'Häre vu Palant, mat hire Leit Palanter genannt, hate rechts vum Waasser Besetz.

Den 23. Nivose X, d.h. den 13. Januar 1802 hat de Préfait Lacostes sech iwwer d'Por Miedernach renseignéiert a krut 600 Séilen an eng Kierch a guddem Zoustand gemeld. Eng aner Quell schreift der uraler Miedernacher Kapell bis 1805 "kümmerlech Raumverhältnesser" zou. (D'Duerfleit haten 125 Joer virdrun eng Säitekapell drugebaut.) D'aktuell Miedernacher Kierch dominéiert d’Uertsbild, se gouf 1805 nei opgebaut an zielt zu de konschthistoresche Juwelen am Land. Dee ‘Konschttempel’ (Carlo Hemmer) mam flaachen stilvollen Holzplafong .. gouf 2004 als Nationalmonument klasséiert. Hire geierfte Mobilier ass en Exempel vu prächtegem Barock vu 1709, e war geschafe ginn fir d’opgeléisten Dikrecher Franziskanerklouschter. Den Altor vum Frère Paul Kourtz huet eng räich Ornamentik an ongewinnten Duerstellungen vu Maria a Jouseph. Säi kompetent restauréiert Altorbild (T. Hoffelt) stellt d' "Gebuert Christi" duer ouni d‘bäigefléckte Kolonn aus den 1950ger; eng Panoplie vun Instrumenter wéi Harf, Dudelsaack, Fidel, Tromm, Posaune a Flüt rummen et an. Weider falen dem Priedegtstull säi Schalldaach, eng douce Pietà vun ëm 1425 aus Pëppelholz an och Hellegefiguren an Hallefrelief op. An d’éischt Hallschend vum 15. Jorhonnert geet d'polychroméiert stenge Sëtzmadonna mat Lilienzepter a Kand mat Drauf zréck. D'Kierchendier (ënner dem Steerelief vum hl. Hubertus mat Hond, Hirsch a Päerd) huet Fliggele mat üppege mä renge Renaissance-Charakteristiken.

D‘haiteg Miedernacher Uergel mat iwwer dräihonnertjäerege Schnëtzereie vum Areler Toussaint Mercenier staamt och vun Dikrech. (Se stoung säit der fr. Revolutioun bis an d‘1950ger zu Miersch, an no engem Dornréischeschlof zu Lëntgen krut hiert Gehais en neit Wierk.) 2005 koum d'restauréiert a faarflech ugepassten Uergel zréck bei de Miwwel zu deem se gehéiert! Och op e Päifeninstrument passt d‘Yehudi Menuhin-Zeil “Wenn einer aus seiner Seele singt (…oder spielt), heilt er zugleich seine innere Welt.“ Ëm déi Zort Stäerkung, di Läif a Séil zesummenhält.. dréit eng traditionell lokal Attraktioun: si invitéiert Enn August ënner dem Motto "mir maachen gudd Saachen, kommt kucken an schmaachen!“ D'idyllesch Uertschaft mat haut ronn 45 % Auslänner huet am Laf vun der Zäit vill innovativ Iddiën ëmgesat an hire Charm net verluer.

P.S. ‘t kann ee sech haut kaum virstellen, dass de Miedernacher Dall fréier iwwerschwemmt war a just d'Knupp aus dem Waasser stoung. Nom Duerchbroch vum natierlechen Damm an Eidellaafe vum Séi war hei Plaz fir Wisen a Felder. Tounmiergel-Schichte weisen nach d'Héicht vum Landséi, an deem emol Mënsche gefëscht hunn. (A wéi Kelten mat de gebleechten Hoer vermuttlech un der ’Wäisser Ernz’ Erz verschafft hunn, hate wäit ewech a Klengasien d’Meder an d’Lyder Sträit. Di kämpferesch Völker sollten dann awer den 28.5.585 v. Chr. bei der totaler Sonnendäischtert vu Schreck Fridde schléissen! Eng traureg zäitgeschichtlech Episod erzielt d’Buch vum Jean Engling ‘De Mathes vu Medernach -oder ‘die letzte Hinrichtung mit dem Strange zur Zeit des Feudalrechts.‘ (1793) Vum de Montesquieu dozou d’Erkenntnes ‘Glécklech dat Vollek, deem seng Geschicht sech langweileg liëst!’- Dem ale Brauch vun der Holzstee zu Miedernach seng Wichtegkeet erkläert ee Saz: Ass si gutt verlaaf - hat d’Gemeng Suën, a folglech konnt och vill geschafft ginn! (Den éischten Dag gouf d‘Notzholz, an den zweeten Brännholz an Offall versteet; 1949 waren dat z.B. 600 ‘Kuerden‘!)