Maarnech
Maarnech, MARNACH, ass e molerescht Ardennerduerf mat ëm 450 Awunner …an der Gemeng Munzen, déi 2012 mat deene vu Klierf an Hengescht fusionéiert. Et läit op 500 bis 530 m Héicht, an ass wuel déi eenzeg Uertschaft am Land déi als Net-Gemeng e Wopen huet… ee Wopen ‘sapiné d´azur et d´or‘ mat Ginzebléien an enger Fackel. Um héchste Punkt wäit a breed falen no beim Schwaarzenhiwwel dräi 105 Meter héich Radiosantennen op... Si stinn allerdéngs an der Lehmkaul zu Duerscht.
De fréieren Haff Marnech war der Herrschaft vun enger adelegen Uewerschicht ënnerstallt, zulescht der Herrschaft Klierf. De Landeshär hat dëser net just politesch, mä och verwaltungs- riichterlech a gesellschaftlech Virrechter ginn.… D’Éislek hält net op hanner Wolz, war een vu verschiddenen Argumenter déi fir de Klenge ‘Maarnicher Festival’ plaidéiert hunn. Dëse besteet zënter 1987, also iwwer 20 Joer; säin Haaptzil ass Museker aus Lëtzebuerg d’Méiglechkeet ze ginn, an engem klenge Kader opzetrieden. Fir d'Offer vu Concerten am Norde vum Land ze vergréisseren trieden hei awer och bekannt auslännesch Museker op. Dee Kader dofir war laang d’Por-Kierch… wuel mat enger excellenter Akustik, mä mat nëmmen 200 Plazen! Hire restauréierte Kiercheraum huet eng ‘extrem Halligkeit’ an gëtt dem ‘kammermusikalesche Charakter’ vu verschiddene Wierker e Brio… ‘méi wéi erwaard..’ (hat de Loll Weber ufangs fachmännesch bemierkt.)
De 17. November 2007 war d’Ouverture vum Cube 521, deem neie regionale Kulturzenter, enger Initiative mat groussem Potential. Dëst Kulturhaus aus Holz a Glas ass eng Plaz fir Dreem an Emotiounen, an entworf vum Romain Hoffmann. An den Eifeler ‘Mozart Wochen 2012‘ figuréiert nieft 15 Eifeler Dierfer, Enn November, de Maarnecher Cube! Mä komme mer zréck bei d’Kierch: si gouf 1888 gebaut, an dorun erënnert den datéierte Schlusssteen am Chouerverwëllef. Hire Patréiner ass den hl. Jousef. Nieft senger Statu sinn hei nach eng vum hl. Aloysius, dem Antonius vu Padua, dem Willibrord, an en hl. Martin… mam Fouss vun enger Gäns, sengem Attribut, d’ganzt Fieder-Déier huet d’Zäit net iwwerlieft. Hannen am Bau fält d‘Mutter Anna mat Maria an d’Aen. En hl. Martin als Reider an der typescher Zeen vun der Manteldeelung ass um Bild vum Kredenzdësch. Fënstere vum Nina a Julien Lefèvre vun ëm 1950 stellen d’Kandheet vu Jesus duer op hellem Fong, a verschiddene bekannten Episode mat der helleger Famill, z.B. 'Op der Flucht no Ägypten‘, déi am Chouer hunn en Ornament mat Symboler oder dem Christusmonogramm. Wat hei nach opfällt, ass eng Plaque fir drun z’erënneren, dass de Papp vum Bëschof Laurent 1773 hei gebuer war an a sengem spéidere Liewen d’Roll vum Schofshiert hat.
Am Numm Maarnech kéint 'mar' fir (marca) stoen, wat Grenz bezeechent oder en dérivé vu 'marne' (d.h. roche argileuse). Et bestinn hei um Flouer Plaze genannt Marbuerg, Greinzt an Huserweier. 2006 gouf de westlechen Deel vun der Duarrefstrooss iwweregens ëmgedeeft an “Am Pesch”. D‘Achs Housen-Hengescht verleeft duerch Maarnech a figuréiert, mir zitéieren “als Scheitellinie zwischen dem Flussgebiet der Clerve im Westen und der Our im Osten“.
PS. Et heescht Leit vun hei hätten, wa se ‘geméitlich zesaamesëtzen’, gelegentlech d‘Tendenz ze mengen hir Heemecht wär de Nuebel vun der ziviliséierter Welt... “Op enger verstoppter Plaz, an enger prestigiéiser Landschaft, an där e sympathescht Duerf agebett ass, erschéngt d’Gesiicht vun der Heemecht engem an senger ganzer Schéinheet!” sot emol de Joseph Bech; (Seng Lieblingsplaz louch iwweregens hanner Iechternach.) - „Marnach“ a seng Kapell erwänt e ‘Pfründebuch’ vu 1602, e Buch mat Schenkunge vum ‘Erzdiakonat der Ardennen‘ mat der Remarque ‘Die Treue der Bewohner der Luxemburger Ardennen, des "Ösling" zur Kirche un der Geistlichkeit ist bekannt.‘ Doran spillt an der Geschicht "Herrn Oehmchens Weihnacht" (vum Marga Thome) d‘ "Marnach-Großmutter" eng rühmlech Roll. Wikipedia nennt iergendwou d‘Éislék, de ‘luxemburgischen Teil der Eifel, den freie Hochplateaus und enge Täler kennzeichnen'.