Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Manternach

Manternach huet e schéinen Duerfkär mat typesche gutt restauréierte Bauerenhäff aus der Zäit vun der Maria-Theresia. Hei liewen 2008 vu 502 Awunner 363 Lëtzebuerger an 52 portugisesch, 27 däitsch an 8 chinesesch Matbierger....an 4 aus der Belsch. De Viaduc vun der Tréierer Zuchlinn tëscht Manternach a Mäertert, d’"Spigelsbrëck", ass vun 1860. Fënnef vun den 22 Millen aus dem Syrdall louchen hei! D’Géigend ass och bekannt fir hir al Beem: Am Joer 1993 goufen an der Gemeng 8345 héichstämmeg Uebstbeem gezielt, woumat si eng vun den Uebst-räichste landeswäit ass.. Notéiert ware 34 % Praumen- an 59 % Äppelbeem.

D’Chorale Ste-Cécile Manternach hat 1993 fir hiren 100. Anniversaire en intressant Buch erausgi mam Historique iwwer d’Uertschaft an d' Por. De "Groesteen" an d’keltesch Griewer sinn Témoin vu fréier. Wann d’Syr erziele kënnt, kriite mer Detailer aus Zäite wou Manternach Dépendence vu St. Maximain an St. Simeon vun Tréier war. A well et an der Halschent tëscht Tréier a Lëtzebuerg läit, hunn d’Äbt hei eng Tëschenétape gemat, wat e schéint geraimegt Paschtoueschhaus justifizéiert huet. Haut ass doran no enger reusséierter Restauratioun d’Gemeng. D’aktuell neigotesch Kierch entstoung 1864, hir Patréiner heesche Brixius a Bartelméiss. Hir Altär sinn eppes méi jonk… a reng geschnëtzte Wierker aus engem Kölner Atelier. Den nogebauten Ducksall gouf excellent integréiert. D’Statue sinn eeler an aus der fréierer Kierch. De Billerstuerm goung hei laanscht, Beichtstill a Priedegtstull sinn erhalen; aus der Kommiounsbänk entstoung e nidderegen Altor. D’Stahlhut Uergel ass original aus dem Joer 1913.. d’bläiverglaaste Fënstere si konschtvoll an deels schonn duerch eng Duebelverglasung geschützt. Di 4 Klacke mat den Téin do, la, fa, sol weien tëscht 400 a 1000 Kilo. De Portal ass stilvoll mat sengem Monogramm “Ave Maris Stella” an der Mariestatue mam Kand aus Steen.

Am Mëttelalter hate Seigneurs de Berbourg eng wichteg Roll hei gespillt. Duerno hunn Dank der Berbuerger Schmelz an der ‘Pabeiermanufaktur’ d’Leit sech eropgeschafft.. «L'usine de Manternach occupait en 1886 une soixantaine d'ouvriers des deux sexes; l'outillage a continué à être perfectionné» steet am Mémorial. E Barrage entstoung 1859-‘60 op Initiative vum Jules Lamort (1817-1889) a gläichzäiteg en Aqueduc an en 850 Meter laange Kanal, sou war eng gutt permanent Waasser Versuergung sécher. T’besteet e Projet de Barrage ze restauréieren. D’Schlass Lamort a klassizisteschem Baustil läit baust dem Duerf an Direktioun Wecker.. ‘t steet op der Plaz vun der fréierer Berbuerger Schmelz. De Pabeierfabrikant hat et vun 1857 un bewunnt. Säit 1979 ass et Staatsbesëtz, an ageriicht als „Centre thérapeutique Manternach Syrdall Schlass“.

D’Manternacher Maison d'accueil "A Wiewesch" offréiert zanter Juni 2003 Kuckenswäertes; ënnenan eng mise-en-scène vun traditionelle Géigestänn, Archiv Dokumenter, Photoen a Kaarten... an um 1. Stack zum Thema Natur eng interaktiv dräidimensional Maquette. Nach Typesches aus dem lokale Vokabulär ‘Eiderze fennken’ bedeit Eidechse fänken, ‘Kammp’ kritt 2 m an Duef, keen r - an ‘t heescht hei nain fir néng wéi zu Iechternach. Nach ze soen... De Schluuchtbësch bei Manternach ass eng vun de wéinege Plaze wou d’Natur sech selwer iwwerlooss gouf..

P.S. Um Autopedestre zur Mäerterter Säit hin stinn (dem Roger Schauls no) botanesch Schéinheeten um Bord vum Wee - an den “Urwald” an der Michelslay vermëttelt en Abléck an eng ongestéiert Bëschdynamik!” Dës Zeilen aus enger Beschreiwung vun aacht Säite maache virwëtzeg op Raretéiten, di sech hei a ganz speziellem Buedem an a Symbios mat engem Champignon entfalen a wuelfillen. Häng mat ëm 40 % Gefäll hunn hei eng maximal Sonnebestrahlung.