Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Mamer

Mamer war joerhonnertelaang eng Kräizung vu Handels- a Militärstroossen. ‘t hat eng Verflegungsstatioun an eng  Reparaturwierkstat fir Truppen an “Reisende“ laanscht d’réimesch Consularstrooss, déi vun der Champagne un de Rhäin goung. Wéi d’erneiert al Poststrooss Bréissel-Wien (via Arel an Tréier) 1730 fäerdeg war, goung d’Arelerstross riicht heiduerch an d’Stad.

Haut wunnen zu Mamer Leit aus 50 Natiounen. D'Kierch hat dofir 2004 Bibelen a ville Sproochen ausgestallt, mam Ziel Auslänner unzespriechen. Vill am Ausland war sengerzäit de Nikolaus Wagner, alias Mameranus. Den Historiograph hat Chronike publizéiert an sech 1546 agesat fir den Erëm-Opbau vum Duerf, dat d'Fransousen zerstéiert haten. Hie krut dofir spéider extra Rechter, e Wopen an den Titel Pfalzgraf am Lateran. Säi Brudder Thomas war Entrepreneur beim Ausbau vun der Festung Lëtzebuerg. Vun him gouf 1951 e Plang vun der Festung an dem Stadkäer (vu 1561) am Archiv vum Escorial-Klouschter fonnt a kuerz drop publizéiert an „D’Hémecht“.

Ëm 250 viru Chr. haten d'Trevirer sech zu Mamer fixéiert; Thermen vun engem réimesche Vicus, d.h. hir Grondrësser, si säit 1972 do ze gesinn. E Bléck an d’Lokalgeschicht ernimmt 960 eng Kierch an der Edeldamm Liutgard hir Schenkung vun der Villa Mambra un d'Tréierer Abtei St. Maximäin. Der Duechter vum Wigerich an der Kunigunde a Schwester vum Grof Siegfried hire generéise Geste war geduet fir hiren Elteren an hiert Séilenheel. Der Villa Mambra hiert Käerstéck louch nieft där als ‘Mamer Schlass’ bekannter respektabler Propriétéit. D’Por stoung als ‘Manbra’ am Joer 983 op der 20. Plaz hanner Leideleng (‘Ludelinga’) a Bartreng (‘Bertinga’) am pépstlechen Dokument vun den Urporen. Gewosst ass och, dass do wou haut d'Kierch steet eng éischt chrëschtlech Kultplaz war - an dass de Ritter Philipp vu Mamer 1214 present war bei der Ermesinde hirer Hochzäit mam Herzog Walram dem IV.vu Limburg. (D‘Margaret vu Mamer, d‘Fra vum Philipp, koum iwwregens ‘aus dem Geschlecht der Edlen von Hollenfels‘.)

1541 sinn hei 60 „Feierstätten“ ernimmt an d‘baufälleg Kierch, déi e Christophe Hoecklin nei opriichte sollt. Eng Notiz aus dem 17. Joerhonnert dréit ëm de Besuch vun de Bridder Alexander a Christoph von Wiltheim beim Schlasshär vu Mamer. Si beriichten, dass an der Sammlung vum Mansfeld en urale Grafsteen vu Mamer war - vun deem spéider e Fragment an de Nationalmusée koum. 1720 war e Kiercheneibau aus den ale Steng. Dësem seng Vergréisserung koum wéinst der franséischer Revolutioun dann 1844, an d‘zwee Tierm nieft dem Portal goungen a Richtung vum deemols beléifte Klassizismus. Weider Changementer ware 1932 fäerdeg, an d’monumentaalt Quierschëff gouf vum Beschof Nommesch konsekréiert. Nom 2.Weltkrich geschouchen dann Aarbechten ouni spezielle Konzept. Aus den 1990ger bleift d’Opwäertung vum Petrus a Nikolaus Greef sengem eleganten ëm 260 järege Barockmobilier ervirzehiewen. D'blousst Holz hat de Skulpturen hir Wierkung geholl. Un Hand vun erëmfonnte Fragmenter konnt eng wonnerbar Restauratioun ufänken an hir esthetesch Wäerter hu positiv Presse-Echoë fonnt: gräife mer d'Sebastianusstatu, den Eligius, d‘Maria am Antependium mat siwe Schwerter eraus an de Priedegtstull vu 1733 mat den Evangelisten, dem gudden Hiert, an en Adler, dee sech beim Klauen vun den Drauwe verfaangen hat. D'Beichtstill vun 1738 mam Kinnek David an dem verluerene Sohn, déi dekorativ "Flüstergitteren" an d'Holztäfelung am Chouer wierken eenheetlech. Vru kuerzem goufen och d'Fassad erneiert an d'technesch Installatiounen ersaat. Bauhäer war d'Kierchefabréck mat finanzieller Ënnerstëtzung vun der Gemeng. (Extraiten aus de ‘Kierchtuermscauserien‘- 03.2004)

Mamer ass terribel gewuess. Et war ufanks e klengt „Haufendorf“ deem seng eenzel fréimëttelalterlech Hief zesummegewuess sinn. Seng Virgeschicht an d’ganz Duerfentwécklung, d‘immens archeologesch Decouverten a beispillsweis d’Flouernimm sinn excellent dokumentéiert om Internetsite „Geschicht vun der Gemeng Mamer” (www.mambra.lu.). Visite guidéen invitéieren regelméisseg eraus an d’Natur, mol op de Site vum gallo-réimesche Vicus Mamer/Bartreng um Tossebierg - mol op Highlighter wéi d ‘Opbrieche vum Kuelemeiler am Juckelsbësch.

P.S. Säit Mäerz 2002 residéiert d’Mamer Gemeng am "Mamer Schlass", engem Komplex aus véier Gebaier an engem klenge Park. Seng Origine reechen an d’Zäiten, déi als ‘Buch mat siwe Sigele‘ gëllen.. an an deenen d’afflossräich Abtei St. Maximäin hei iwwer 800 Joer laang Gidder hat. 1798 huet den Thierry de Bastogne den Domaine gesteet, den Distriktskommissär Frédéric François gouf ëm 1830 seng haiteg Form, hat e Weier am «Brill» amenagéiert an eng Mauer rondrem gebaut. Säin Urenkel, den Deputéierten Georges Ulveling, koum spéider dra wunnen. 1934 gouf d’Koppel Jacques Fischer-Julie Kremer Besetzer vum 172 ar grousse Schlassberéng.. an Mëtt de 1990ger d’Gemeng. D’Schlassrestauratioun goung vum Hierscht 1999 bis Februar 2002. De Mamer Lycée technique Josy Barthel hat 2003 seng Dieren opgemat. An de Kinnecksbond? Sou heescht de neie multifunktionale Kulturzentrum aus Beton, Stool, Glas a Plexiglas, deen un e Flouernumm erënnert an ‘alliance des rois’ bedeit. Un d’bekannt Lokalsportler Nicolas Frantz a Josy Barthel erënnere Skulpturen. Natierlech krut och den Nicolas Mameranus säi Monument. Hien hat iwwregens senger laténgesch Wierker am Verlag vu sengem Brudder Henri zu Köln publizéiert. Zur Märeler rue Nicolas Mameranus verréit d’Rubrik Stroossenimm vun ‘Ons Stad’, dass deen Humanist de Keeser Karel V. op eege Käschten begleed hat beim Siège vun Alger.. an dass d’verlängert Stadter Paschtoueschgaass fréier ’Mamergaass’ housch.