Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Kräizgrënnchen

De Réckbléck op d‘urbanistesch Entwécklung vun der Stad baséiert op dréche Pabeieren mä liest sech wéi eng lieweg Geschicht. Wéi dee fir „tout ce qui est d’intérêt communal“ zoustännege Gemengerot 1873 d‘éischt Bauuerdnung ofgeseent huet war d’Stadentwécklung lançéiert. Nom Schleefe vun der Festung konnt si no alle Säiten hi wuessen. (F. Théato) Duerch d’Fusioun mat Nopeschgemengen ass se opgebléit a koum 1920 vun 335 op 5100 ha Terrain! Neimärel, (d’haitegt Belair) koum lues a lues méi no un de Stadkär erun. De Kräizgrënnche war deemols nach eng Grengszon.. Vum 13. Jh. un bestoung op der noer Héicht just den Häresetz Daubenfeld als externen Observatiounsposten! (E gëtt och vum Här Lascombes erwähnt als Alt- an Neudaubenfeld.) Nieft him stoung säit 1673 laang d‘Héichgeriichtszeeche vun der Stad, de Gaalgen. (Deen op Arlingten (beim spéidere Waassertuerm), dee vun der Grofschaft, gouf iergendemol baufälleg.) Um Wee op d‘Gaalgefeld koum 1566 op Initiative vum Colonel von Munchhausen senger Madamm (enger gebuerener von Mombeeck) e Kräiz stoen fir den zum Strang verurtelten fromm Gedanken z’inspiréieren.

De Numm Val Ste Croix illustréiren eng Rei Hiwäiser. Wéi et déi 1722 aus militäresche Grënn ugelueten Arelerstrooss nach net gouf, goung e Wee dohin duerch de Kräizgrënnchen. (E goung virun 1685 duerch d‘Judepuert, an duerno an Direktioun Neipuert.) Kuerz no 1604 hat de Jean de Castil vu Philippeville (fréieren Déngschtmann vum Grof Mansfeld) eng Klaus an eng Kapell bei d’Kräiz gebaut... De Chronogramm an hirer Dir ‘aVe VIr DoLo-rVM’ war d’Baujoer. Si ass ë. a. 1729 ernimmt am Rapport mat enger Brudderschaft,1755 beim Protest vun der Stad iwwer d’erhuewen Taxe vum Ënnerprobst...  an dräi Joer drop, wéi e Wéckelkënnchen do fonnt gi war, mam Ziedel ‘net gedeeft‘, (wahrscheinlech en Zaldotekand.) Dokumentéiert si kuerz drop nei Statuen, e Kruzifix, Rechnunge fir en Altor vum B. Namur, (1770), an d‘Verschwanne vum Afferstack! Gläich drop goufen d’Stëftung vu Massen an och d‘Franziskaner gelueft an hirer Recetten uginn. Si haten z.B. e Feld mat Happ nieft engem Haus mat Gaard, Stall a Scheier verlount. Mä 1792 goufen Gäerd am Virfeld vun der Festung zerstéiert, an Enn Dezember 1794 d‘Kapell op Uerder vum Generol v. Bender aus stategesche Grënn ‘raséiert‘! Hir Wäertsaache goufen als Nationalgutt verkaaft. (Vun hir existéiert nach e Kofferstech aus dem 18. Jh..) Eng 1824 onautoriséiert gebauten zweet Kapell blouf net laang stoen; 't housch se wär als Wunneng ongeeegent! Déi 1833 privat opgestallte croix commemorative erënnert säit 1984 hei am Verdeelerkrees un d’fréier Kapell.

Fir d’am spéide 19. Jh. gegrënnte ‘ Schéiss‘ um Erzefeld hat de Grand-Duc Adolphe 10.000fr gespend. (Schéissaktivitéite gouf et bis 1948.) E leschte Schéissconcours war do 1913 - an 10 Joer drop haten di zwee éischt Tennisfelder Archivnotizen no 52 Abonnenten. Haut ass d’Wunngebitt nieft schéinen ale Beem a 14 Tennisfelder (dovun 5 gedeckter) eng Oase vu Rou. Beim Ëmbau vum Tennisclubhaus zum Kulturzentrum gouf am Hierscht 2008 d’Gebai entkäert an ënnerkellert. Seng schlicht Eleganz encadréiert zwee Festsäll. D’Mauer, un där emol der "Société du tir à l'arquebuse“ hir Schéissscheiwen houngen, ass deels am Restaurant visibel. D’Confrérie vun den arquebusiers volontaires huet eng ‘histoire qui ne date pas d'hier’; s’entstoung ewell 1402 a gëllt als eelst 'société de loisirs' vum Grand-Duché.

Um Fouss vu Belair hat 1921 eng Baugenossenschaft 17 Aarbechterwunnengen opgeriicht. Nom zweete Weltkrich goufe beim Bauboom de Kräizgrënnchen an d’nei Stroossen nobäi staark verbaut. An d’rue A. Kayser koum eng Primärschoul. Mam Sëtz vun der Montanunioun (1952) koumen a kuerzer Zäit 4000 Leit an d’Stad. 1949 hat iwwregens d‘Gemeng hei eng Rei Haiser gebaut fir hirer Aarbechter. An do hat de Bäcker eng ‘deux-chevaux‘ als Liwwerweenchen, de Gäertner e Päerd an e Geméissstand um Maart, ‘t gouf eng Epicerie an e Metzler, Weltesch haten e klenge Filmapparat, an hanner Büchlesch war eng Baach! De bekannte Radiosdokter Emile Duhr an de Representant vu Schokela J. hunn, Kandheetserënnrungen aus de 1950ger no, do gewunnt.. (‘Ons Stad‘, F. Huberty.) Wéi d‘Allée Léopold Goebel entstoung gouf um Velodrom gespillt.. D’no Villa Anzia ass haut verschwonnen. Am Entourage sinn de Square de New York, eng Apdikt an eng Sportinfrastruktur mat Piscine a Parkanlag an der Rue d’Ostende. Um 13ha Areal ënnert der Avenue Gaston Diderich, tëscht der Gäertnerei an der Aubépinestrooss, schaaft e Projet vu ‘stadinterner Verdichtung‘ Raum fir 405 Wunnengen, 8 Gebaier mat gemëschter an 3 mat ëffentlech-privater Utilitéit. Neierdengs laut vum Belairer Kierchtuerm erof en harmonesche “Klackekannerchouer“ aus den zu Maria-Laach ageschmolten 'ale‘ Klacken.

P.S. Der Zäitschrëft “Lëtzebuerger Duerf“ hir Rubrik “Tagebuch eines Landpfarrers“ (Nic. Theis) erzielt eng Geschicht ëm d’Arrivée vum Tour de Belgique um Belairer Velodrom vun ugangs den 1920ger. De berühmten Nicolas Frantz hat deen Dag en Éisleker Jong ofgehalen an d’Oktav ze goen. Hie gesouch net nëmmen d’Virrennen, iwwerdeems de Peloton zu Dikrech an am Rollengergronn mam Frantz un der Spëtz gemeld gouf. En huet di ganz Begeeschterung vum Publikum gedeelt an héiren, dass dräi Tier op der Betonpiste 1 km waren. (De Velodrom war wuel zäitweileg zou, hat 1943 awer eng Besucherzuel vun 10.000… an 1947 koum eng Tour de France-Etappe hei un. Eng Archiv-Photo weist en tselwécht Joer als Pendant vum Stadion..) E bestoung gutt 30 Joer, bis d’rue J.B. Esch gebaut gouf. (L. Gillen, ‘Ons Stad‘.) - Last not least war net wäit ewäch, an enger Parzell vum Gäertner Jean Scheid-Gantenbein e spéitgotesche Christuskapp aus Holz fonnt ginn (1838), e leschten Hiwäis op d’Kapell. (Hirt aalt Kruzifix huet haut d‘Hollerecher Kierch.) An der Entrée vum paisible Quartier residentiel ass d’Weekräiz, un sengem Enn stoung emol eng Hengerfarm... a läit de Märeler Kierfech. An dertëscht wiisst de Katalog vun de Stroossennimm..