Lëtzebuerg - Park a Kapell Ste-Elisabeth
Beim Ofdroe vun der Festung Lëtzebuerg goufe ronn 450.000 Kubikmeter Buedem a Gestengs deplaçéiert. Wéi dann ëm 70 ha Terrain fräi ware koum d’Décisioun si deels als ëffentleche Park ze notzen. Dem franséische Paysagiste Edouard André säi Projet am ‘englesche Stil’ konnt réaliséiert ginn. Vun him ass de Saz “Fir d’Konscht vun de Gäerd komplett z’ëmfaassen, muss een ’à la fois peintre, poète, architecte et jardinier’ sinn“! D’Aarbechten op der Plaz vun den ale Rempart’en hu vun 1871 bis 1878 gedauert. Gläichzäiteg goufen och de Boulevard Joseph II an de Boulevard de la Foire ugeluet, wou ewell eng al Landstrooss virum Glacis bestoung. An un der Kräizung vun der Arsenalstrooss an der neier représentativer Réngstrooss entstoung op Nummer 24 d’Haus vun de Sœurs Ste-Elisabeth. Hunn am leschte Jorhonnert am Stadpark dem René Kartheiser no “ nuets d’Beem gerascht an d’Wollecke mam Mound gepotert”, esou hu sécher dacks Kranker an der Klinik beim Park gedreemt se wäre nees gesond.
Fir dem neie 15 ha grousse Park säin Entretien war engem Arrêté vun 1875 no d’Stad zoustänneg. Rondrem hie gouf Grousses réaliséiert, ee Projet war d’Glaciskapell, an en aanren d’Haus vun den Elisabetherinnen an hir Klinik, mat Vue op d’gréng Long vun der Stad. D’éischt Schwestere vun hirem Uerden hat nom Desaster vum 30-järege Krich d’charitabel Damm Maria Zorn 1671 an eist Land geruff. Ufangs Oktober 1672 hunn d’kierchlech Autoritéiten si als autonom Congregatioun unerkannt. Als ‘Sœurs Hospitalières de Sainte-Elisabeth à Luxembourg’ konnte si dunn am Stadtgronn Kranker soignéieren am Spidol St. Jean (dat op Initiative vu Jang dem Blanne senger Mamm entstane war.) Kranker kruten och eng gutt Fleg an der Klinik beim Park, déi 1902 ewell 50 Better hat. D’Aktivitéite vun den “Elisabetherinnen” hunn awer och ëmmer ëm socio-edukativ a karitativ Domäner gedréit, an d’Erwuessene-Formatioun louch hinnen um Häerz. Si woussten hir «aide globale d’âme et de corps, de cœur et de raison» un eenzel Besoinen z’adaptéiren. Hir 1889 entstanen Escher École Privée Marie-Consolatrice preparéiert hir Elèven als Lycée Technique op d'Employéescarrière, de Beruff als Infirmière oder Éducatrice. Hir aner Haiser sinn d’Foyers St.-Joseph a Ste-Elisabeth zu Beetebuerg, d’Maison de Soins "Haaptmann’s Schlass", de fréiere Blanneninstitut zu Berbuerg (mat enger moderner Seefeproduktioun) an d‘“Réimecher Heem“, an deem e Bakatelier fonktionnéiert. (Hiren Uerde war 1622 zu Oochen gegrënnt ginn - se koumen ufangs zu drëtt an d’Land, hunn hir Aktivitéiten der Zäit ugepasst a beschäftegen entretemps ëm 1500 Employéen!)
D’Kapell Ste-Elisabeth entstoung 1916 no Pläng vum Architekt Nicolas Petit nieft der Klinik an dem Mammenhaus um Boulevard Joseph II. Si ass ausgemoolt vum Nik. Brücher mat Biller a franziskanescher Spiritualitéit. Iwwer dem Houaltor ëmginn Engelen, déi musizéiren, d’Muttergottes, d’Elisabeth an de Franziskus (a senger Roll als Priedeger virun den Déieren.) D‘Molerei erënnert un d‘Dichterwuert “t’héiert een d’Villercher op de Beem sangen, wann een hirt Bild betruecht.” (Jean-Jacques Rousseau) Um Bou iwwer dëm Chouer encadréiren Engelen d‘Dräifaltegkeet. Beim Brücher ass jiddfer Engels-Kapp en Unikum a vun Kannerskizzen inspiréiert. D’Ronnboufënstre vum Otto Linnemann an der dekorativer Fassad illustréiren Zeenen aus der Elisabeth hirem Liewen. D’Kapell huet eng Elektronesch Uergel, Plaz fir ronn 100 Leit an hat laang den Här Kemmer als Aumonier. Hir Statue stellen nieft hirer Patréinesch d’Tréischterin, d’Häerz Jesu, den hl. Jousef an de Frankiszus duer, deen emol gemengt hat “Frau Armut” wier seng Braut! D’Kapell huet en integréierten “Daachreider” mat Halleffkuppel, en Tiermchen, wéi se heefeg op Kapelle vu sozialen Uerden sinn. – D‘Schwesteren, déi an der Maison-mère liewen, schaffen deels am Benevolat. Iwwer d‘Strukture vun hire Wierker fënnt een en excellenten Abléck um Internet. De Brücher-Saz “Nëmmen dat ass e Konschtwierk, an deem sech d’ganz Léift vum Kënschtler aussprécht” léisst sech hei ëmschreiwen... “Nëmmen dat ass e karitativt Wierk, dat d’ganz Sensibilitéit vum Engagéierten ausdréckt.”
Konschtwierker aus aneren Epochen hunn an der noer Villa Vauban en neit Doheem fonnt. Mat hirem Bau am Stadpark hat den Händschefabrikant Mayer sech een Dram erfëllt. No him krut si verschidde Besëtzer a Funktiounen. Se gouf nom zweete Weltkrich Proprietéit vun der Stad a sollt schlussendlech d'stättesch Billersammlung ophuelen (haaptsächlech Tableauen aus der Collectioun vum J.P. Pescatore.) 2010 koum dann no hirer Erweiderung duerch e modernen Ubau d’Réouverture als "Musée d'art de la Ville de Luxembourg – Villa Vauban“.
P:S. An d‘Plaz vun der Klinik koum entretemps e modernt Senioren-Haus, den CIPA "Ste-Elisabeth am Park". D‘Bewunner fannen a senge Maueren en Tante-Emma-Buttek, e Coiffeur an eng Cafeteria. D‘Elisabeth-Grupp betreit an hiren Arichtungen uechter d‘Land ronn 3.700 Mënschen. ’t gëtt an hinne gekuckt, dass al Gewunnechten bäibehalen an sozial Kontakter gefleegt ginn. Nei Liewensphase bidden meeschtens agréabel Changementer. Ofschléissend, am Vergläich, eng Konklusioun: Wéi Lëtzebuerg 1883 nom Schläife vun der Festung eng ville ouverte war - gesouchen hir Responsabel an der Verännerungen eng Chance! D‘Stad krut geschwënn eng grouss Schoul op d‘Aldringen Plaz, Trottoire wéi zu Léck, eng Badeanstalt, en Theater an d‘aalt Kapuzinerklouschter an eng Crèche op de Plateau Aalmënster. Säithier verstoppe keng Stadmauere méi d’Vue op den Entourage, d’Däller rondrëm an den Horizont. An de ronn 20 Ha grousse Park mat 1400 Beem (a 40.000 Ouschterblummen-, Krokussen- an Tulpenzwibbele pro Saison) huet 7,7 km Weeër unzebidden.