Lëtzebuerg - Millebaach
An der Millebaach ass haut keng Mille méi a keng Baach... mä dat war fréier anescht. Do hu Waasserrieder vu ronn 11 Mille gedréit - wat de Numm vun der Plaz erkläert. Dem Dall säi gudde Buedem hat dann och Gäertner ugezunn. ’t waren hei virum zweete Weltkrich 23 Fiakusbridder – an 2006 nach een! Hei hu staark Quelle vun de Siwweburen an de Siwemuergen, de “Sept Arpents”, d’Waasserrieder mat onheemlecher Kraaft gedriwwen. Wéi 1766 d’Fayencerie am Rollengergronn autoriséiert gouf, war d’Millebaach schonn en Industriezentrum. An nieft hire Wäschbure waren hei ideal Wise fir Wäsch ze bleechen. Den Zuch op Iechternach - de “Charly” - koum nodeem déi nei Bréck stoung. Mä wann dee Monster véiermol am Dag Gestank, Stëps a Kaméidi hei gemat huet (vu 1904-1954) waren d’Leit net onbedéngt frou! E wichtege Betrib hei ass säit de 1940ger d’Waasserwierk vun der Stad.
Bis op e puer Ausnahme läit bal de ganzen Wunn-Quartier Millebaach geographesch nërdlech vun der Stad; e war fréier e Flouernumm an duerno eng Sektioun vun der aler Gemeng Eech. Een Deel dovu koum 1849 bei déi nei Gemeng Rollengergronn. De Millebaachdall ass op der franséischer Staabskaart vu 1697 däitlech z’erkenne mat der spéiderer Metze-Strooss; de Wee duerch den Dall verbënd eréischt säit 1863 d’Faienceriehalen an de Reckendall bequem mat der Eecher Schmelz an der Place Dargent. D’Millebaacher Kierch läit um Bord vum 668 ha grousse Baambësch, engem fréiere ‚Bannbësch‘ - deem säi Notzungsrecht d’Ermesinde der Stad ginn hat. Op hirer Plaz war fréier e Weier, hiert Fondament rout dofir op 48 Bëtongssockelen. Net wäit ewäch d’stoung eng vun den zwou Tubaksmillen, déi e Plang vun 1772 noweist an déi gedriwwe gouf vun der Quell “Katzebur”. (Si an d’Baach fléissen haut gréisstendeels kanaliséiert ënner der Millebaacher Strooss.)
D‘Sallkierch entstoung no Pläng vum Architekt Robert Leer a gouf 1964 vum Beschof Lommel konsekréiert. D’Klackewei war schonn 1962, mä wéi se dee Sonndeg drop laude sollte, goung dat net... well d’Klackeseeler verschwonne waren! Eng vum Raum senge Particularitéiten ass de stiliséierte Kräizwee vum Foni Tissen, staark am Ausdrock mä dach zerbriechlech, well d’Faïencerie e realiséiert huet; eng aner ass de schéine Stee-Relief nieft der Entrée (mat Bezuch op de paradäiseschen an ierdesche Gaart) vum Josy Jungblut. D’modern net figurativ an deels horizontal Betonglas-Fënstere vum Gustav Zanter wierke wéi ’Liichtbänner‘ am Schëff an erënneren un d’véier Joreszäiten. Am Chouer hanner dem Altor hängt e fräischwiewend Kräiz (an eng Zäitche sollten indirekt beliichten Dekorstäng do e Mauerrëss cachéieren.) Den Altor ass e Gilsdrefer Steeblock, d’Uergel eng Westenfelder. D’Millebacher hate jorelaang Massen an der Primärschoul, di éischt am Februar 1955. Se kruten hir Kierch op Initiative vum Abbé Georges Heinen vu Weimeschkierch. D’Duerf war fréier mam Rollengergronn a Siwwebueren Deel vu senger Por an hat laang just e Stee iwwer d’Uelzécht. Vum gutt gewielte Kierchepatréiner St. Fiacre waacht eng Statu vum Déifferdénger Skulpteur Wagner als Patron iwwer Gäertner a ‘Potiers d'étain’, d.h. d’Dëppegéisser an d'Taxichauffeuren. Deen ireschen Eremit hat viru knapps 1400 Joer der Legend no e Bësch duerch Touchéiren mam Staf an e Blummegaart verzaubert.
Vläicht haten d’räich Gäert ronderëm d’Villa Unden der Molerin Lilli hir Léift zu Blummebiller animéiert? Si goung als Kand hei all Dag a Saint-Joseph de Roudebierg erop. De Jean Pierre Huberty, en aanre jonk verstuerwene Millebaacher Moler (1870-1899) a Matgrënner vum CAL, war Portraitist. Tëscht senge Reesen op Florenz, Madrid a Paräis hat en hei e Choix un intressante Modellkäpp… räicher a manner räicher. Ronderëm Weimeschkierch, Eech, Dummeldeng an d’Millebaach hu lokal Dëppegéisser abîméiert Geschir an engem Dag perfekt gefléckt. An hu s’ënner sech ‘jéinesch’ geschwat, war dat net liicht verständlech – bekannt rondrëm blouwen awer ënner aanren ‘Drot’ a ‘Kitten’ fir Geld an eng ‘Oltesch’ fir eng al Fra. (Haut ginn hei munch Friemsprooche geschwat, 1997 hat d’Stater Awunnerlescht 52,88 % Auslänner am Computer.) ’t hunn hei och vill Männer op der Eecher Schmelz geschafft. Hei gouf no 1845 dem August Metz säin éischten Héichuewen mat Holzkuele bedriwwen - an dat um Terrain vum Norbert Metz senger Millen an deels der Faïencerie. An de Numm ‘Pabeierbierg’? Hie weist op al Industrien hinn: Nodeem hei am Dall «d’Papeterie Ste-Marguerite» stoung kruten 1724 d’Jesuiten erlaabt eng Pabeierfabréck ze bauen. A 34 Joer drop sollt nobäi d’Pabeiermillen “Lentz” dat éischt Blat fabrizéiere well de Besoin u Pabeier grouss war.
P.S. D'Millebaach huet fréier zu de Gemengen Eech a Rollengergronn gehéiert a koum 1920 mat dësen an d’Stater Gemeng. Perséinlech Temoignage vum Gäertner Mich Neuser beschreift déi fréier „Géigend vun de Wuerzelschwäenz“ (F. Théato) mat villen Detailler op www.net-tv.lu: Si hunn zweemol d’Woch de Moart an d‘Epicerien beliwwert. Di Jonk hu fir doheem erauszekommen mol Velo trainéiert, mol Football gespillt. Gaarde-Maschinne koumen nom 1. Krich. Den 1932 gegrënnten FC Blue Boys Muhlenbach gouf 2009 ëmbenannt an CS Muhlenbach Lusitanos. Hire schéine Stadion läit verstoppt am Millebaacher Bësch. (Lusitano heescht eng portugiesesch mëttelgrouss Päerdsrass mat zouverlässegem Charakter.)