Lëtzebuerg - Lamperbierg
De Lamperbierg hat fréier 15 Gäertnereien, dräi grouss Rousenziichter an 6 Bauerebetriber. Fir dass d'Stad wuesse konnt koum 1894 en Alignementsplang vum Architekt Luja an 1901 eng Urbaniséierungsétude vum Kölner Josef Stübben. Säi Konzept um 240 ha groussen Areal krut keng rechtlech Basis, mä 't gouf sech un him orientéiert. De Seminär koum nom Ausbau vun der Kathedral heihinn an d'entretemps vergéissert "amerikanescht Klouschter". (Dëst hat den Architekt Koenig 1903 um Gelänn vum Marienhaff gebaut fir Franziskanerinnen, déi aus Amerika zréckkomm sinn). D’Seminariste goungen 1972 op de Weimeschhaff, an d‘fréier Seminärskapell déngt haut als Unibibliothéik..D'2003 creeéiert ‘Cours Universitaires’ goufen am Hierscht 2012 vun 6.200 Stodenten aus 100 Länner besicht. Op den héchste Punkt vun der Stad koum 1887 e Waasserreservoir. De Waassertuerm ass do säit 1904, an ass mat 365m sou héich wi d'Kathedralstierm. An ale Stadrechnunge vun 1388 steet eng Plaz Lymperchtouren, déi spéider Bastioun Berlaymont; 1463 fanne mer eng ‘Lympergasse’, a no 1630 e Limpertsberg – de Begrëff Mont St.Lambert soll dem Volleksmond entspronge sinn...
Am Verglach mat anere Stater Quartieren ass de Lamper(ts)bierg relativ jonk, en hat 1885 just 540 Awunner. De Grondstee vu senger Kierch gouf offiziell 1911 geluet an d’Jousefspor 1912 gegrënnt. Hire Projet an dee vum Härenhaus staamt vum Architekt Nicolas Petit, hiren Entrepreneur war den Achille Giorgetti. Op d’Fro ”wou soll se hinn, déi nei Kierch” ass de Choix op eng ëffentlech Plaz gefall nieft d'Primärschoul an de Lycée de garçons. Hire neoromanesche Stil hu romanesch Kierchen aus dem Rhäindall an der Bourgogne inspiréiert (..grad wéi d’Clierfer Kierch). De wuelproportionnéierte Bau gouf den 30.4.1913 ageweit mat deels provisoresche Miwwel. D’Beichtstill an d’Fënsteren am Chouer si nach Original. Kee weess wéi al d’haut polychroméiert Statu vun der Immaculata ass. Se gëtt op d’17. Jorhonnert geschat a soll vun de Jesuite stamen - mä war en Don vun der Famill de la Fontaine. D'Famill vum Dicks war Propriétär vum Lamperbierger ‘château Bellevue’, dem ëm 1830 gebaute Belvédère, an deem de Gaspard-Théodore Ignace de la Fontaine als President vun der Chambre des comptes am Juni 1841 de Wëllem II. empfaangen hat. Hei hunn de Kinneck an de spéideren Interimsgouverneur vum Grand-Duché den’ Ordre de la couronne de chêne’ gegrënnt an d’superbe Vue an den Uelzechtdall genoss. Vun 1860 ass en anert nobelt Haus aus dem Quartier, d’Villa Neumann; si steet op Rollengergrënneschem Terrain. Entre parenthèses gesot gëllt dat och fir de Centre Universitaire om fréiere "Marienhaff" oder Internat St. Josef. Aner säitlech Terrainen hate bis zur grousser Gemengefusioun vun 1920 zur aler Gemeng Eech gezielt. D'autoriséiert Bau-Distanz virun de Festungsmauere weisen d’Plaz vun der éischter Glaciskapell an de 1691 am Véiereck ugelueten, ëmmauerte Stater Kierfech ‘Notre Dame’. Dësen alen Deel heescht niewebäi Nikloskierfech a gouf 1779 verlängert duerch e Gaard vun a bei der Glaciskapell!
De Lampertsbierger Plateau hu virun 1875 d‘Geeschtlech vu Siweburen a Weimeschkierch betreit an duerno déi aus der Kathedral. Ëm d’Joerhonnertwenn hat en 2162 Awunner an huet immens evoluéiert. En hat déi monumentalst Stater Kierch an tëscht 1976-‘77 koum de Besoin dës ze restauréieren. Nei si säithier d‘Tabernakel Stèle aus Savonnières-Kalleksteen, déi de Liewensbam symboliséiert an d’Liespult vum Tréierer Willy Hahn. Pendant zur Maria ass dem Albert Hames seng Skulptur vum hl. Jousef, dem Kierchepatréiner. D‘nei Fënstere vum André Haagen ‘filteren am zentralen a laterale Schëff d'Luucht a setzen déi baulech Valeuren an Evidenz’. (M. Schmitt). Wäertvoll sinn och d’massiv neoromanesch eeche Chouerstill; si ware bis 1944 zu Iechternach a si vun 1963 un en Acquis vun der Por. Fir d’Aweiung haten Internen aus dem Klouschter Sacré-Coeur, dem haitege ‘Kannerland’ gesongen. D’Chorale Ste Cécile vu1913 hat no 90 Joer 32 aktiv Memberen a gouf ënner dem Dr. Hubert Meyers deels vun engem Sträicherensembel begleet.
Gutt floréiert hunn 1912 net wäit vum Chantier vun der Kierch d’’Roseraies du Limpertsberg’. 1855 haten d’Gäertner Soupert a Notting hei Pépinièren a Rousefelder. Si hunn duerno zu drëtt iwwer 260 Rousevariétéiten geziicht, kruten international Auszeechnungen an den Opdrag eng Schoul fir Ziichter opzemachen. Se hunn anerer an hir Konscht ageweit, an d’Nimm Ketten, Gemen a Bourg goufe berühmt. Dank der Rousekultur war Lëtzebuerg an der Belle Epoque e “pays des roses“, an krut 1901 eng ‘Rue des Roses’ op de Stroosseplang. Haut rifft de Circuit des roses d’villfälteg deels verkannten “trésors d’un quartier rythmé jadis par les roseraies’ an Erënnerung.. Sicht een hei Rou, am Park Neumann verstoppt d’Natur sech hanner dausend Nimm!
P.S. Dem Lamperbierg säin héchste Punkt ass de Square Edouard André mat 335 m. Fir de Millénaire krut d’Stad e neien Théater op de Rond-point Schuman. D‘1964 inauguréiert Gebäi (vum Alain Bourbonnais) offréiert 940 Plazen am grousse Sall a maximum 400 am modulable Studio. An den "Alen Trammsschapp" koumen e Kulturzentrum, e Foyer scolaire a Raim fir Sport an d‘Veräiner. Diskret sinn de Mémorial vum ‘Klöppelkrich’ an d’Monument vum ‚Prisonnier politique‘ vum Wercolier beim Hinzerter Kräiz. D’Plaque commémorative fir de Jang de Blannen an der Adamesstrooss haten ‘forains reconnaissants” gestëft... (Ganz wichteg war der Fouer hiren Zäitraum: 1340 op ‘Barthelméiss’ fixéiert bedeit nom Koarschnatz an zwëschen de Joermäert vu Metz an Tréier! - Intressant si Geschichten ëm Stroossenimm: d‘rue de l‘‘Ordre de la couronne de chêne‘ war 1963 no enger Petitioun ëmgedeeft ginn no där aler Eech, no där de Wëllem II. den neigeschafenen Nationaluerde genannt hat! (a. ‚Ons Stad’)