Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Hollerech

Wou d‘Wéi vum wäitverspreeten Uert Hollerech stoung, verréit eent vu senge Stroosseschelter: un der Péitrus (der ‘haute Petrusse‘.) Am Joer 983, zur Zäit vum Siegfried, waren Hollerech a Weimeschkierch als Por dokumentéiert. Hir Grenzen hu sech beim Kastell um Bock getraff. Op hirem Gebitt stoung den ale Stadkär. D’Virleeferin vun der Mechelskierch war bis 987 Filial vun Hollerech. De Waasserlaf vun der 'Pettres' haten d’Gräfin Ermesinde an den Henri V. dem gräfleche Kaploun an Hollerecher Geeschtlechen Heinrich 1246 geschenkt. Seng do aus eegne Mëttele gebaute Millen hat 1252 d’Abtei Mariendall geierft. (Lascombes) Am Buch „Liebes altes Hollerich“ kuckt den Norbert Etringer als Aalhollerecher 1990 nostalgesch duerch de Brëll vun der vergaangener Zäit. Eng reckbleckend Remarque zur lokaler Chronik resuméiert d‘fréier Situatioun als ‘schutzloses‘ Dorf‘ virun de Festungspuerten. Brauch haut en Zéissenger Grondbesëtzer en Eegentumscertificat, gëtt am Kadasterregester vun der „aler“ Gemeng Hollerech nogefuerscht.

D' "Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs'‘ vum J. Meyers ernimmen 1128 Hilderkinga, 1257 Holderkenges an als Variante Holdrich (1384). D’Rittergeriicht hat dann 1470 “Holrich by Luccemburg“ Lehen vum deemolgen Herzog genannt. Enn August 1542 hu 600 Reider a Foussvollek vum Charles d‘Orleans sech zu Bartreng, Märel, Zéisseng, Hollerech a Bouneweg aquartéiert, wat net just fir Aussebierger vun der Stad iergerlech war. D’Legend ëm d‘Siweschléiferhaus (vu 1568) hat den Nikolaus Welter a Gedichtform gekleed. Lokalgeschichtlech Fakte sinn, dass 1606 de Kierchechouer an d‘Schëff vun der aler Kierch bei engem Wirbelstuerm a sech zesummegefall sinn - an am Mee 1617 d’Leit net mam Päerd duerch d‘iwwerschwemmte Péitrus koumen... 1671 hat en imposante Projet, e sougenannte ‘Schreifdëschplang‘ (laut Lascombes) eng 150 Fouss héich Bréck iwwer d‘Péitrus als Verlängerung vun der Philippsgaass proposéiert (a Schleise fir 1/3 vum Dall z’iwwerschwemmen). Dem Generol de Louvignies seng Visioun, dëse ‘plus bel ouvrage de l’Europe’ sollt deen da gläichzäiteg befestegte Plateau Bourbon schützen! 1684 koum dann eng kleng Bréck iwwer d‘Péitrus.. an den 30.4. gouf d‘Hollerecher Kierch ënner Beschoss geholl. En aanren Detail: ‘t goufe Fielsen aus dem Péitrusdall geholl fir de Festungsbau a spéider fir d‘Säitefundamenter vun der Adolphsbréck. (N. Etringer) Am Joer 1800 waren do elauter Aackerer, 60 Joer drop nach 6 an 1904 nëmme méi 7,2 % Baueren. Wise, Felder a Rouseplantatioune si verschwonnen. An d’Plaz koumen Industrien. D‘Klackegéisserei Perrin aus der Kierchegässel hat beispillsweis 1839 nei Klacke gegoss fir Sprénkeng.

Ons Stad Nr.14 ernimmt eng Uelegmillen, eng Seefesiederei, de Salzhaff an d‘Stater Gare, déi 1867, wéi mir neutral goufen, op senges Terrain koum. (Hollerech-Bouneweg hat souguer 1914 de Stadtitel an e Wopen‚ 't war dee Moment eis 13. Stad an eis drëttgréisst Gemeng vum Land (hanner Lëtzebuerg an Esch.) D‘haiteg Kierch mat Entree am Tuerm (vun 1872) hat de Charles Arendt entworf. Hir 10 Sailen an d‘Fënstre vum Jean-Pierre Koppes vun ëm 1905 impressionéieren. Hir Molereie vum Brücher bloufen net erhalen.. Intressant Betriber waren ë.a. d‘Brauerei Buchholz, d' S.A. des Haux Fourneaux de Hollerich‘ oder Servais-Schmelz, d‘Kesselfabrik P. Wurth, d‘Champagnerfabrik Mercier an d‘Tubakmanufaktur H.v..L. (Ass dohir de Spottnumm Tubaksdäpp?) D’Awunnerzuel war ewell virun 1890 iwwer 100 % gewuess an ‘t goufe laang neng lokal Wäschburen. Ëm d’Jorhonnertwenn war um Schlakeweier Eisschonglafen attraktiv. - D’no Haaptstad konnt sech als offe Stad entfalen, hat allerdengs 1919 just eppes iwwer 350 Ha. Fusiouns-Avantage mat de Nopeschgemengen (d.h. mat al Eech, Hamm, Hollerech an dem Rollengergronn) goufen analyséiert – se hate mat am ganzen 4572 Ha e phänomenalen Opschwong en Vue! Ouni d‘Zesummeleeung vun 1920 wär d’Hollerecher (mat Bouneweg, Gaasperech, Zéisseng, Märel an der Kockelscheier) a punkto Awunner d‘stäerkst Gemeng vum Land gewiescht! De berühmte Léiwekeller aus den 1850ger war ufangs eng Brauerei, mä krut fir d‘Oktoberkiermes 1905 e Festsall an de fréieren Eiskeller.. an seng „Fräi-Concerten“ hunn d’Leit ugezunn. (E gouf 1973 ofgerappt, wéins der Autobunn.) De Wäschbur virdrun ass 1932 verschwonnen. Op d‘Steekaul vum bloe Kalleksteen koum 1933 e Footballsterrain.

An de 1920ger krute vill Stroossen nei Nimm (z.B. rue Baudouin, Wilson, des Girondins etc., mä d’Glesenerstrooss nët.) Zäitweileg hat eng Strooss zweeërlee Gaslantere, well eng Säit Stater- an eng Hollerecher Terrain war. De Boulevard de la Petrusse housch fréier iwwregens Hollericher Ring. Den neie Quartier krut e Kierfech, Spillplatzen, e Kulturzentrum a beispillsweis eng nei Schoul a spéider e Busdepot; d‘Gaswierk war erneiert ginn. Déi diskret Hollerecher Gare gesouch am Hierscht 1942 éischt Deportéierter an ostdäitsch Gebidder verschwannen… si steet haut als Denkmal fir d’düster Vergaangenheet. Mëtt de 1950ger sollt en neit sozialt Bewosstsinn wuessen… Mä d’bloufen Differenzen tëscht Al- an Nei-Hollerech. Dat éischt hat méi Aarbechter a méi Gesellegkeet, ‘t krut eng Apdikt, d‘Place Pierre et Paul an zwou Banquen, dat zweet hat méi Beamten. (Jo Muttergé) D’Suite: Hollerech gouf 1973 eng Zort ‘Exerzéierfeld vun Autobunnbauer‘! Den historeschen Zentrum war fir si onwichteg a sollt verschwannen. E konnt sech kaum regeneréieren – mä Denkustéiss ginn! (F. Theato) Di al Hollerecher konnte sech nëmme méi frëndlech vu wäitem wénken! (Fernand Hoffmann) Di Jonk ginn haut hei a Pressessiounen an den neie Lycée. An d‘iwwerdeckte Péitrus? Déi belieft am Fréijoer e Mier vun Ouschterblummen.

P.S. D‘Mammekierch Hollerech a Märel goufen 1797 getrennt. 1819 sinn do e Geeschtlechen an 2 Vikaren ernimmt an d‘Trennung vum Rollengergronn ugangs den 1840ger. Nach e puer Trouvaillen: An de 1660ger goung emol muerges fréih a Friddenszäiten en ‘Hollerecher Pfarrer mam Kierchemomper‘ an d’Péitrus op Huesejuegd… Hir zwee Schëss hunn Alarm bei de Stad-Wiechter ausgeléist! Um Hollerecher Kierfech erënneren neng Griewer un neng identifizéiert ‘airmen of the Second World War’. De Reim vum Fernand Hoffmann ‘Beim Gedanken an Hollerich in der Nacht - bin ich um den Schlaf gebracht’ klengt relativ aktuell! Et existéiert méi wie ee Projet fir d‘Wunnqualitéit hei, zu Märel an Zéisseng opzebesseren. (Duerch d‘Escher Autobunn sollte jo vill Awunner sech als Stéifkanner vun der Haaptstad fillen.) Et wäerd deemnächst eng nei Gare kréien, huet eng Zuchbréck, ënner där Autoen erduerchfueren an um P&R «BOUILLON» fënnt een Autoplakke vu villen Nationalitéiten. Am lëtzebuerger Dictionnaire steet hanner Hollerech d’Verb holleren, wat ‘dumpf rollen‘ bedeit a verschidden Interpretatiounen erlaabt.