Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Hamm

Hamm hat 1848 eng Awunnerzuel vu 266 - an 2001 dann 1201. ‘t läit a Fluchlinn 3,1 km vum Findel op engem Plateau ëstlech vun der Stad. Den Hammerdällchen an den Uelzechtdall man seng natierlech Grenz. Den Hammer Bësch a Richtung Sandweiler ass mat 130 Hektar ee vun de gréissten um Gebitt vun der Stad... an den amerikanesche Kierfecht ass hei di gréisst Sehenswürdegkeet. Wat de Numm ‘Hamm’ bedeit? En hat ufangs wahrscheinlech eppes vun zwou Erklärungen: en ‘agemaachten Areal’ oder Plaz ‘an der Kéier vun engem Floss.’

Am 12. Joerhonnert gouf Hamm an engem Fräiheetsbréif vun der Gräfin Ermesinde ernimmt an am 14. säi Katherineklouschter. Laut enger aler Notiz hat de Balduin vun Tréier seng Klouschterkierch a Présence vu Jang dem Blannen ageweit. (F. Lascombes). Dokumenter ernimme 26 Dierfer, déi heihi gepilgert koume bei d’wonnertätegt Kräiz an der helleger Katherina eng Afferkäerz bruet hunn. Dës Helleg ass hei d’zweet Patréinesch, geweit ass d’Kierch dem Hellege Kräiz. De schwéiere Stull an der Kierch soll aus dem Chouergestill vum fréiere Klouschter stamen! D'Statioun virun der Kierch “Jesus fällt unter dem Kreuz“ erënnert un d’fréier Pressessiounen. D’Hammer Klouschter an Kapell hate laang zur Abtei Aalmënster gehéiert. Hiren Abt hat d'al Bittgäng op Tréier 1683 heihi verleeë gelooss... op den 3.de Freideg no den Ouschteren. Reschter vun ale Fresken si nach do, mä leider weess keen, wat mat deem spezielle Kräiz geschouch, dat de Bertholet ernimmt huet. An och Detailer vum ganz ale Christus-Korpus um Missiounskräiz vun 1889 si vergiess...

1867 gouf Hamm vun der Por Sandweiler getrennt an d’Gotteshaus noutdierfteg restauréiert. De Chouer ass dofir erhale bliwwen, d’Schëff ugebaut ginn an de gotesche Kierchtuerm koum no. An 1903 gouf de Neibau ageweit. Am Laf vun der Zäit, Mëtt de 1930ger, goufe Statiounen an eng Uergel ugeschaaft... vu 1966 sinn den schéinen Altor an den Tabernakel. Déi zwou Kräizgruppen si Reliefer vum fréieren Haaptaltor! D’herrlech Fënstere säitlech am Chouer sinn iwwer 100 Joer al (genee vu 1903), déi modern am Schëff vum Jean Thill entworf. 1972, nom Feier um Bauerenhaff nieft der Kierch, dat duerch e Blëtz ugoung, krut de Chouer d’Fënster mat der Kräizegungszeen vum Zanter. Weider falen d‘Pietà hannen an der Kierch op, d ‘Zeen vum Hl Dominikus an der Maria mam Rousekranz, d’Katherina an en hl Jousef. D’Auerwierk am Fong nieft der Kierchendier kënnt vu Wildang... an ass ënner aneren ee Kaddo vum kierzlech verstuerwenen Här Leyder. D’modernt Liespult ass eng rezent Uschafung. Säit 2007 sinn Hamm a Bouneweg ee Porverband.

D’1868 gegrënnte Chorale ass den eelste Veräin an der Por Hamm, eng Fiederzeechnumg weist si 25 Joer drop an der Schlussprëssessioun vun der Oktav. Enn 1900 krut se dee flotten Numm „La Hammoise“; 1912 enstoung dann d’Fanfare. Zënter dem 2.te Weltkrich erënnert d’Chorale op Passiounssonndeg un d’Liberatioun vum Land duerch d’amerikanesch Zaldoten. D’lokal Entente des Sociétés hält bis haut un dëser Traditioun fest.

P.S. De Porverbandsrot Bouneweg-Hamm hat am November 2011 d‘Ausstellung organiséiert ‘Hamm, en Duerf an der Stad’ mat Bildkaarten an Dokumenter vum Fred Haupert. Exponaten iwwer weltlech a kierchlech Gebailechkeeten, d’ fréier Fabrik op der Schläifmillen, d’Famill Godchaux, d’Polvermillen, den Cents an den amerikanesche Kierfecht hunn do eng kuerz mä intressant Rees an d’Vergaangenheet erlaabt ëm de lokale Patrimoine.