Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Clausen

Clausen läit am Secteur protégé vun der Uelzecht. D’Plaz vum haitege Viruert housch am 13. a 14. Jh. 'zu der Clusen‘,  vermuttlech wéins engem Klouschter vu fromme Fraen oder Reklusen. (M. Schmitt) Deemols daucht och heefeg de lëtzebuerger Grofen hiren ‘Dirgarden' an Dokumenter op. Der Lascombes Chronik no waren eng Weil drop „Lancz das Wasser under der Burch“ gräflech Turnéieren… Nieft esou engem erwähnt ass dann 1456 um Fouss vum Clausenerbierg am Diergaarden eng mat Teppecher ausgeschloen Tribune fir Spectateuren - a kuerz drop d‘„Margaretenkirch“. Zou Clausen hat och den Almënster-Plateau gehéiert mat der Benediktinerabtei a Klouschterschoul, mat gräfleche Griewer an enger dräischëffeger Basilika! Den Dominikanergaard erënnert un en anert fréiert Klouschter.. De Paul Henkes krut am 20. Jh. d’lyresch Impressioun, d’Uelzecht hätt do am Dall eng „feierliche Gelassenheit.. Seltener werden die Häuser an den Ufern, ein paar weinende Weiden neigen sich in die Kühle!“ De Michel Rodange hat iwwregens e puer Joer hei gewunnt an ass1876 och hei gestuerwen.

Eisem Nationalmusée seng réimesch Antiquitéite mat der 'étiquette Luxembourg' stame groussendeels aus de Clausener Mansfelt-Collectiounen. De Gronsteen vu sengem 200m laange Palast "La Fontaine" gouf 1563 geluet, a virdru waren ‘inn der Cluse‘ 20 Haiser ofgerappt ginn. D’Kaskaden a Fontainen, Alleeën, Statuen, Relieffer, bref, seng verschwenderesch Dekoratioun hat dem weltoffene Gouverneur Luef abruet, mä och Scholden.. An där vum Rolph Ketter zitéierter Inscriptioun (an ‚Ons Stad‘) housch et, dass hei «Natur a Konscht ëm de Präis vun der Schéinheet streiden»! De Beréng hat gigantesch Dimensiounen; e war laang net fäerdeg an hat och keng laang Liewensdauer. Zwou vu senge fennëf grousse Puerte si partiell erhalen. Ewell 1609, d.h. 5 Joer nom P.E.M. sengem Doud huet säin Ierwen, de Spuenesche Kinneck Philippe III, ordonnéiert d’lëtzebuergesch Schätz op Madrid ze bréngen (..an de Peter Mameranus an zwee aner Hären als Schlassverwalter ernannt!) Wéi de Pronkbau da lues a lues “verfall” ass - huet Clausen u Bedeitung verluer. Well awer Virstätter (an och d’Bauhäre vun der Kathedral) sech ë.a. Steng aus de 4,7 km laange Parkmauere geholl hunn - hat esou de Mansfeld onbewosst d’Grondsteng geluet fir en neie Quartier! (Allerdéngs hat hien, laut Lascombes, selwer och Steng vun Almënster verschafft!) Gutt 200 Joer drop goufen d’Statuen aus sengem Mausoleum, déi vun him a sengen zwou Fraen, ëmgegoss a Klacken.

E puer Joer no der Eisebunn an dem 1864 staatleche Reglement hei keng iwwer 18 m héich Haiser ze bauen, huet de liicht erreechbare Faubourg sech staark entwéckelt. Um Terrain vun de Mansfeld Gäert gouf 1865 seng Kierch ageweit. Dësen éischten neogotesche Stadter Sakralbau krut vun hirem Architekt Ch. Arendt eenheetleche Miwwel entworf. (Michel Schmitt) Seng Molerei koum 1906 no mat Szeenen aus dem Liewe vun der Kunigunde. (Hir Statu steet nieft zwee Wopen mat Léif an Adler och baussen iwwerëm ale Portal.) Dëst a méi bréngt d’Heft „Ons Stad“ 22. ‘t erënnert och drun, dass Clausen virdrun zur Méchelskierch gehéiert hat.. Haut feieren d‘portugiesesch an d‘polnesch Communautéiten do Fronleichnam mat enger Pressessioun ëm d’Kierch an d’Place Ste Kunigonde mat ‘rencontre amicale‘ hannendrun. Den net ganz grousse mä intressante Viruert hat 2001 genee 886 Awunner an dunn krut seng Fanfare 150 Joer.

D’Anne Beffort, d‘éischt Lëtzebuergerin mat akademeschem Diplom huet sech voisine de Robert Schuman genannt, Clausen adoréiert, an ass 3 Joer nom Matgrënner vun der EU gestuerwen. D‘Maison natale vum Robert Schuman(+1963) an der rue Jules Wilhelm huet awer net senger Famill gehéiert a gouf 1985 vum Staat kaaft! Um noe Clausener Zaldotekierfech fënnt een um ieweschten Niveau franséisch Zaldotegriewer aus dem Éischte Weltkrich; um ënneschten Deel nieft Affer aus dem Zweete Weltkrich och aanrer aus dem 1870ger an aus dem leschten Napoleonesche Krich... a vun Offezéier an Zaldoten aus der preisescher Garnisounszäit. - À propos Hondhaus ënnerun der héijer Zuchbréck.. Dem Adel Weis säi Pätter hat dëst ëm 1887 mam ganze Beréng kaaft. Deen ënner dem Mansfeld entstanene Bau hat ënnenan Ställ fir d’Juegdhonn an uewenop Zëmmere fir hir Opsiichter. Ëm 1600 koum e Klouschter dran, an eent vun den Hannergebaier, d’häitegt Kapellenhaus, war d’Margritskapell. ‘t gouf ëm 1775 ëmgebaut als Kommandantewunneng an duerno koum eng Wiertschaft dran, an där vill gesonge gouf.. Op de gedeckte Wäschbur hannendrun koume Frae wäschen fir dräi Sou den Eemer! D’Hondhausquell huet spéider d’Brauerei Mousel kaaft. D‘rue Jules Wilhelm heescht am ieweschten Deel och nach Milliounewee a verbënnt Clausen mam Quartier Weimeschhaff. Si féiert laanscht den 1861 gebaute gutt erhalene Malakoff-Tuerm, deen un eng Scoute-Grupp verlount ass. An d‘Statu vum hl. Arnould, dem «patron des brasseurs» bewaacht d’Entrée vun de Rives de Clausen. 

P.S. D‘Introduktioun vum Nik Weber am Bertels-Buch dréit ëm d’Frëndschaft vum Abt mam Mansfeld, dem konscht- a wëssensbesiessne, kénge Krigger. Vläicht hu si bei Promenaden de Schoul-Projet vum Jesuitekolléisch geplangt an den Erëmopbau vum Stadhaus, dem haitege Palais.. (Den 1.10.1603 goung de Kolléisch feierlech op a Presence vum ale Gouverneur.) An der Zäit wou de Renaissance-Geescht hei Parrain stoung hat den dynamesche a Sachsen gebuerene Grof wéi gesot hei ee vun den schéinsten europäesche Paläst - a Clausen hat domat d’grouss Attraktioun vun der Stad. Ongezielte Steemetzer an Handwierker ware beispillsweis 1563 och beschäftegt d’Uelzecht ëmzeleeden an den Terrain flaach ze man. ‘t entstoung dunn och eng eng Brasserie net wäit vum Schlass, an 1929 goufen am Brausall d’Initialen P.E.M. mat enger Kroun driwwer erëmfonnt. D’spéider Clausener Brauerei hat de Michel Thyes dem Staat 1800 fir 303.000 francs ofkaaft, seng Wittfra huet de Brasseur Philippe Funck bestued - an d’Brauerei krut en neien Numm! De 5 ha groussen Terrain vun der Mouselsbrauerei, haut d’Rives de Clausen, huet eng nei Bréck iwwer d’Uelzecht erfuerdert. A soss? Am nationale Concours littéraire 2004 krut d’Wierk «Spielen für Mansfeld» vum André Link der Jury hire Sonnerpräis!