Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Beggen

Bei där vum Napoleon ordonnéierter Vollekszielung vun 1806 hat Beggen 113 Awunner; 1848 dann 150 (an neierdéngs iwwer 2400.) Fréier koume Sonndes vill Stiedter heihi spazéieren an eng Drëppchen drénken. Nodeems 1865 d’Société Metz & Cie d’Schmelz bei der Dummeldenger-Gare gebaut hat ass d’kleng Uertschaft méi séier gewuess. A Progrès bruecht huet do och déi 1912 aus Héichuewegas produzéiert Electricitéit.(Trouvaille aus „Kräiz a quier“ vum F. Théato.) Beggen gouf associéiert mam Metzen oder "Emils-Schlass" - dat allerdéngs op Dummeldenger Bann läit. An der Residenz vu fréiere Schmelzhären ass haut d‘russesch Ambassade. Se huet nom Restauréiren hiren ale Glanz erëmfonnt, a soll symbolesch béid Kulture verbannen. Den nërdlechste Stadter Véirel an dofir niddregste Punkt un der Uelzecht krut d’partiell Installatioun vun der Kläranlag (d‘Klärwierk koum op Walfer Terrain.) Den ale Spottnum Beggener ‘Moustrëppler’ kéinnt en Hiwäis op Kabes- oder Mousbauere sinn, déi heirëmmer Kabesfelder haten (d.h. d’Basis vu ‘mat de Féiss an Holzfässer gestampfte Mous’!)

Beggen gouf 1302 dokumentéiert bei enger Schenkung, an där d’Präischer Herrschaft de Klarissinne vum hl. Geescht Klouschter hiren Zengte vu Bäreldeng a Beggen gouf. D’Duerf steet 1717 op enger Kaart vum Duché als Begingen. Et war laang agëengt zwëschen der haiteger Haaptstrooss an der Uelzécht a verspreed ëm d‘rue de Bastogne, d‘fréier rue du Lavoir. Belagerunge vu friemen Truppen hu seng Rouh heefeg gestéiert, Als Besetz vum Haff Eech (mat ënner aanrem Weimeschkierch an Deeler vu Stroossen) ënnerstoung d’Plaz der Herrschaft vum Gehaansbierg. Se koum dann no der franséischer Revolutioun bis 1920 bei d’nei Eecher Gemeng (a mat hir dann zur Stad.) Zum Zäitverdreif hu jong Beggener 1914 Fußball op enger Wiss gespillt. Een krut dann d’Iddi e richtege Veräin ze grënnen - wat dann am Summer drop geschouch!) Am August 1981 gouf dem ‘Club säin neien Terrain mat 830 gedeckte Sëtzer a 4000 Stéiplazen an der rue Henri Dunant ageweit. (D’Resultat vum FC Avenir vum 1.5.1987 beim Match amical mat Bayern München war 4-5! An seng onvergiesslech Victoire 1969 beim Championnat de Luxembourg, [Beggen-Jeunesse Esch, 3-1] hat iwwer 6000 Spectateuren!) Dass déi meescht Mënsche ‘verbuergen Eegenschafte besëtzen, déi den Zoufall entdeckt’, wousst ewell den de la Rochefoucauld!

Duerch seng rapid Entwécklung war Beggen 1915 eng vun den éischten Uertschaften baussend der Stad mat Trammsverbindung an d’Groussgaass. Fënnef Joer drop goufe bei Noutstandsaarbechten d’Schinne verlängert. Déi lescht Voiture mat der Nummer 34 steet haut am Hollerecher Trammsmusé! (Fir d’Busse war spéider hei eng „Buswendeplaz“ néideg!) - D’Uertschaft blouf 1949 net bei der Por Weimeschkierch a gouf eegestänneg. Op Initiative vum neigegrënnte Kierchebauveräin entstoung 1936-37 seng Kierch mat klassizistisch-barockem Intérieur. (Architekt war de Jos. Jentgen - Patréiner gouf hl. Famill.) Se krut de just 80järegen Haaptaltor vun der Kathedral, deen no hirer Vergréisserung iwwreg war.) De Batty Fischer hat se 1956 photographéiert mat hirem “clocher rustique‘, d.h. engem héijen holze Geställ mat Daach! Se gouf 1965 ouni stilistische Broch vergréissert a krut eng ”Stufegiewelfront“. Dem Architekt R. Leer hat e solitaire Campanile gefall, säin Aspekt huet just changéiert. (D‘säit dem 6. Jh. bekannte Kierchtierm stounge bis ëm d’Joer 1000 all isoléiert nieft de Kierchen..) D‘neit Chouerbild vum Jean Thill ass inspiréiert vum bibleschen Thema Liewensbam. Zwou vun den 20 Fënstre si vum Roger Bertemes (vun 1964) a stilistesch gesinn a 'liturgeschem Funktionalismus' (M.Schmitt); eng ass klassesch gefaasst, an eng a Betonglassteentechnik.

Den 170 ha grousse Quartier, d’sougenannte Nordliicht vun der Stad, ass mat Bäreldéng zesummegewuess - mat Schwéierpunkt um lénken Uelzechtbord. E krut laut Presseberiicht 1984 e neie Schoul-Komplex fir 88 Millioune Frang an der rue Linden, mat ë.a. Veräinszentrum a Sporthal. Ob de Kalennersproch "Ein Haus voller Lehrer macht das Leben schwerer." Hei passt oder den tschechesche Pädagoge-Saz d‘Schoul wär keng „Tretmühle, sondern ein heiterer Tummelplatz des Geistes“ (vum Comenius, a.d.17. Jh.) bleift individuell ze jugéiren! Beggen schéingt eng Tummelplaz vu Wiichtele gewiescht ze sinn. Un si erënneren e Flouernumm (d’Héicht ‘op de Wîchtelcher’) an e Café. Si haten dem Nik. Gredt no dem Bauer aus dem Krellenhaus, deen ënnerierdesch Stëmmen imitéiert hat a sot... ‘mir och e Flauch’ e frëscht Broud op de Plou geluet. An dëst gouf eréischt nom verrode vu sengem Secret méi kleng! Keng Legend ass d’Notiz, dass ëm 1644 d’Fra vum ‘Claus Korbenmacher aus Beggen wegen Sortileg den Scheiterhaufen bestieg.‘

P.S. De Bréisseler Architekt Janssens hat d’Beggener Schlass am Neo-Renaissance Stil gebaut fir den Emile Metz (op d’Plaz vun enger bedeitender Pabeiermillen.) Aus dem ‚maître de forges‘ senger intressanter Biographie ass d’Info, dass e befrënnt war mam Grand-Duc Adolph, 1899 d’Waasserleitung finanziell ënnerstëtzt an der Schmelz hir héich Cheminée verdeedegt hat. Fënnef Joer no sengem Doud foung di no ’Hüttengesellschaft‘ un bei Beggen Aarbechterwunnengen mat je 5 Raim ze bauen. D‘Fondatioun vum Institut Emile Metz datéiert vu 1913. D’Madame Metz-Tesch war der Meenung intellektuell Edukatioun wär ‘e besoin pressant‘ fir d’Aarbechter. D’spéidert ‘Barbanson’s Schlass’ verstoppt sech an engem elegante Park. Géif een et an d’Zäit vun de Germanen zréckversetzen, géif do vläicht e Bego oder Begwin liewen an der Plaz säin Numm ginn. Déi 1957 vun e puer Weimeschkiercher Scoute gegrënnte lokal Scoutegroupe Saint-Christophe parrainéiert eng Gestalt mat grousser Kraaft a Sensibilitéit.