Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëlz

Lëlz hat fréier zur Seigneurie Esch/Sauer gehéiert a gouf spéider eng Sectioun vun der Gemeng Néngsen. Et zielt elo mat dëser an där Heischter zur Gemeng Esch/Sauer - laut de neie Medien dem Paradis des Ardennes Luxembourgoises. Enn Juli 2013 hat et 29 Awunner (an ale Legilux-Archive no waren 1848 do 69 Leit ugemellt, zu Néngsen 112 a Bommel 100.) En Unzéiungspunkt ass den noe Skulpturewee, deen 1999 op Initiativ vum Bertrand Ney mat Wierker vun internationale Kënschtler entstoung. Lëlz huet e klenge Bootshafen a krut eng Daucherstatioun op d‘Plaz vun engem ale Bauerenhaff. Iwwer d’Säitebucht vum Stausee féiert eng Bréck op Ënsber an e ‘pont flottant‘ fir d‘Foussgänger op Léifreg. Kucke mer dem Séi säi Waasserräichtom, sollte mer eis bewosst ginn, datt och mir net lassgeléisst vum weltwäite Waasserkreeslaf liewen! Als Deel vum sougenannte Waasserhaushalt kréien a gi mir aus dësem éiwegen Zyklus.

Nodeems di fréier Bilschdreffer Jugendherberg ‘Neimillen‘ verschwonne war, huet am Summer 1968 zu Lëlz eng modern Auberge de Jeunesse hir Diren opgemat. Hir Gäscht kënnen no Kajak- oder Kanufaarte vun der Maison 7 hirer Terrasse d‘Vue op d‘Natur genéissen. Tëscht Esch-Sauer a Lëlz läit dem tëscht 16 an 46m déiwe Lac seng protégéiert Zone 1. An hir si Waassersportaktivitéite verbueden, mä an der 'Zone II' si Schwamme, Segelen an aner Waassersportarten erlaabt. Deem verschwonnene Weekendhaus säin deels erhalenen arkademéissegen Terrasse-Kader gouf en intressant Ziel fir Daucher.. a gëtt heefeg ‘Kapell am Séi‘ genannt. Am Kader vum Kulturjoer 2007 hunn Awunner vun der Néngsener Gemeng en Ensembel vun 12 Stèle kreeéiert nom Konzept vum Ulrich Lindow, (deen d’Ënsber Kierch vu bannen erneiert huet.) D‘ Stèle stinn an hiren dräi Uertschaften. Vläicht gouf sech bei hirer Installatioun u bekannte lokal Soen erënnert wéi dës... Hunn z.B. d’Bewunner vum Kreschhaus owens d’Reschter vum Nuechtiessen op de Kicheschaf gestallt mam Saz “Das ist für die Wichtelcher“, war muergens d’Iessen net méi do, d’Haus gebotzt an d’Geschir louch frëschgeschauert op senger Plaz!

Lëlz läit 16 km vun Ettelbréck a 26 vun Elwen. Et ass haut wéi Néngsen Filial vun der Por Ënsber an Deel vum Porverband Esch/Sauer. ‘t war fréier Filial vun Eschduerf.. an ‘t existéiert nach en Ziedel mat Obligatioune vum Eschduerfer Geeschtlechen vu virun der Franséischer Revolutioun! D'Kapell vu 1760 huet e Kräizrëppeverwëllef. Hire polychroméierten Haaptaltor blouf dank dem Asaz vun den Duerfleit erhalen (a Mëtt de 1970ger vum Jean Oestreicher vu Wolz restauréiert.) En huet eng 'lebensbejahend Ornamentik' (M.Schmitt) an a senger Zentralnisch eng elegant Madonna; hire Mantel mat Falen a Welleform verréit de Scholtus-Stil. De barock ofgestuften Daachreider steet 'iwwereck' an huet deeselwechten Opbau wéi dee vun Dellen, Bouckeltz/W. an der Esch/Sauer Kräizkapell. Fréier gouf de 14. Februar heihi gepilgert a gebied fir d’Stalldéieren… ‘t gouf allerdéngs och op der Välteskiermes no der Mass eng Drëpp (et housch..’als Medezin géingt Mikroben!’) Den Hämmelsmarsch kënnt hir wann Ensber Kiermes ass, ëm den 22. August.

D’fréier Gemeng Néngsen hat ewell 2009 Pesticide vun hiren ëffentleche Plaze verbannt.. a weist sech emol an enger Fou vum Pavée eng Plänzchen… ass dëst op Plazen, déi Prospekter als ‘urwüchseg Mëttelgebirgslandschaft‘ betitelen, eng natierlech Saach. - Eisen impressionannte Stausee versuergt iwwregens säit de 1960ger tëscht 70 an 80% vun eise Stéit mat Drénkwaasser. Den éischte symbolesche’Stéch mat der Spuet‘ fir de Bau vum Staudamm hat de Minister Bodson, den 30. Juli 1955 gemat; d’offiziell Aweiung war de 14. Oktober 1957.. D‘Evenement vum ‚Fluten’ vum Sauerdall koum 1959 an d‘Stroumproduktioun ass Mëtt Februar 1960 ugelaf. Dem schéinen Naturpark säi gestaute Séi faasst iwwregens 62.000.000 m3 bei enger Fläch vun +/- 400 ha (an ‘t goufen 1991 zirka 13.350 kg Fësch bei sengem Eidellafen an Opfangbecken ëmgesiedelt.) Soe mer nach, dass un der Bréck iwwer d’Ningserbaach souguer nuets gebaut gi war, an dass di zwou Brécken ëm Lëlz an Ënsber säit kuerzem en neie Plackebelag hunn. - Kaum ee weess, dass am 19. Jh hei am Dall op der noer Léifreger Millen de Felix Wagner gebuer war, deen zu Charleroi Professer war an de mëttelalterleche mythologesche Gesank vun der “Edda” aus dem islänneschen an d’däitscht iwwersat hat (an dass seng franséisch Textanalyse aus de 1930ger um Internet publizéiert ass.)

P.S.: Uertsnimm mat‘ hausen‘ deiten op fränkesch Grënner hinn, déi am 6. Jh. eng Preferenz fir Kräizungen un Handelsweeër haten! Dëst an di Zeile virdrun sinn normal lokalhistoresch Detailler. Méi speziell ass der Henriette Nittel hiert Buch „De Mann aus dem Séi“. Et bréngt eis d’Schicksal vum Haaptpersonnage, hirem Monni Léon, méi no. Am haut iwwerschwemmten Dall hunn nämlech e puer Familljen Haus an Heem verluer. Déi néideg 400 Hektar Land goufen fir de Projet vermooss an no Wäert klasséiert. D‘Meldung, hanner der 47m héijer Staumauer kéim e Séi vun 3,8 Kilometercaré, hat do eenzel Leit getraff wéi e Schlag! Am Dall stoungen d’Haiser „Beim Tid“, Wiltgen, e puer Millen an e ‘Weekend‘. Dësem säin deels konservéiert Terrasse-Verwöllef zitt haut Daucher un vu wäit an no. - Een Drëttel vun der Gemeng Esch/Sauer hiren 2409 Awunner huet net eis Nationalitéit an jonk Erënnerungen. Haut ëmgëtt dee vu Mënschenhand geschafene Séi eng Ambiance vu Serenitéit.