Lëntgen
D‘Promenade bei d’Lëntgener “Fielslä” offréiert eng wäit Vue op den Uelzechtdall. Se féiert bei eng véier op dräi Meter grouss Grott an dräi Verdéiwungen um Fouss vum Fiels. Dës gi lokal ‘Himmel, Feegfeier an Hell’ genannt. De Professer Hess hat gemengt d’Fielsenhielen ëm Lëntgen hätte Steenzäit-Mënschen als Schloff gedingt. Wahrscheinlech hunn do och Fliedermäis sech wuelgefillt. Am Lëntgener Kierchtuerm ware fréier nämlech nieft Eilen och Fliedermäis. Op där och a sengem urale Virgänger viru ronn 1100 Joer gehaust hunn? ..Well de Wee an d'Mierscher Mammekierch zimmlech wäit war, haten d‘Duerfleit am Joer 896 beim Tréierer Abt vu St. Maximäin d'Erlaabnes gefrot eng eege Kapell ze bauen.
Der keltescher Encyclopédie vum Jean-Claude-Even no géing de Numm Lëntgen op Lindiacum zréck, (wat un eng Göttin Lindia erënnert.) D’aktuell Endung “gen” soll an Uertsnimm d’séilesch Weiderentwécklung vun hiren Awunner animéieren.. Chroniken hunn vu fréirer Zäit leider wéineg Detailler iwwer d’Uertschaft. Déi mysteriéis Fluchtbuerg ‘op Kaasselt‘ war net mat herrschaftleche Residenzen ze vergläichen a gëtt de Fuerscher Rätselen op. Se huet keng Spuren hannerlooss, just de Feldwee „Burgbierg“ ass no hir benannt. 1570 gouf hei eng Kapell ernimmt, a 1735 eng nei am Paschtoueschgaard mam hellege Péitrus als Patréiner. De Leit hire Wonsch no enger Schoul a reliéiser Betreiung ass 1804 erfëllt ginn. Dunn gouf Lëntgen zur Por, an d'Kapell zur Porkierch erhuewen. Mä well si geschwënn ze kleng war krut de Propriétaire Koempgen 1828 erlaabt e Steebroch z'exploitéire fir Steng dran ze brieche fir e Kiercheneibau. Dëse koum dann 1830 op eng aner Plazn e krut e klassizisteschen Dräiecksgiewel (wéi déi Walfer- a Mierscherkierch) a gouf Dokumenter no Enn September 1829 mat enger imposanter Feier ageseent.
Se krut mat der Zäit en Ubau am Chouerberäich a gouf verschéinert. De Paschtouer Roob hat kuerz no 1893 nei Altär a Miwwel fir 13.000 Frang bestallt a bei der Firmung (1938) hate Firm-Pätter a –Giedel zwee elektresch Lüstere geschenkt. Maache mer en Zäitsprong, gesi mer, dass de Kierchtuerm an de 1960ger erhéicht an de Plafong erneiert goufen – dann 1980 eng nei Uergel néideg war… an am Mäerz 1996 e neien Altor. Dee modernen Ensembel aus Bronze vum Bettina Scholl-Sabbatini steet méi no bei de Leit. E gouf zu Süßen a Baden-Württemberg gegoss a prägt d‘Transformatioune vun der Lëntgener Kierch. En ass vun alle Kulturen an Zäiten inspiréiert.. Seng faarweg patinéiert Symboler si Schlëssele fir d'Verstoe vum "monde spirituel", der Reliositéit a surnatureller Kraaft. Nenne mer beispillsweis d'aegyptescht Kräiz, den Anck, fir d'éiwegt Liewen, d'Sandauer fir Vergänglechkeet an Doud, den Anker fir d'Hoffnung an den Olivenzweig fir de Fridden. Tabernakel a Liespult hunn déi selwecht Dynamik… Aus dem Pult senger Basis, engem ale Bamstack, soll neit Liewen erauswuessen - a Gefiller vum universelle bridderleche Verständnes vum Liewe vermëttelen. De Buedem vum Kierche-Chouer mam verlängerte Ronnbau verschéineren ‘Iernzener’ Steeplacken.
Beim Fest 200 Joer Por Lëntgen (2004) gouf un d'Zäit ëm 896 erënnert, wou an eiser Géigend Lotharingien war an d'Wikinger mat hiren Draacheschëffer iwwer d'Flëss bis op Tréier a bei eis koume fir d'Leit z’iwwerfalen. Eenzel www-Trouvaillen ernimmen hei an den 1840ger eng Tannerie mat 13 Fossen an 1875 daucht gläich donieft e Café op. Eng al Postkaart veréiwegt de Lëntgener Quartier de la Gare ëm 1904. D’aalt Gebäi ass haut net méi do, just zwee “Bus-Haisercher” um Arrêt. (No diverse Besëtzer gehéiert den aktuelle Café op der Gare elo der Gemeng an 2011 gouf op seng Réouverture invitéiert.) 1918 gouf hei d'Fonderie Nilles gegrënnt (op der Schläif) a Mëtt de 1920ger de Fëschzuuchtbetrib A. Schultz. (20 Joer drop hat d’Administration des Eaux et Forêts do d'Pisciculture de l'Etat, wourun de Stroossenumm „Bei de Fëschweieren“ erënnert.) Wéins der geographesch zentraler Lag vum Uert huet d’Protection Civile - genee gesot hir „Base Nationale de Support" - hei e Stützpunkt. Bis 1986, bis d’Gebaier vun der heiteger BNS a Betrib waren, bestoung hir Wierkstat aus enger fréierer Tankstell.
PS.: De Numm Lëntgen steet op villen Uergelen am Land - well hei 1924 eng Uergelfabrik entstoung. De Batty Weber hat den Zillebau wuel “grotesk” fonnt, mä gemengt, dass Lëntgen als “Geburtsort einer Orgel ganz der richtige Ort” wär; sou en Organ vu freedeger Feierlechkeet dierf net an enger “mürreschen an trostlosen Umgebung” gebuer ginn! Sousentendu ass wann en “aalt Instrument ënner Leedung vum Georg Westenfelder exemplaresch renovéiert” gëtt, dass säi Klang “all Téin vun der Schöpfung an ‘d’Fülle’ vum mënschlechen Ëmfannen zum Schwenge bréngen!” (Benoît XVI.) Déi nei Lëntgener Uergel vu 1984, aus der Ära Westenfelder, huet nieft hiren neien zwee Regester (d.h. d’Trompett an d’“Gemshorn“) aus der aler Uergel vum Duxall. Vun de villen Instrumenter vum Lëntgener Uergelbaumeeschter stinn der zwee am Conservatoire vun der Stad (jee eent am klengen an am groussen Auditoire.) Et kann een au Besoin eng Uergel lounen, oder si ‘en miniature’ op Timbre sammelen.