Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lénger

D’Héichten ëm Péiteng, Lénger, Athus a Clemency ware bis ëm 1855 bekannt fir hir iwwerierdesch Äerzexploitatiounen. D’Demande, deemols zu Eech en drëtte Schmelzuewen z’installéieren, fir Minerai vun Hesper, Mamer, Kënzeg a Lénger ze verschaffen, krut keng Suite… Haut begéingt een op deem Terrain vläicht de “Lénger Trapper“ - engem vun 61 registréierte Clibb vum Bascharager Syndicat d’initiatives! Trapper kenne sech aus an der Natur, kennen also Beem, Planzen an theoretesch och Déirespueren – a wann net, ginn s’einfach mam Trapp mat virun! - Quellerégioune mat klenge Waasserleef gi considéréiert als «sites pré-allemands». Beispiller duerfir si Siren, Lénger a Keel. Am 5. Jh. sinn d’Muselfranken a Richtung Weste gezunn an hu sech um Wee a Gallien lues a lues an eiser Regioun an typeschen “Haufendörfer“ ugesiedelt.. An haut? Säit hirer Fusioun ufanks Januar 2012 sinn d‘Gemenge Bascharage a Kéinzig eis aachtgréisst Gemeng; hunn hir Awunner vun Nidder- an Uewerkäerjeng, Féngeg, Kënzeg a vu Lénger eenzel ‘lengerîchtaus’ Stroossen - sou wéi d‘Fiedem am ale Léngent... “nur halbwegs gerade” - riichten se de Bléck optimistesch an d’Zukunft.

E ganz wichtegen Datum an der Lénger Evolutioun war 1281, wéi seng Libertéit proklaméiert gouf vum Grof Henri V., genannt dem Blondel, a vum Raoul vu Sterpenich. D‘Co-Auteure vun der Charte vum 4.Abrell 1281 waren zesummen d’Seigneure vu Lénger, Bascharage a Péiteng. Dat éischt war 1541 als Lynre mat y beschriwwen, a kuerz drop als ‘Leyner’. Et huet keltesch Wuerzelen an housch emol ‘Lianog’ oder “kleines Feld”, Linceres (1281), Lyneres (1339), Lynieres delais Cheraize (1381), Leinert (1758) an Lyngeres, wat schließlich 1798 Linger gouf. Hei huet sécherlech méi wi ee ‘Linguatus’ oder ‘Linguosus’ gewunnt; gemengt sinn domat eloquent gespréicheg Mënschen, déi méi wi eng Sprooch verstaanen hunn! Grenzuertschaften ronderëm d’Chiers wi Lénger, ‘Kerschen’, Péiteng an och Athus goufen am Laf vun der Geschicht zäitweileg vu Lëtzebuerg an dem Département Bar co-dominéiert… Di dräi éischt koumen dann 1601 zu eisem Duché... E Visitatiounsbericht ernimmt 1628 hei baufälleg Kierchemaueren, e Stréidaach, an e Buedem ouni Belag. (Visitatore sollten ë.a. eng Bestandsopnahm vum kierchleche Besëtz maachen an de Geeschtlechen hir Qualifikatioun iwwerpréiwen.)

Den ale Kierchtuerm hat op enger Säit oppe Schéissscharten a gouf ëm 1860 ofgedroen. Seng an der Margarethekierch um Flouer hir Steng sollte benotzt ginn fir e Wäschbur op där Plaz ze bauen. Haut verréit näischt méi di fréier ‘Kierchebuerg’ an de Wäschbur. Et koum da geschwënn eng nei Kierch am neoromanesche Stil an den Duerfkär. Sailen encadréieren hiert Portal a Form vun engem Hallefbou mat Rousekranzmotiv, mat enger Inscriptioun an dem Datum 1863. Vun dunn sinn och d’Statu iwwer der Entrée an d’kleng 40 kg schwéier a 36 cm héich Klack, déi haut als Gong déngt. 1875 goufen en Altor an zwou Klacke kaaft am Wäert vun 6000 fr. Den éischte wahrscheinlech klenge Lénger Gesangveräin gouf 1890 encouragéiert mat 25 fr. Subsid; di zweet 1935 gegrënnte Chorale Sängerbond hat gläich 24 Membren. Se ass e wichtege Bestanddeel vum Duerfliewen, an hiren harmonesche Gesank “wischt den Staub vom Herzen”… wéi de Christoph Lehmann am 17. Jh. sot. Am relativ schlichten Altorraum falen den Tabernakel an d’Raumkräiz vum Bettina Scholl- Sabbatini op. D’Duebel-Fënstere vun ëm 1950 bezéie sech op d’lauretanesch Litanei. Lénger Statuen représentéieren den Albinnes oder Aubin, de Beschof vun Angers, op deem sengem Fest et heescht “Albin Regen, kein Erntesegen” an den hl. Jousef.… (Mat der Uschafung vun senger polychroméierter Skulptur gouf dem laangjärege Koschter Joseph Wagner e Wonsch erfëllt.) Am Mee 2002 huet d’Schutzpatréinesch vun der Lénger Kierch, d’Immaculata, hir Plaz ‘fount’ an enger Nisch am Chouer. Hiert Fest den 8. Dezember ass eent vun de véier grousse Mariëfester.

Un d’Liberatioun vum Duerf erënnert e schéine brodéierte Muttergottesrack mat Sonn, Rousen a Wopen an der Schrëft 9. SPT. 44. - Op 1988 geet d’gréisser Kiercherestauréirung zréck. Hire moderne Beichtstull huet Dieren als Zeeche vu respektvoller Discrétioun. Rezent ass de Kaaf vun dräi neie Klacken vu Maria Laach, mam Ufangsmotiv vum ‘Te Deum’. Eng vun hinnen ass der Mutter Teresa, geweit; an di gréisst weit 568 kg. Si ersetzen di zwou ‘Liberatiounsklacken’, (déi 1877 vermuttlech aus Krichsmaterial gegoss goufen.) Säit 1999 entstoungen am Klouschter Maria Laach iwwer 450 Klacken. Déi am Lénger Kierchtuerm hunn d’Opus Nummere 456, 457 a 458. Hir Roll kléngt einfach: ‘Vollek ruffen, Fester verschéineren, Verstuerwener bekräischen, Gott luewen’… mä d’Géisser-Handwierk ëmgëtt e mystesche Reiz. - Kee Luefgesang bedeit d’Trouvaille an enger ‘humoristescher’ Kollektioun vun Uertsnimm: “Lénger Féischten” fir ‘Liebkosungen’ sinn do illustréiert mat enger Boxermoul! D'fréiert Bauerenduerf Péiteng sollt emol als ‘ellent Duref bei Lénger’ betitelt ginn, wat och kee Kompliment war. Mä ‘t housch awer och… “Fréier wor nach alles grued“..

P.S. De kierzlech ageweiten historesche Kierchepad féiert vu Péiteng iwwer Lénger op Kéinzeg - wou laang d’Haaptkierch war. Fir seng 6 km hunn hir Paschtéier (an ëmgekéiert d’Porleit vu Péiteng) bei guddem Wieder eng gutt Stonn gebraucht. De Wee goung deels duerch de Bësch a war am Wanter dacks an engem desolaten Zoustand.. an Iwwerfäll oder Ugrëff vu Wëllef waren net onméiglech! (Dëst verroden Zeilen um Péitenger Gemenge-Website an zitéieren de Kéinziger Paschtouer: Den Här Bontemps war bei reenegem Wieder opbruecht, well dann „das Wasser im Weg dem Pferd bis an die Pantz ging“..) Bis Péiteng 1808 eng eegestänneg Por gouf war de Kierchepad eng wichteg Verbindung tëscht de genannten Uertschaften. Den Dictionnär repetéiert dëst a bréngt hanner Lénger de Numm Léngert fir Léinert oder Leonhard. Bei zankt Léinert goen war fréier allerdéngs net op e fromme Gank bezunn... mä housch bei engem Notär Geld léinen.