Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lampech

Mat Lampech gëtt mol d’Wuert ‘Fliichte-schësser’ associéiert, mol e Mais-labyrinth, mol eng rieseg 8 M héich Stréibuerg mat Rekord Moossen, déi 2001 vill photographéiert gouf... Ee ‘Fliichteschësser’ soll ee sinn, deen ‘e Juegdvull an de Flillek trefft..’ Den Ausdrock ‘Fliichten’ steet och ewell am ‘Rénert‘, wou et heescht „Se koumen all mat Träppen, 'T gesouch ee bal keen Enn, Zu Fouss an op de Fliichten, Mat Schniewelen a mat Zänn.“ - Den alen hëlzen Hunn um Kierchtuerm gouf iwwregens 1940 erofgeschoss bei enger Wett… an duerno natierlech vum Schützen duerch e Neien ersat! An 1763 hat hei e Stuerm d’Kierch an eenzel Haiser beschiedegt. All dëst kéinnt hei Ufanks Dezember ‘Stoff liwweren’ beim Kiermeskuch…

Lampech, Limpach, huet 358 Awunner an zielt zur Gemeng Reckéng un der Mess. ‘t huet e massiivt Härenhaus, mat ‘ Oeil de Boeuf’ am Giewel a Renaissance Portal mat engem Wope vu 1780. D’ Haffgutt huet de Numm ‘Am Schlass’, et ass a guddem Zoustand an Privatbesëtz. D'Seigneurie de Limpach war 1779 ernimmt mat Dépendencen an Dauweschlag. 'Seng fréier Hären de la Fontaine haten der Gemeng d’Paschtoueschhaus geschenkt... ënner der Konditioun ‘Lampech misst e Paschtouer hunn…och wann d ‘Stad keen hätt…!’

D’Niklos-Kierch vu 1780 huet e 24 Meter héijen eeleren Tuerm, an e barocken Duebelwopen iwwer der Entrée, vun der Famill de Geisen. Säit 1708 war hei de Philippe-Jacques de Geysen Här. (D ‘Schreifweis vun deem Numm ass ënnerschiddlech.) Zwee vun de prächtege Barock-altär vu 1725 hu nach d’original Antependien vum Greef-Roesdorf .‘t heescht et wären der vu senge schéinsten! De lénke Säitenaltor huet bannen d’Aschrëft ‘Nicolas Greeff Bilthauer wonhaftig zu Altwies Anno 1725’. Den Haaptaltor war no engem Feier rekonstruéiert ginn, Dank dem Photomatérial vum N. Thill. E bal 2000 Joer ale Luef vum Ovid ass e Kompliment fir jidder Skulpteur: ‘Well de Mënsch vu Natur aus Vernonft besetzt, ass Konscht kee Géigesaz zur Natur, mä hir Vollendung.“ D’Sakristei an der fréierer Säitekapell huet ganz al Grafplacke vun den Herrschaften de Villers, de la Fontaine an de Geisen. No 1800 huet kee méi dierfen an der Kierch begruewe ginn. Dowéinst hunn sech d’ Lampecher Schlasshären eng eege Kapell gebaut. - Bis an d’13. Joerhonnert war d'Uertschaft zougehéiereg zur ‘Riichterei Këntzeg' an der Por Duelem (Dahlem), duerno gouf et eng eegestänneg Por.

D’ ’Herrschaft Limpach’ steet 1267 mam Chevalier Bartholomé de Limpach fir d’éischt an Dokumenter ënner Henri V. dem Blondel, dem Fils vun der Ermesinde. Hir Häre waren Ënnervogt vun de Grofe vu Lëtzebuerg. De ‘Nikolaus von Limpach‘ ass 1268 ernimmt; an en huet sech ‘Sohn des Johann von Kahler’ genannt. D’Ligne Koler-Lampech ass am 15. Joerhonnert ausgestuerwen. 1339 gouf e Ritter Philipp de Limpach ernimmt a 1522 housch hei den Här Jacques de Mercy. D’Lëscht vu Stadwunnenge vu lëtzebuerger Adelshaiser vu 1562 ass a Schrëften vum J.P. Koltz zitéiert an enthält nieft deene vun der Fiels a Befort och déi vu Lampech! Eng sengerzäit ganz bekannt Perséinlechkeet vun hei ass de Nikolaus Arresdorff, dee virun 1620 Weihbeschof zu Münster a Westfalen war an senger Heemechtspor e Kielech geschenkt hat... Dem Mozart seng ‘Lambach‘ Sinfonie huet näischt mat eiser Uertschaft ze dinn, mä mam Uewer-Éissträicher Uert a Stëft mat deem Numm!

P.S. De Numm Limpach gouf ewell als "Linde beim Bach" gedeit. E Lanneblat war en Zeechen fir Trei a stoung éischtmols als Symbol fir de fräie Bauerestand an engem 1472 erwänten aldäitsche Kaartespill. Do wéi hei ass d ’Ëmwelt vum Mënsch net nëmme 'Fauna a Flora, gutt a schlecht Wieder, Déieren an d‘Gewan’. Si gëtt och vun hiren Haiser, der Konscht, dem Geschichtsbewosstsin, ale Bräich an Traditioune geprägt. Den Hunn ass e Symbol fir Wuechtsamkeet. E kënnegt mat sengem Kréinen den neien Dag un a weist, dass Liicht d ‘Nuecht iwwerwënnt... Ewell 1000 Joer garnéiert en d‘Kierchtierm an Italien. - Nach nozedroen: Fir d'Eeler a jonk Generatioun un d'Duerfliewen z'attachéiren, entstoung 1984 de Veräin "Lampecher Fliichteschësser". Si ëmschreiwen deen Numm esou: Fréier, wéi hei Fluess ugebaut an och gewieft gouf, sinn heiandsdo d'geschnidden a schlecht gewässert Hällem gerass. Onbrauchbar fir ze spannen ware se ...riicht eraus gesot "verschasse Fliichten" an hunn e Spëtznumm inspiréiert! D'Versioun mam "an d'Flillecke schéissen" dréit ëm ratéiert Schëss... Gutt gelongen ass awer d'relativ neit Buch "Lampech, en Duerf liewt".