Léifreg
Léifreg (Liefrange) ass eng Uertschaft um Stauséi, vun där am Summer méi geschwat gëtt wéi an der kaler Joreszäit, déi personifizéiert als ‚Wanterpéitchen‘ de Wand haule léisst... D’Kiermes ass hei de 4. September, da wann an der Stad d‘Schueberfouer ass. Léifreg huet e flotte Réseau vu Promenaden duerch de Naturpark Uewersauer. Seng Jugendherberg ass e Fräizeitzentrum, mat Plaz fir Seminairen a Konferenzen, an op vum 1. Januar bis den 31. Dezember! Och wann dem Duerf säin Numm mat schléifereg reimt, ass ‘t awer hellwaakreg a net onattraktiv!
Zu Léifreg si 84 Leit ugemellt. ‘t hat 1848 souguer 160 Awunner, vun deenen der 25 an Amerika ausgewandert sinn ( tëscht 1856 a 1909 op Dubuque, St. Cloud an ënner anerem op New York.) D’Stauséi-gemeng entstoung den 1. Januar 1979 bei der Fusioun vun de Gemenge Béiwen an Harel a Mecher. Léifreg läit um nërdleche Séi-Ufer, vis-à-vis vun Ënsber. ‘t huet e Waassersport-Zentrum deen di vläicht spektakuläerst Dauchplaze bitt an en Hafe fir Segelbooter; a Segelregattaen hunn hei ewell flott Photoen erméiglecht. Der Caritas hire Maarjashaff bitt als Jugendherberg 15 Raim. D'Ëmgéigend kann een zu Fouss, mam Vëlo oder Päerd kenneléieren, a Nordic-Walking-Frënn erwaart e Wee vu 7 km… D’Leit hätte fréier d’Idee vun engem 19 km laange Stauséi fir onméiglech gehalen... wéi e fäerdeg war hat d’Sauer d’al Léifreger Millen an d’Loutschmillen iwwerschwemmt. Mat sengen 380 ha gouf en d ‘Häerzstéck vum Naturpark Uewersauer. En war 1986 zougefruer -an ass ‘91 eidel gemat gi wéinst Aarbechten un der Staumauer. Grad ewéi anerwäerts goungen a koumen och heirëmmer Leit. Een Zeie vun hirer beschwéierlecher Aarbecht ass en historesche Wäschbuer. Beim ‚Schrumpfungsprozess‘ an der Landwiertschaft goung säit 1950 op Landesniveau d’Zuel vun 11.445 Betriber an 30 Joer erof op 4366; déi vu Banque goung tëscht 1966 an ’82 vun 23 erop op 115!
Wéi al d’Geschicht ëm e Schëmmel, e legendäre Reider mat dräieckegem Hutt a Mantel aus Bläi a säi Revéier um Kaunerefer Wee ass… weess keen - och net d’Buch ëm Déierespuk vum Jean Haan. Dem Volleksmond no housch et fréier hei 'oh du Léifrecher Herrgott… well zu Noutem hu se keen‘! schreift de Pol Tousch, ouni weider Präzisioun. An der Duerfkierch aus dem 18. Jh. kann een iwweregens eng Madonne-Skulptur vum Jean-Jacques Scholtus bewonneren, deem seng Wierker Konschtkenner no engem ‘Concerto an Holz’ gläich kommen. A muenche Kierchen a Kapellen gi nach Reefer aus Eise mat gekräizten Eisebänner oder einfachem Kräiz versuergt fir Kappwéi vu Pilger ze verhënneren oder ze verdreiwen. (Esou Reefer si beluecht zu Bus, Dienjen, Léifreg. Nacher, Schous, Wuermer an um Helperknapp.) Iwwer Ale Brauchtem ëm Fetten Donneschdeg gëtt erzielt, dass hei scho mëttwochs ugefaange gouf op de Mille ronderëm Miel an Eeër ze sammelen… well deen Dag drop de „fetten Donneschdeg“ d’Fuesend alaut! Net nëmmen dës Deeg, mä d‘ganzt Joer stëmmen d’Kanner dem Louis Pasteur zou, dee sot: ‘D ‘Gléck zitt dee vir, dee preparéiert ass.‘
PS. D’Waasser war den ‘éischte Photograph’ an d’Flëss späicheren d ‘Mémoire vum Éislek vun enger Saison an di aner’… heescht e Gedanken am Raymond Clement sengem Éisleker Photobuch ‘jeux de lumière’. Als national Drénkwaasser Reserv gi ronn 70 % vun eiser Bevëlkerung deels mat Drénkwaasser aus dem Stausee versuergt. Mywort huet den 28.6.2011 informéiert ‘kurzfristeg ist die schwimmende stählerne Fussgängerbrücke über den Obersauerstausee zwischen Lultzhausen und Liefringen gesperrt’. Et gouf dofir eng serieux Ursaach: de Waasserpegel vum Séi war wéinst extremer Dréchend ëm bal sechs Meter gesonk.