Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Leideleng

Leideleng hat fréier zäitweileg zur Gemeng Reckeng/Mess gezielt, mä 1856 gouf et duerch d’Ënnerschrëft vum populäre Prënz Hari eng selbstänneg ‘Municipalité‘! Et besteet als Gemeng aus enger Uertschaft,  an dës hat 1903 genee 694 Awunner an ewell 3 Joer eng Gare un der Streck Lëtzebuerg- Péiteng. Entretemps huet d’Duerf evoluéiert an 't entstoungen do dräi Aktivitéits-Zonen, genannt “Grasbësch”, “am Bann” a “Poudrerie”. An si bidden zesummen ‘dausende’ vun Aarbechtsplazen un - et schaffen nämlech dräimol souvill Leit do wéi der do wunnen.

Leideleng läit um halwe Wee tëscht Lëtzebuerg an Esch, 7 km vun der Stad... zielt awer zum Kanton Esch. Et huet nieft dem zentralen Duerfkär nach 2 Uertsdeeler, d’Gare an de “Schléiwenhaff’. Dëse war wahrscheinlech d‘ ‘Urzell’ vum ganzen an huet eng bemierkenswäert Eech opzeweisen. Den heitege "Kiirchepad" an de "Schwarze Pad" ginn ugekuckt als Deeler vum Réimerwee ‘Tossebierg’- Gehaansbierg. D’ural Por gëllt als St. Maximäiner Grënnung a steet als Ludelinga op Plaz 18 op der Lëscht mat Bannpressessiounen op Tréier (J.P. Koltz). Um ‘Haff Leideleng’, mat fréier Wickreng, Fenneng, Hënchereng, Märel an zum Deel Hesper, war de Meesebuerger Här bis an d’18. Jh. zoustänneg fir d’Héichgeriichtsbarkeet. Am Gemengewopen figuréieren fir di éischt de Bier a fir di zweet Merletten. 1821 hat d'Duerf 282 Awunner; seng Kanner goungen duerch d’Stëftung vun engem Geeschtlechen méi fréi wéi anerer permanent an d’Schoul.

Nom ekonomeschen Opschwonk am Süde vum Land, no 1870 ass d'Bevëlkerung gewuess, an ee Joerzéngt drop hat "Lëdeleng" wéi ‘t heefeg genannt gouf da 700 Leit. D’Décisioun koum eng nei Kierch ze bauen, Geld dofir huet d‘Ofholze vun 12 Hektar Bësch, dem sougenannte Grasbësch abruet. Bëscher ware fréier Gold wäert! De Staatsarchitekt Charles Arendt hat déi baufälleg Kierch vu 1727 ofgerappt... an op hir Plaz en imposante Neibau gesat mat quadrateschem Grondrëss, ugedeitem Quierschëff an zwou Entréeën. Hire Patréiner ass den hl. Corneille. Hir Ronnbou-Fënstere vum Jakob Schwarzkopf datéiere vu 1963. Beim Renovéieren krut se 20 Joer drop en apaarten Altor a Liespult, en Tabernakel an Dafsteen vum Ad Deville entworf an ausgeféiert vun engem italieneschen Artist.

Nach ze soen: Den alen hei beim Kierchebau fonnten Réimeraltor, e Véiergöttersteen, ass haut am Staatsmusée. Den Duerfnumm gouf säit 1920 da mat den Elite-Soomtute vun der Entreprise ‘Melchior’ associéiert; hir Successioun huet haut eng Zolwer Firma. D‘vum Pierre Blanc no enger Photo gezeechent 20 Frang Schäiner vu 1930 mam Léopold Michels um Plou an imaginäre Bierger um Horizont hu säit laangem Seelenheetswäert… Ee Bléckfank ass d‘modern 58 m héich ’architecture étonnante‘ nieft der Autobunn - de neie Leidelenger Waassertuerm! Hien zielt zu den zéng héchste Gebaier am Land. Fir di 2306 Awunner an aner Interessenten dës Schlusszeil: Leude (wéi d’ éischt Silbe vum Uertsnumm) housch franséischen Dictionnäre no ëmmer d’Plaz ‘où l'on percevait la leude’ - wou also eng Taxe op Marchandisen opgehuewe gouf! Den Uertsnumm soll hei allerdéngs op e fränkesche Seigneur oder Clan de Leutilo zréckgoen... obwuel “leit eleng“ als populär Erklärung ganz sympathesch kléngt!

P.S. Den Trëppeltour bei d‘«Baklesweieren» am Hueschterterbësch ass frësch amenagéiert. Dës Fiichtzone gouf 1994 Gemengebesetz a war ewell op der Kaart vum Comte de Ferraris. D' knapps 5 km laang Doulemerbaach enspréngt hei a leeft hanner der Hesper Mairie an d'Uelzecht. Säitlech vun hirem Dall wiisst dee bei eis rare Mäerzstäerchen, d’Scilla bifolia. Net onintressant: D’Poudrerie war ni hei, och wann eng Aktivitéitszone esou heescht; si erënnert un de Wee op d’Kockelscheier. (Well vill Leidelenger duer schaffe goungen hu se gemengt de Betrib stéing op hires Terrain..) Viru 40 Joer haten hei d’Autobunnsaarbechten Esch-Lëtzebuerg ugefaangen... an 1974 déi vum SIDOR-BAU. Dës ‘usine d'incinération’ traitéiert 125.000 Tonnen Offall d’Joer am strikte Respekt vun den EU Normen.