Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lenneng

Den Duerfporträit vu Lenneng weist, dass fréier Leit hei op ware fir d’Kulturliewen dat vu Kléischter ausgoung. An dëser relativ klenger ländlecher Uertschaft fällt di iwwer 1000 järeg romanesch Basilika op.. Vun hiren Ufäng ëm 967 ass wéineg gewosst! Mä ‘t ass net verwonnerlech, dass e Club mat allerlee Initiativen sech hei ‘Lennenger Leit a Frënn’ nennt. An dass e flotten 12 km laange Circuit pédestre vu Kanech heihi féiert… an den Dall vun der "Lennenger Baach" passéiert…. Dës huet op hirem Laf zwee Nimm, ufangs heescht s’op enger Längt vun 2,5 km ‘Bauschebaach’, gëtt dann ëmgedeeft a leeft schlussendlech duerch eng Schlucht a Richtung Musel.

Lenneng zielt an 113 Menagen 372 Awunner, 55 méi wéi virun 100 Joer. Deemools waren do e Kallekbrenner, ee Kuerfmecher, e Schmatt, e Schneider an eng Néiesch, zwee Schräiner, zwee Schouster, 3 ‘Spezereiwarenhändler‘, ee Woner a 5 Wiert, Chifferen déi Recherche vum Fränz Mersch erginn hunn.Lenneng ass mat Kanech eng Gemeng am Réimecher Kanton – am Hannerland vun Éinen… Wéi ëm 263 wëll Horden hei passéiert sinn, goufen op muenche Plaze Mënze vergruewen, hei an ënner anerem zu Duelem, Iechternach, Kohler an Ettelbréck. De Begrëff ‘Curtis’ fir herrschaftlechen Haff begéine mer hei um Enn vum 5. Jorhonnert. An um Enn vum 10. war deen Härenhaff Besetz vun den Tréierer Doumkapitelhären.

D’Origine vun der Lennenger Kierch loossen sech an Dokumenter retracéiere bis 967. Hei war am Mëttelalter den Zentrum vun engem grousse Porbezierk. Di dräischëffeg sougenannte ‘Basilika’ entsprécht mat hirer Bauform dem Tipp vun dëse romanesche Kierchen. Konschthistoriker dierfte si och esou nennen, mä ouni "Pépstlech Ernennung” ass se kiercherechtlech gesinn eng normal Porkierch. Hiren Tuerm datéiert vu 1634; am Intérieur fale kompakt véiereckeg Pilieren, Ronnbéi, Kapitellen an 2 Barock Altär op, e flaache Plafong aus Hëlze Panneau’en, deels a rout! Vum Barockmiwwel ass wéineg erhalen. Di dem Péitrus geweite Kierch war 1950 reaménagéiert ginn a krut faarweprächteg Fënschteren aus ’Betonglas’ mat Hellegen a mat diverse Symboler. Se si signéiert Jean Barillet, Fils vum Louis Barillet - deen an der Kathedral veréiwegt ass. Esou Konscht-Wierker sinn ewéi d’Poésie eng Kleedung vun de Gedanken.... D‘Kierch ass zënter 1997 klasséiert als National-Monument a mat hir e Perimeter ‘de protection’ vun dräi Parzellen.

Zu Lenneng a Kanech hunn d’Wënzer an der Zäit mat der Matteis- Mooss gemooss, déi eppes weider hat wéi d’Mooss vun der Almënster-Abtei, ...verréit d’Buch ‚Mosella sacra'). Lenneng huet 10 Wënzerbetriber… déi deels, grad wéi di Gouschtenger, Wéngerten ëm Éinen hunn! Last not least: Als treie Gardien vum Bësch steet d’iwwer 200 järeg Eech um Bord vum noën ‘Branebësch’. Kéint si schwätzen, kënnt se eis verroden, wat de Sproch «Lennenger Dawer a Schléifer» bedeit!…Wollten seng luusseg Awunner wierklech als Zeie bei Geriicht vun enger bestëmmter Priedegt näischt wëssen!? Sou eppes deit jiddefalls d‘interessant Wierderbuch vum René Engelmann un. Lenneng ernimmt dem Kanton Réimech säin ‘Evangelium’ mat spöttesche Bäinimm ‚Lennenger Lëmmelen‘ - wat onelegant kléngt; mä ‚Stadbriedemeser Pankechsfréisser‘ oder ‚Wellefrénger Hierkejongen‘ ze heeschen ass och kee formidable Luef.

P.S. zum fréieren Haff Lenningen hu 1751 verschidden Dierfer mat hiren "Gehöber" gezielt. Kanech, ‘Beuren’ fir Beyeren; Gousteng, Greiweldeng a Lenneng. D’Eech am Südweste vun der Uertschaft ass 2000 als di 30 déckst Eech vu Lëtzebuerg ernimmt.. Se stellt do wou se steet keng Gefor fir Mënschen duer, an hiert Holz, dat ofstierft bitt villen Déieren, z.B. de Spiechten an Insekten e wichtege Liewensraum.