Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lellgen

Zu Lellgen begéinge sech säit 1991 eemol am Joer Konst an Natur. Ëm de Nationalfeierdag zitt säin Open-Air Konstfestival dausende vu Leit un. De Kiischpelt ass souwisou eng Landschaft, déi munches z’erzielen huet. De Wisechampignon ass hei eng Kochel an d’kleng Ouschterblumm gëtt lokal ‘Lorblumm’ genannt! Am Vergläich mat munche gréissere Kapelle kuckt déi iwwer 200 jäereg Lellger wuel niedlech mä awer feierlech dran. Al Haiser sinn interessant an “in“ am Éislek. An där stinn an de fréiere Gemenge Kautebaach a Wëlwerwolz net wéineg. Am däitlechste gëllt dat fir ‘Lellingen‘, dat zenter 1984 en zertifiéiert „Modellduerf“ ass a punkto Denkmalpfleg. (’t ass net ze verwiessele mat ‘Lullange’ oder Lëllgen am Kanton Klierf.)

D’Duerf geet wahrscheinlech op eng muselfränkesch Nidderloossung zréck, hir Uertsnimm hunn dacks op –ingen geendegt. Ëm Lellgen goufen allerdéngs och réimesch Mauerreschter fonnt - beispillsweis um Flouer op Bärel Aulegeschir, Daach- a Buedemzillen. Säin Numm Lellgen kéinnt och op den alréimesche Familljenumm Laelius hiweisen. (Net ze vergiessen, 1832 war d'Réimersiidlung Altenhof um noe Pënzebierg entdeckt ginn.) D’Musterduerf un der Klierf, déi hei d’Lellger- a Pënscherbaach ophëllt, huet eng herrlech Bréck a Form vun engem Ieselreck. Si hat héchstwahrscheinlech d’Wisebewässerung erlieft, wat am Kiischpelt "Fléizen" genannt gouf. (Wéi am 19. Jh. méi Véi gehalen a méi Fudder gebraucht gouf (a Grondwaasserreserve knapp waren) huet d’zwee cm héich gestaute Klierf (ë.a. tëscht Äischer an dem „Lellger Bréil") de ‘Groum‘ un d’Wuesse bruet! Fléizen ass iwwregens ee vun 12 Theme vu “Webwalking am Kiischpelt” (www.webwalking.lu). Um lieudit ‘Am Lor’, wou kallekhaltegen ‘Ardenner Schifer ‘Spezialsten no ‘der Verwitterung hartnäckeg trotzt’, animéiert vermuttlech de Mikroklima d’rar Lorblumm a grousser Quantitéit ze wuessen. Déi wëll Narziss steet via règlement grand-ducal (vum 19.08.1989) ënner Naturschutz.

Lelljen huet säin authentesche Charakter behalen. Et zielt zur Por Pënsch, dem Porverband Kiischpelt an Dekanat Wolz. Seng dem Hl. Péitrus geweite Kapell läit un der Kräizung Haaptstrooss - Burrewee. Prospekter nenne se mol "klein, aber fein" mol ‘très pittoresque’. De Carlo Hemmer beschreift s’als bescheiden… mä elegant an eenzegaarteg am Land. Hire niddrege Chouer huet eng “voûte en berceau” (oder e sougenannten ‘tonnengewölbte Chor’),  an d’héicht aachteckegt Quierschëff ass bannen a baussen harmonesch. De Portalsteen mam Datum 1806 huet d’ländlech-barok ‘piété populaire’ inspiréiert. D’eenzeg Klack am schlanken ‘Daachreider’ laut hei säit 1840 - an d’Symboler an den zwou Säitefënstre, Kräiz a Schlëssel, Palmeblieder a Schwert..? Si erënnere säit ëm 1950 d’Passanten diskret un d’hei populär Hellgegestalten Péitrus a Lucie. Hiert Fest housch fréier Lazeiendag, hir spéitmëttelalterlech Statu, eng vum Vinzenz an d’Consolatrix-Gravur am Seidekleed beliewen den Altor. Den ëm 2005 restauréierte Raum krut da nei Konschtwierker vun lokale Kënschtler: e Kräizwee vum Charel Schmit an den Triptychon ‘Chemin de Lumière’ vum Margot Reding.

Am „anheimelnden“ deels mat dem Schieferfiels verwuessenen Éisleker Duerf (R. Krantz - N. Quintus) hat d‘Vollekszielung vun 1880 den Andreas Juttel als leschte lokalen Neelschmat ernimmt. En historescht Theaterstéck handelt Enn de 1790ger an dréit ëm de ‘Klautge vu Lällgen‘, deen Neel an alle Fassongen an Déckte maache konnt (an als Gesell de Klautjeshond hat fir d’Rad ze dréien.) Enn de 1920ger hat de Wëlwerwolzer Schoulmeeschter Haengtes d’Geschicht verfaasst, an de Poutty Stein sollt se spéider musikalesch arrangéieren. Doran huet e jonke Schibbereger Här der Schlassduechter vu Wëlwerwolz an dem sympathesche Cloutier, dem Lellger Emil, Misär gemat. D’Suite hat an de 1950ger d’Bühnespill verroden. - Nët als Bühn, mä als offe Galerie d’art versprécht den ewell ernimmte Lellger Konstfestival ëm de Nationalfeierdag villerlee Surprisen: iwwer honnert Kënstler schaffen do op der Plaz. (An als stommen Zeie vum Liewen hoffen da munnech Pënselen op enger Toile „Spuren ze hannerloossen“.. (M. Reding)

P.S. Ganz attraktiv ass och den internationale Kiischpelter Quiltfestival. All zwee Joer stellen dobäi Kënschtler hir 80x60 cm grouss handgemate Quilten aus an der Millen, a verschiddne Scheieren, der Kierch, an ë.a. an de lokale Galerien. Den Organisatiounskomitee invitéiert «2014» op d’6. Editioun vun deem Wëlwerwolzer Festival, dee véier Deeg laang véier Kiischpelter Dierfer animéiert. - Den edukative Léierpad mam schéinen Numm 'Via botanica' féiert aus dem Duerf eraus; säin Ausgangspunkt ass beim Café Lellger Stuff, seng Längt 7,5 km an d’Héichtendifferenz ca. 250 m. De Pad offréiert eng räich Flora a Fauna, 25 poetesch an ekologesch Inszenéirungen an an d’Landschaft integréiert Raschtplazen. D’Lorblumm, d’Narcissus pseudonarcissus, déi anerwäerts z.B. 'wild daffodil' oder 'Lent lily' genannt gëtt, wiisst do ganz autochthon d.h. ouni mënschlech Influence. Se war 1981 d’Blumm vum Joer an hiren Ubléck soll berouegen.