Lauterbuer
Lauterbuer läit 27 km vun der Haaptstad. ‘t weess keen wéini et besiedelt gouf, mä de Jean Haan ernimmt um noen „Hunnekapp“ Spure vu Wieranlagen! Seng historesch Gebaier symboliséiere Momenter aus der Lokalgeschicht. Eng ‘Loftopnahm‘ weist bei luxalbum.lu d’Schlass, d’Kapell, an net wäit ewech den Hotel ‘Au Vieux Moulin’. Lauterbuer hat emol eng eege Gare, eng Photo dokumentéiert 1910 d’ 'Station Lauterborn' mam Café an d’ 'voies du vicinal'. D’Zuchstreck Lëtzebuerg-Iechternach war a Betrib tëscht 1904 an 1954. De Prënz Hari (+1879) hat sengerzäit den Notable geroden d’Eisebunnsstreck bis an d’Sauerstiedchen ze bauen. (Hie koum nämlech gär mat der Prinzessin Amelie an de kaum bekannte pittoresken Dall vun der Schwaarzer Iernz!) Duerch d’Eisebunn mam Spëtznumm Chareli koum de prophezeiten neien Opschwonk; den Titel Stad hat Iechternach nämlech schonn 1845 vum Wellëm II. kritt.
Den Uertsnumm „Lauterborn“ bedeit “reiner Brunnen oder klare Quelle“. Hannerëm Hotel aus ëmgebaute Milleraim sprudelt kristallkloert Waasser vun där 10,5 km laanger Lauterbuererbaach - déi der Plaz den Numm gouf! Den Haff vu Lauterbur hat de Propst Berengaud der Abtei ëm 930 geschenkt. Den Abt Bertels hat hei am 16. Jh. al Haiser gemoolt, ‘scènes de la vie quotidienne‘, e klengt Millerad an en Hiert mat Béischten. Enger aktueller Beschreiwung no bestéing Lauterbuer „lediglich aus einer kleinen Barockkapelle sowie aus einem reizvollen Schloss. Und das Zusammenspiel der Beiden schafft eine sehr malerische Atmosphäre.“ D’Schlass mam barocken Avantcorps war fréier eng Dependence vun der Abtei. 1774 gouf d‘baufällegt Hafgutt ënner dem Abt Homann als Patere-Residenz opgeriicht, an zeng Joer drop ëmgebaut zu engem charmante Manoir um ‘site d’une ancienne bergerie‘ mat den Armoirië vum Bauhär. (Roger Bour) Dëse war de leschten Abt Emmanuel Limpach.. an d’Pläng koume vum Architekt Paul Mungenast. D’Kapell am Rokokostil datéiert vun ëm 1776 an huet en aalt kierzlech restauréiert Bild vun enger Madonna mat Kand a mam Wope vum Abt Petrus Fisch. D‘Buch ‘Echternach Histoire d’une ville‘ vum Paul Spang veréiwegt eng 47,5 cm grouss Irminestatu aus Alabaster aus der éischter Hallschent vum 17.Jh., déi an dëser Kapell stoung an dem Séverin Scholer attribuéiert gëtt.
Ouni Bicher wéi dëst wär d’Geschicht stomm... an dofir nach e puer Zeile vum Professer Spang: si erënnren drun, dass d’Iechternacher Abtei mat der Abteikierch am Februar 1797, d.h. an der franséischer Revolutioun, versteet gouf. Lëtzebuerg war dunn département des forêts, an d’Faiencerie an de Kierchemaueren sollt Aarbechtsplazen ubidden.... Mä déi Jonk goufen an d’Arméi vun der neier Republik agezunn (an duerno an déi vum Empire.) An um Wee vun Iechternach an d’Stad, an hir Garnisoun, entstoung d’Gewunnecht eng éischt Halt bei der Ferme de Lauterbour ze man. Jiddereen huet säin Numm do op eng Mauer geschriwwen.. an dës housch herno „Mur des Conscrits“. Se war vu munnchen leider eng lescht Trace! Mat der Abtei gouf och den Domaine Lauterbuer versteet. E krut e puermol nei Besëtzer. 1935 hat d’Baronne Thyra Seillière dat véier Hektar grousst Wiëse kaaft. D‘Duechter vum Baron Raymond Seillière (an enger polnescher Baronin) blouf net als Operesängerin, mä als Auteur a ‘figure proustienne‘ (Frank Wilhelm) an Erënnerung. D‘Schlass mam Hären- an Domestikenhaus, Ställ, Scheieren a Kapell, Park a Weier sollt der Châtelaine am Summer eng Plaz vu Rou an Inspiratioun ginn. An hirem drëtte Wierk, „Silhouettes et paysages“ vun 1948 dréit d’Kapitel „Le jardin mutilé“ ëm Lauterbuer. (Säin 1945 deels zerstéierte Säitendeel hat si nees a Stand gesat..) 1977 goung de ganze Komplex un d‘Famill Gallo a gouf sanéiert. An den 1990er goufen d‘Nokomme vum Armin Robinson (ë.a. Librettist an Impresario vum Oscar Straus) d’Besëtzer.
Net ze vergiessen, d‘Schlass Lauterbuer koum Enn Oktober 1945 op den Zousazinventaire vun den Nationalmonumenter. A soss: Der Staatsstrooss hire Bau hat 1844 ugefaangen; se goung bis op d’Iechternacher Moartplaz, an niewebäi sinn d’Haus Jans un der Sortie vum Stiedchen an d’Ofzweigunge vum chemin de Consdorf a vum Wolperhaf ernimmt. Den allgemenge Réseau- routier goung geschwënn an all Richtungen, Promenaden an de ‘Mëllerdall’ goufen attraktiv... an e Hugo Saz wär hei net onpassend fir eng Pub: “d’Natur mécht alles wat se kann fir de Mënsch ze besänftegen..” Lauterbuer steet iwwregens bei Iechternach am Telefonsbuch.
P.S. Den Iechternacher Autopédestre 1 féiert laanscht Plazen, déi d’Ferrariskaart 1777 indiquéiert, z.B. d‘Foll-an d’Oligsmühl an déi 1353 gegrënnten Nonnemillen. E puer wichteg Date beliichten d’Millegeschichten: 1740 d‘Follmillen bedreift de J. G. Dieschbourg; 1840 Bauautorisatioun fir dem Joseph Speck säi ‘moulin-à-farine "Bei den Zweikreutzer" um Lauterborner Bach; 1869 Demande vum Eugène Speck fir seng filature de laine an den ancien moulin-à-huile vun der Lauterbuerer Ferme ze transferéiren an do e moulin-à-foulon (d.h. eng Walk-Millen) ze bauen. (..‘Lautrege’ Stoff ass labber gewieft!) Den Henri Dieschbourg aus der 2. Generatioun schafft op der Specks- a baut 1870 d‘Neimillen. Säi Fils Henri iwwerhëllt duerno d’Nonnemillen, déi haut net méi steet, (säi Brudder Eugène d’Bisser Pastoretmillen) an de „Schampier“ steet 1897 d’Specksmillen. D‘Mëllerhandwierk ass fir si eng Traditioun! (Niewebäi z’ernimme bleift an den 1870ger de Verkaf vun der Oligsmille (mat ’roue motrice‘ vun 10,5m Diameter) an déi do gegrënnte Pabeierfabrik Schouweiler.) En Zäitspronk a lescht Detailer: 1948 kritt de Familljebetrib Dieschbourg Fruuchtsiloen an 1952 e Laboratoir fir Qualitéitsanalysen ze man. Haut gëtt do a véierter Generatioun geschafft an ënner aanrem Bio-Miel a Kaffee produzéiert.