Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Fiels (an der)

Vum 11. bis an d’ 18. Joerhonnert hunn Buerghären d'Liewen an der Fiels bestëmmt. 1123 sinn hei Ritter ernimmt... a knapps 60 Joer drop (1182) den Arnould vu Fels-Ouren als Bannerträger vum lëtzebuerger Grof Henri IV.. Iwwer den 40m déiwe Pëtz an der ‘Kriechinger’-Kichen besteet eng Legend. Dem Fresez säin ‘Album pittoresque’ vum Grand-Duché weist d’Fiels 1857. Aktuelles dann: net um Virowend, mä ewell Freides owes (de 16.7. 2010) war d’Ouverture vun der Fielser Kiermes mam Concert vun der lokaler Musek; och en Évent fir ze molen! An, ‘tradition oblige’, dee Weekend erwaarden nieft de Karusseller och Brocante a Braderie’sstänn Awunner wéi Touristen ‘op der Bleech’.

D’Herrschaft ‘von der Fel(t)z’ entstaamt dem Geschlecht vun Ouren. Vu Veilz, Roketa a… La Roiche bei d’romantescht "Larochette" vun 1320 gouf et an der laanger Buerg- an Uertsgeschicht munnech Seigneuren an ënnerschiddlech Schreifweisen! 1348 krut d’Fiels e Fräiheetsbréif. Den eelsten Deel vun hirer Kärbuerg, d'Homburger Haus, entstoung gläich duerno mat 35m Front zur Dallsäit. Si ass allerdéngs 1565 verbrannt a gouf net méi opgebaut. Mä hire verwëllefte Keller gouf kierzlech stabiliséiert. D’haut komplett restauréiert Criechinger Haus koum op Grondmauere vun der Urbuerg. Et entstoung ëm 1385 mat Keller, dräi Etagen, an um Rez-de-Chaussée Kichen a Bäckerei! Um 1. Stack sinn Palas, Hauskapell a Rittersall. Dem Backuewe säin Damp gouf op halwem Wee genotzt als Heizung… duerch en deels horizontale Kamäin ënnerem Haushär sengem Schlofeck erduerch! 1399 hat de Buergberéng 5 Deelbesetzer, spéider 10.

D'Schlass am Dall, vu 1603, mam barocke Portail mam Wope vu 1725 huet d’Schutzmauer ëm d’Uertschaft nach gesinn. Säit 1992 ass et Staatsbesëtz an haut en Dagesfoyer an de Cader vun der Gemengen-Administratioun. Et ass nom Hubert Victor De Roebé benannt, deen de Fielser de Kierchen-Terrain vermaat hat. Deeler vum feudale ‘Manoir’ hat gutt 300 Joer méi spéit, d’Elise de Roebé Schwesteren zur Verfügung gestallt als Fleegeheem fir eeler Leit. D’Staatsstrooss Miersch-Larochette entstoung tëscht 1840/48 a gläichzäiteg och dem Barend Cornelis Koekkoek seng Biller vun der Schlassruin. Si waren eng Commande vu Guillaume II.. Säi Fils, de Kinneck-Groussherzog Wëllem III. gouf dann 1850 Besëtzer vum Schlassdomaine. De Victor Hugo sollt dëse 1871 molen an de Lunch an enger ‘magnifique Salle’ ouni Daach luewen!

Larochette war 1628 engem Visitatiounsberiicht no Noumer Filial! ‘t hat eng Péiter-vu-Mailand Kapell am Criechinger-Haus, am Homburger d’Quirinuskapell, zwou am Viirbuerge-Beräich an am Dall als faktesch Porkierch d’Nikloskapell. Op si geet d’haut 150 jäereg haleförmeg Donatus-Porkierch vum Ch. Arendt zeréck. Si krut 1934 monumental Freskemolereien vum Nicolas Brücher, déi lokal Modeller veréiwegen. Donieft impressionéiren d’Ronnpfeiler, d’al barock Altär a Statuen aus fréiere Kultstätten. De Groussbrand vum 24. Juni 1865 hat hei iwwer 60 Fielser Haiser an d'Porkierch zerstéiert, an duerno huet d’ganzt Land gesammelt fir d'Affer. - Net ze vergiessen: D’Fiels war 500 Joer laang eng Handelsplaz vun Duch; d’fréier Kleederfabrik "J.P.Ginter-Ginter" gouf als Zeie vun der industrieller Vergaangenheet 1985 Gemenge Besëtz an stilgerecht als Kulturzentrum restauréiert. A ‘Fielser Biddestöpp’ heescht d’Maison Relais fir Kanner an der aler ‘Brosserie Moderne’. D’Haaptindustrie ass haut hei den Tourismus! Ouni Tourist zielt d’Fiels 1604 Awunner, mat de Campingsgäscht dat duebelt. Vill jonk Familljen hunn hei de sonnegen Teint vun Portugiseschen Immigranten. Si an d’Stack-Fielser freeë sech alleguer iwwer de faarwege Kiermesbetrib. An dem Rodange seng Rénert-Verse gëlle nach: ‘Zur "Fiels" am Ärenzdällchen - War hauer och e Fest, Duer koumen d'Musikanten - An d'Sänger all déi best…’

P.S. : D'Fielser Géigend war zur Réimerzäit bewunnt, wat eng Mënz confirméiert, déi beim Restauréiere vun der Buerg opgedaucht war! Hei gouf ‘t Rencontren, Cortègen an Dokumenter mat wichtege Nimm, deenen hir Fantômen «d’atmosphère morale d’une cité» man (Cocteau). Ewéi ugedeit sollt de Victor Hugo de 16. Juli 1871 d’impressionant Plaz a sengen Notize begeeschteren: ‘on nous a fait servir un luncheon dans la magnifique salle que fait le grand donjon sans toit. J'ai tout revu avec émotion, le puits, les tours, la chapelle.’