Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lamadelaine

Lamadelaine gëtt heefeg och Rolléng genannt an zielt mat Rodange zur Gemeng Péiteng. D’Leit kënnen do vu breedgefächerte Servicer profitéieren. De lokale Centre de loisirs vu Lamadelaine kann een z.B. reservéiere fir Ausstellunge, Concerten, Konferenzen, Cabaret a villes méi! En anert Rolléng oder Rouléng besteet an der Gemeng Bus a Rollengen läit bei Miersch. Et existéieren och e Lamadelaine bei Lille an eng Insel "La Maddalena" nërdlech vu Sardinien. Wëssenwäertes nach: D'Madeleine sollen ee generéise Charakter hunn. Mä dass si och ganz sensibel si verréit den urale Sproch “Kräische wéi eng Mraimuedeléin”.

An der zweeter Hallschend vum 10. Jh gouf Lamadelaine mat Rodange integrale Bestanddeel vun der Lehnsherrschaft vu Lonkech an der ‘Lotharingie’. ‘t krut am Laf vun der Zäit ofwiesselnd louthrengesch-baresch, zweemol franséisch an nees louthrengesch Hären. No 1646 hunn d'Fransousen dann d’deemoleg Lorraine eruewert. Lamadelaine läit um Fouss vum zimmlech berühmten Tëtelbierg; dem J.P. Koltz no wollt de Vauban do déi Citadelle bauen, di tëscht 1680 a’84 zu Longwy entstoung. Den Tëtelbierg wär e bësse méi héich gewiescht... Ënnerëm Règne vun der Keeserin Maria-Theresia (an dem Louis XV) goufen 1769 d'Grenzen ajustéiert. Eist Land krut dunn endlech Rodange a Lamadelaine zréck, an donieft Nidder-Athus, Lasauvage an Aubange. (Zougläich koume reliéis Reformen ënner staatlecher Kontroll an d’Lutte géingt den Awerglaawen.) Net ze vergiessen: De "pays de Longwy et d'Arlon" hat emol mat eiser Géigend zum Empire vum Charlemagne gehéiert, dem Frankekinnek a spéidre réimesche Keeser; hien hat Kultur gefördert an ë.a. och Agrar- a Gaardebau reglementéiert. Den Duerfkäer vu ‘Rolléng’ haten d’Franke gegrënnt, tselwecht Zäit wéi Déifferdeng, Rodange a Péiteng. Si hunn deemols Muselfränkesch hei ageféiert, d‘Sprooch déi nach hei wi an der Aareler Géigend wéineg geännert huet – vläicht net extra räich u Wierder ass, mä un Häerz a Gemitt. (Se gouf ewell mat gesondem Familjekascht verglach!) Wéi op de meeschte Plaze war am Land vun der rouder Äerd a laangzäit och hei d’Landwirtschaft e stabilt Element.

1839 hat Lamadelaine 224 Awunner a Rodange am Vergläich 405. Ëm 1900 war et gewuess op 580 a schonn e "bourg célèbre" duerch seng Eiseminnen. Hir offiziell Konzessioun geet bekanntlech op 1881 zréck. – D’Por besteet säit 1860. D'Kierche-Patréinesch, d'Maria Magdalena, protégéiert ë.a. Gäertner, Coiffeuren, Parfümeuren an Hänschefabrikanten. Hiren Attribut ass en Dëppche mat Sallef a charakteristesch fir hir Gestalt sinn extra laang Hoer. Eng klassesch Muedeléine-Statu steet baussen iwwer der Kierchenentrée nieft dem integréierten eeleren Tuerm. (Date vun hirer Virgängerin wësse mer net, just, dass an den 1980ger bei Renovéirungsaarbechten bannen am Raum al Griewer fonnt goufen.) D‘1934 ënner dem Architekt Deitz nei opgebaute reliéist Gebäi hat Notizen no genee 394.636,55 Fr. kascht. Déi eelst Fënstre sinn vun 1935, déi ronn mat de moderne Glaskompositioune vun ëm 1950. (Ee beim Schaffen deemools zoufälleg agemauerte signéierten Ziedel sollt bei spéideren Aarbechten no iwwer 40 Joer erëmfond ginn!) D’Kierch hunn an de 1950ger an 1960ger dann eng nei Häerz-Jesu-Statu, skulptéiert Kräizwee-Statiounen, eng nei Haupt-Uergel an zäitweileg schwaarze Marbermobilier opgewäert. Säit Dezember 1979 dékoréiert eng holze mat Sëlwerblech iwwerzunne Kräizegungsgrupp vum Rëmelenger Kënschtler Albert Hames d’hënnescht Chouerwand. E spezielle Moment war 1985 der Chorale (vum Uert mam biblesch ugehauchte Numm) hiren Engagement bei der Poopstvisite zu Esch.

Traditionell ginn d'Rollénger um Virowend vu Christihimmelfahrt invitéiert an eng Mass op d'Muttergottesknipchen um Tëtelbierg. Déi héich Statu hat virun 2009 jorelaang keng Hänn méi. Dunn gouf se restauréiert, owes beliicht an d'Plaz ronderëm frësch amenagéiert. Beim alen Denkmal bitt sech eng wonnerbar Vue op munch schlubbervolle “Goart“, op “Koar“ an der Gewan a schéi gréng Bëscher. Hir Wuerzle fille sech wuel am roude Buedem, deen de Süde vum Land prägt a Synonym fir Énergie an Innovatioun ass. Di vum Erzofbau verännert Plazen ëm den Tëtelbierg huet d' Natur sech entretemps zréckeruewert. Zu gudder Lescht erënneren um Kierfech extra Griewer u batter Stonnen, an deenen hei 5 vu 6 heroesch „Royal Air Force“-Membren (den 10.5. 1940) erofgeschoss goufen.. An déi typesch Bueren am alen Duerfkäer speist Quellewaasser vum noen natierleche Biergvirsprong. E läit 130m iwwrëm Kuerdall a war gutt 500 Joer, d.h. bis an d‘5. Jh. eng strategesch wichteg 43 ha grouss Treverer-Siedlung.

P.S. Nët nëmmen d’Tëtelbierg-Trëppler vu Lamadelaine, wahrscheinlech och grouss Deeler vun hiren 2.630 Awunner (1.5.2014) kennen d’Virdeeler vum Tëtelbierg senger Lag: Et koumen do 3 Handelsweeër zesumme vu Metz, Paräis a vum Rhäindall. ‘t gouf do Eisenäerz, an ‘t konnten do Wuere produziert, gelagert a getosch ginn. Vermuttlech haten do emol réimesch Händler dem Cäsar seng Arméi mat Proviant versuergt. Den Cäsar hat d'Leit aus dëser Géigend geschat a geschriwwen: vun alle Gallier sinn d'Belsch déi kéngst! (http://lb.advisor.travel) Eng ronn 2.700 Meter laang Mauer (dee sougenannte Murus Gallicus) goung ëm de Plateau, hire Verlaf ass nach no 2000 Joer gutt ze gesinn. D'Presenz vu méi fréie Kulturen bestätege Feiersteng, stengen Aaxten an allerlee do fonnte Geschir. Am 3. Jh. no Christus hat den Tëtelbierg ë. a. och duerch seng "Glasfabrik" an Mënzschléieratelieren eng gewëssen Importenz.