Koplescht
Beim éischte Bléck ass Koplescht eng onopfälleg Uertschaft ouni Schlass, gréisser Attraktioun oder Leeschtung. Mä beim Liese vu senger Lokalgeschicht entpoppt et sech als besonnesch Plaz an enger „Landschaft lyrischen Ursprungs.“ (R. Gliedner) Do wou de Mamerdall an d’Streck op Sail sech kräize läit eng ‘zone protégée d'intérêt national’! Dem Naturhistoresche Musée no goufen am Raum Koplescht-Briddel iwwregens an den 1950ger hei rar Bëschmeekiewerleke registréiert. Dem Evy Friedrich säin Trëppel-Guide ’Wandern in Luxemburg’ recommandéiert an där remarkabler ‘réserve naturelle’ d’9 km laang Promenade laanscht d’Schmitzmillen, d’Pompwierk, duerch de Maulepsgrëndchen an den Dall vum Ledeleschbur zréck an den Duerfkär! À propos Ledeleschlayen… do wären dem Jean Haan no Spure vun enger Fluchtbuerg! Den Uertsnumm erlaabt Imaginatioun, e war op der Mercator Kaart 1585 Kapstein (nieft Schienfeltz), dem Allard senger Lorraine-Kaart no 1675 Kopstein, an op där vum Dezauche 1790 Copstat. Wichteg Temoignagen aus dem 13. Jh. nennen den Uert Besetz vum Grof an déi meescht Awunner “Aussenbürger der Stadt“ (Lascombes).
An de Bicher vum Franziskanerklouschter vu Bouneweg figuréiert den Numm „Koplescht“ fir d’éischt am Joer 1296 ënner der Bezeechnung „Granges de Copstal“. 1336 ernimmt eng Chronik d’Lymperchpforte, déi de Verkéier aus der Festung a Richtung Koplescht a Säil regelt. 1615 sinn hei 16 Aussebierger (an zu Kielen 8) agedroen, déi dann 1671 als eventuell Neisiedler an der Stad Faveure versprach kréien. (Ee Kopelz weist iwwregens d‘Kaart ‘Luxemburg mit Gegend auff 2 Stunde‘ vu 1717.) Ir et autonom war - bis 1805 - huet d’Duerf riets vun der Mamer zur Steeseler Por a lénks zur Kielener gehéiert. Et gouf no 30 Joer vun der Gemeng Kielen detachéiert an1853 eng nei mam Briddel, deen och net an där Steeseler blouf (... wéins der Distanz zum Gemengenzentrum.) Säi Wope mecht Allusioun op typesch Detailler. De gréngen Hannergrond symboliséiert d’Bëscher an den azurbloe Fong weist op d’gefaasste Quellen hinn. De Weidenzweig ass e Symbol fir d’Industrie vun der Vannerie, déi hei ufangs vum 20. Jh. floréiert hat an d’Oseraien, déi den Toponyme ‘Weidendall‘ (‘Weddendaul“) inspiréiert hunn. 1895 hat nämlech d’Hollerecher Champagnerfabrik Mercier d’verfale Kopleschter Aalmille kaaft, restauréiert a Wunnenge fir Beamten, Büroen an Openthaltsraim fir Aarbechter dran installéiert. (E Joer drop koumen op 14 ha ëm 300.000 Weideschëtz an de Buedem (...eng Fraenaarbecht.) An ‘t hu geschwënn an der firmeneegner Kuerfflechterei bis zu 100 Leit geschafft (wat Wuelstand fir den Uert bedeide sollt!) (R.Clesse). D’Aarbechtsfeld housch intern ‘Madagaskar‘ oder ‘Dahomey‘. Un de Versandkierf fir d‘Champesfläschen hunn zäitweileg bis zu 50 Jonker geflecht. Eng Photo veréiwegt d’Harmonie a Feierwiersgesellschaft „Mercier“ mat iwwer 80 Aktiven. D‘Plaz Edgar Stanislas Cossé erënnert un den Directeur bienfaiteur (1856-1908).
D‘Basisinfo zum ‘Kopleschter Pompwierk‘ verréit, dass d‘Stad zenter 1903 hei iwwer ëm 30 ergiebeg Waasserquelle verfügt (an als Revanche dofir d’lokal Waasserleitung speist, mä net gratis.) 2/3 vum Stadter Waasserbedarf kommen aus eegnem Quellgebitt (aus ronn siwenzeg Quellen vun hei, an ë.a. de Siwebueren, der Polvermillen, de Glasburen an aus der Millebaach.) „Fréier goungen d'Leit bei d'Waasser, haut kënnt d'Waasser bei d'Leit". Säi Kreeslaf kréie Schoulklassen un Hand vun engem didaktesch héichintressante Modell an der Kopleschter Statioun erkläert!
D’Historiker si sech eens, dass Koplescht ewell am 13. Jh eng Kapell op der Kräizgaas um Bord vum Bësch a Fouss vun de Fielsen hat, do wou déi meescht Leit gewunnt hunn. Et gouf 1805, wi well gesot, eng eege Por.. Seng éischt Kierch koum ëm 1570 op d’Steeseler Säit vun der Mamer; de Bau vu senger haiteger mat den 2 Statuen an der Fassad entstoung dann 1838 op där aanrer Säit (finanzéiert mam Verkaf vun engem Bësch.) Se gouf 1926 restauréiert, mä duerch d‘Sprengung vun der Bréck duerch déi Däitsch am September 1944 beschiedegt. 2005 hat den altersschwaache Wiederhinnchen e Beebroch a krut eng Plaz am Gemengenhaus. Elo trount en neien 5 Kilo schwéiren aus gehummertem Koffer 40m iwwerëm Buedem. Sechs vun de Kierchefënstren (vum Nina a Julien Lefèvre) hu konschtvoll Zeene wéi de barmhäerzege Samariter, déi aner e Medaillon. Erwähnenswäert sinn och d’Monument fir den Dichter vum “Kopleschter Lidd“ Victor Weiss, (hei Paschtouer vun 1916 -'23) an d’Festschrëft ‘100 Joër Musek Koplescht-Briddel’ vun 2004. D‘Zukunftsvisioun vum fréire Buergermeeschter Guy Linster housch an engem Interview: Challenge fir net Schlofgemeng ze ginn, wéineg wuessen, technesch Problemer léisen, Traffic entschäerfen a méi Aktivitéiten am gesellschaftleche Liewen!
P.S. Direkt nom Krich hat Koplescht ronn 700 Stackkopleschter Awunner - Enn 2012 da 754 aus diverse Natiounen (an ufangs Abrëll 2014 genee 6 manner.) Seng dynamesch Geschichtsfrënn ginn zweemol d’Joer d’Broschüre ‘Koplescht fréier an hott’ eraus. S’erfuersche Vergaangenes, z.B. dass d’Nationalstrooss Lëtzebuerg-Sail an den 1850ger gebaut an d’Mamer am Duerfzentrum honnert Joer duerno op 170m iwwerdeckt gouf! Se brénge Lex Jacoby-Bäiträg a repetéiren ë.a. eng Reaktioun op en naasst Kannerbett, nuets: „hues du héint nammell gebaucht!“ Gouf hei beim Keelespill mol de Kinnek oder di ‘Hënnescht’ eläng erausgespillt, housch et: ‘Hie krut der 36!’ ‘Daudien’ a ‘Kierfmecher’ si lokal Spottnimm; ‘Spengelschësser‘ si Libellen a ‘Keek’ bedeit hei Kréienascht! (An d’Keek goen ass an d’Bett goen.) Well vill Leit hei Doléiner ware, gouf ‘t och e Sproch “aarm wéi e Kopleschter“! Aner Trouvaillen: dem Uertsnumm seng 1. Silb kéinnt op Koppel baséieren (muselfränkesch fir Weed- an Ackerland) – an d’Endung " scht" op "Scheed" oder "Trennungsligne" well fréier d’Mamerbaach d’Pore Steesel a Kielen getrennt hat. Wie weess? Een ‘op d’Kopleschter Heed wënschen, op en dire Bam ’ heescht ‘dohi wou de Peffer wiisst!’ Der Legend no soll do den Treffpunkt vun Hexen a Gääschter gewiescht sinn! (Engelmann).