Käerch
An der Käercher Géigend sinn 63 Quellen… Heirëmmer gouf sech fréier ‘Suebelmouk’ vernannt, kee weess haut méi virwat.. Et goufen am 13. Jh. am Duerf 2 Schlässer gebaut. Haut steet dovun nach eng imposant Ruine. Hire Wuecht-Tuerm hat 3 m déck Maueren, war ëm 25 Meter héich an housch allgemeng "tour des sorcières". Ee vum Pir Kréimer senge ville Versen dréit ëm seng Heemecht a seet bal alles iwwer Käerch “Eng Kirech, héich op engem Juck. D’Haiser wéi Pëllen ëm eng Kluck. Vir bei der Bäch, e ganzt aalt Schlass, vun de Jorhonnerten zerrass….“
Käerch, Körich oder fréier Corrich, huet eng vun de schéinste Barockkierchen aus dem Land. Hire Chouer an d‘Schëff entstoungen 1748 ënnerem Curé Jean-Pierre Ningels, deen, laut Beriicht vum Henri Mauer, als Fils vu räiche Stackemer Bauereleit de Bau bal ganz finanzéiert hat. Dee kierzlech revaloriséierte Raum gëllt als Beispill vun italieneschem Benediktinerbarock. Hiren eeleren Tuerm krut 1791 en Helm mat Zwibbelhauf an huet als klenge Pendant en Daachreider iwwerëm Chouer. Säin Ubléck ‘verkündet erlesenen Kunstgenuss‘ schreift de Carlo Hemmer an och… dass de Kierche-Raum engem ‘theatrum sacrum‘ gläicht.
Aus där fréierer Renaissancekierch vu 1610 kommen de Priedegtstull an d’Bänken. Där aktueller hire superbe formeräiche Barock-miwwel huet deels Rokoko-Inspiratiounen. E koum 1755 -57 vum Dikrecher Sculpteur André Doyé an dem talentéierte Käercher Schräinermeeschter Frédéric ‘Friedchen’ Biewer - fir de Präis vun 1000 Räichsdaler. Hir Konscht an d‘Molerei vu Ignaz Millim beweisen d’handwierklecht Können aus dem 18. Joerhonnert. Duerch en 1882 gemoolten Wollekenhannergrond schéngen eenzel Skulpturen ze schwiewen! D‘Gelänner vum Ducksall an d‘Kommiounsbänk si vermuttlech vum selwechten Orvaler Konschtschmatt wéi der Kathedral hire Votivaltor. D‘spéitgotesch Pietà aus dem 16. Jh. staamt aus enger Privatkapell. 1778 hat den Här Kariger de ‘Bourdon‘ an eng zweet Klack aus der aler Stadter Nikloskierch kaaft. Der Grouss-Regioun hirem ‘Itinéraire culturel’ no war d’Remigius-Kierch virun 200 Joer “la plus belle de toute la patrie”. 1968 gouf se Monument National. An hirer Virgängerin souzen sech d‘Hären aus dem Focken- an dem Gréiweschlass a Säitenkapellen vis-à-vis. An där neier haten d‘Herrschaften keng Kapellen, mä ‘schön ausgeführte Stallen im Chor ‘.
D’Waasserbuerg hat 1259 de Wirich vu Käerch kuerz ir e Senechal (d.h. 'Haushofmeister') vu Lëtzebuerg gouf op al Felementer gebaut. D‘Seigneurie goung spéider duerch Mariage un de Gilles d’Autel, deen se vergréisert huet… dann un de Jacques de Raville an ënner aneren un d’Hären de Tornaco an de Pforzheim. D’Gréiweschlass ass eent vun de siwe Schlässer aus dem Eischdall, ‘t gouf 1938 ‚Monument Historique‘ a schliesslech Staatsbesëtz. – Käerch war documentaresch officiel 979 ernimmt. Et läit agebett an den Dall vun der Gieweler Baach an hat virun 100 Joer 10 Café’en. Haut ass nach een do fir seng 1179 Awunner! Säin 1266 vum Ritter Kunz von Coirich (aus enger Niewebranche vum Wirich) gebauten 2. Schlass ass längst verschwonnen. 1693 ass säin do abestuedte Besetzer Jacques Fock (och Jacob Vock von Hübingen) ernimmt, no deem et benannt gouf. De Lambert-Joseph de Marchant et d’Ansembourg hat 1739 béid Schlässer kaaft. Wéi hien 1750 de Räichsgrofentitel krut housch dat éischt da ‘Gréiweschlass‘. (Et schreift sech mol mat w mol mat v.) Vum Fockeschlass existéiere nach de Numm, de lieu-dit "Fockegaard" an e Grafsteen mat Wope vu senger Herrin Beatrix vu Nassau an der impressionanter Kierch hirer Sakristei.
P.S. Eng Bewonnerin hat der Dekanatskierch* hiren harmonesch eleganten Intérieur emol ‘dem Herrgott sein Danzsall‘ betitelt. Ënner dem Paschtouer Kariger entstoung 1771 di monumental Trap bei di ‘schéinsten Duerfkierch vun der Welt‘. - Käerch war ewell 979 documentéiert. Senger remarkabler Dallbuerg-Ruine hir Gréisst kann ee just nach ahnen. D’Duerf hat nieft e puer gréissere Barockhief ëmmer och kleng Handwierker- an Doléineschhäiser. A ‘Nobrout’ (Vesperbrot) housch heirëmmer ‘Ombrout‘. ‘Zare-Schlass’ nennt sech hei d‘Muppen-Hotel, dat nieft Dressagecoursen och eng ‘crèche canine‘ ubitt! (*…säit 1843 gëtt et den Dekanat.)