Klengbetten
Eng schwaarz-gro-beige Postkaart vun 1918 veréiwegt d‘Klengbettener Barrière. Si gesouch zenter 1859 deeglech dräimol den Zuch Lëtzebuerg-Arel-Bréissel passéieren. Eng aner Photo weist zeng Joer virdrun (1908) Klein-Bettingen an zwee Wierder mat Bindestréch - e liicht ironeschen Hiwäis op d‘Evolutioun vum Uert! Dee Prefixe krut et, well un der Mess schonn e Groussbetteng bestoung, mä dëst war keen Eisebunnsknuet mat iwwer 15 Gleiser! Duerch Klengbetten koum nämlech säit 1873 nieft der Bréisseler och d‘Atertlinn Péiteng-Ettelbréck, d’sougenannte Prënz Hary Bunn. D’Kräize vun den Zich hat eng Bréck (genannt Hammelsprong) erméiglecht; d’Atertstreck war dofir ugehuewen an d‘Bréisseler ofgesenkt ginn… D’al Gare ersetzt entretemps e modernd Gebai, d‘national Streck läit ewell zenter 1969 stëll, mä ‘t leien nach e puer vun hire Schinnen. An d’Schnellzich brauchen haut vu Lëtzebuerg op Bréissel dräi Stonne siwe Minutten.
Den Uertsnumm "Klengbetten" besteet säit Juni 1897 - virdrun housch en just Betteng oder Betten! E puer Joer virdrun weist e Gruppebild d‘“Personal der Güterabfertigungsstelle Bettingen“ am sonndesse Fuedem.. Wéins dem Verwiessle mat Bettengen un der Mess - och Groussbetteng genannt - hunn d'Stengeforter Gemengepäpp an d'Regierong de Numm festgeluet sou wéi en haut ass. Wichteg ze wëssen ass och, dass d’Duerf virun 1839 zur Gemeng Klengelter am Kanton Arel, zur Por Sterpenech an der Diözes Namur gezielt huet. No eiser drëtter Deelong koum et an d'Gemeng Stengefort. Mer liesen den 19.4.1839 «de par la volonté des grandes puissances de l’époque, un peuple uni depuis plus de six siècles est déchiré». 1843 konnten déi 133 Bettenger Awunner d’Fixéiere vum prezisen Tracé vun der Grenz observéieren (..déi ‘ni naturelle, ni linguistique, ni économique’ mä plutôt e ‘marchandage’ war… housch et.) ‘t gouf e neie Kierfech gebraucht, well d‘Verstuerwen net méi iwwer den ”Doudewee” op dee Sterpenicher gedroe goufen wéi fréier.. (erzielt e.a. d‘online Begleetbrochure zum lokale Rondgang.)
Klengbetten läit 17 km vun der Stad an 10 vun Arel an ass bal ganz zesummegewuess mat de Nopeschdierfer. Seng Gare steet um ‘point kilométrique ‘17,83 vun der Ligne 5 ‘Luxembourg-Kleinbettingen -frontière’. (An hir war zäitweileg och d’Post, bis dem Préposé den dueblen Job zevill gouf.) E Bléck op d’Kaart weist d’Duerf tëscht Koler a Stengefort an tëscht Sterpenich an Hoen. 't hat fréier zur Herrschaft Koler gehéiert an zielt haut 1057 Leit. D‘al Waassermillen, de spéidere Moulin Wildschutz, war am 13. Jh ernimmt. Déi méi nei, d‘1894 gegrënnte Succursale vun den Areler Mëller Fribourg a Wagner, (un der Kolerbach oder Losering) haten d‘Bridder Müller vun Dummeldeng kaaft. Si gouf ni vu Waasserkraaft gedriwe, mä vun Dampkraaft. (No enger Vergréisserung goung hir Leeschtung 1946 bis op 800 Säck pro Dag). D‘Wouerzeeche vum Uert muelt ab 1958 mat modernen Dieselmotoren. Den haut elektronesch geréierte Betrib beschäftegt 45 Persounen an huet en hauseegene Laboratoire. - D’Faarwefabrik Gérard koum 1923 vun Ettelbréck op Klengbetten, se huet expandéiert a krut 1987 en Ëmweltpräis fir d‘Entwecklung vu Lack op Waasserbasis.
Klengbetten ass mat Hoën an der Por Stengefort. Seng Kierch koum 1878 no Pläng vum Clausener Architekt Siegen duer wou keen Iwwerschwemmungsrisque ass... an d'Plaz vun enger aler Kapell. Wou 'lo d'Sakristei ass war fréier eng Schoul. No hirer Restauratioun krut se 1954 eng drëtt Klack, eng Mazoutheizung, eng modern Uergel an eng nei Mariestatu. Hirem Patréiner, dem hl. Cyriakus, engem vun den Nouthelfer seng 75 cm grouss Statu dréit Diakonsgewänner, eng Palm an e Buch. De ländlech-barocken Héichaltor vum N. Greeff-Roesdorf ass vu 1714, huet Schnëtzwierk mat zierleche Vergoldungen a kënnt aus enger lëtzebuerger Klouschterkierch.. Onüblech ass d’nächst Notiz: Wéi an den 1870ger vill Eisebunner an Douanieren am Duerf gewunnt hu, sollten d'Awunner 100 Daler bäisteiere fir d’Sonndes-Fréimass an d’Owesandacht - an de Koschter wollt dofir jäerlech 10 Daler extra! ...à propos Daler, 1921 weisen hei iwwer dausend fonnte Mënzen aus dem 3. Jh. no Chr. op eng Koloniséirung hinn. Allerdéngs waren di dräi keltesch Goldstécker aus dem 2. oder 1. Jh. viru Chr., déi den 2. Weltkrich an enger Knäppkëscht iwwerlieft hunn… méi bedeitend! (etc. online-Brochure) Derwäert ze zitéieren ass och d‘Mywort.lu Definitioun vum moderne Mëller: D’Gestalt mam Beret an der Salopett voll Miel-Stëps an engem Saack Kären op der Schëller ass e pittoreske Cliché; haut ass e Millepatron en ‘technicien supérieur‘ oder Ingénieur‘! - D'Grenzduerf ernimmt natierlech och de lëtzebuerger Diktionnär. Gouf fréier an der Kannersprooch plazeweis owes am Spaas gesot "elo geet et no Klengbetten...“ war d‘Zäit komm schlofen ze goën.
P.S. D‘Europastrooss 25 oder 'Route du Soleil' ass 2500 km laang - an d‘A6 ass vum Gasperecherkräiz bis op d’belsch Grenz mat hir identesch. Virun der Grenz, viru Sterpenich, verleeft d’Areler Autoroute tëscht Koler a Klengbetten, an um Horizont ass d‘Landschaft do vun engem Greng, dat franséisch Auteure "multicolore" nennen. Wéi hei den Autobunns‘chantier war an d’Säitestroosse méi breet goufen, stoungen d’Grenzsteng 67-70 am Wee.. a koumen net méi zréck! D‘Maark LB 68 stoung tëscht Grass a Klengbetten, dëst dokumentéiert d’Buch Grenzmaarken vum Jos Goergen. Vläicht läit se jo abandonnéiert um ‘cimetière des bornes’ zu Capellen? Zum Thema Grenz sot kierzlech den Areler Buergermeeschter Vincent Magnus: ‘Hält ee sech d’Geschicht virun Aen, si mir dës- an déisäit der Grenz eppes wéi Familljemembren.‘ – D‘bemierkenswäert a classéiert minumum 300järeg Klengbettener Stilleech am Viktorsbierg huet der Kadasterplaz „in der Baumwies‘ den Numm ginn. (Se war 2002.. 24m héich.) An där imposanter Lann tëscht den Haiser an der Kolerstrooss kéinnt e vum Paul Boldt geléinte Saz iwwer ‘Laubfrisuren‘ gefalen... „Man muß wohl Wind sein, um sie zu umarmen.”