Keespelt
Keespelt presentéiert sech als vital Uertschaft, an där «d'Kierch net ëm d'Duerf gedroen" gëtt, d.h. wou keng onnëtz Ëmweeër gemat ginn. Et läit um ale Réimerwee Mamer-Miersch-Weiswampech an hat 2005 genee 555 Awunner. D’Réimer koumen hir no de Kelten, an ëm Kielen weise keltesch Griewer op dës fréier Bewunner hinn. Am Mëttelalter war et mat Meespelt Deel vun der Seigneurie d’Ansembourg an hiren Haaptuert! Et ass op der Landkaart vernetzt mat dem Kattrewang, Dondel, Koplescht, dem Direndall, dem Märjendallerhaff a Schëndels. An Dokumenter steet Keespelt 1291 als “Keusewald“, e Numm deen duerno an e puer Joerhonnerten iwwer Keussfelt op Kauspelt evoluéiert huet an 1750 Keuspelt housch. Héchstwahrscheinlech haten hei Bëscher lues a lues Felder Plaz gemat. (Di zwou Uertschafte Keespelt a Meespelt hate sech effektiv duerch ëmfangräicht Rueden entwéckelt, déi fränkesch Adleger an d'Abtei St. Maximin gefördert hunn.)
Virun 110 Joer waren Basishandwierker gutt zu Keespelt vertruede mat 2 Schmätt, 2 Woner an 3 Schräiner, engem Stullfabrikant, engem Zammermann a 4 Wiert mat Epicerie. Niewt hinne goungen och nach 4 Schousteren, 1 Lengewiewer, 1 Schneider an e puer Kuerfmécher hirer Aarbecht no; di lescht haten iwwregens de niddregste Rang an der Hierarchie vun de Berufer. D’Duerfleit hunn zesummen den eegestännegen Duerfcharakter erhalen. Heihi koum 1898 eng vun den éischte Molkereien am Land. Aacht Bauere mat méi wi engem Päerd hunn d’androcksvoll greng Landschaft an hir moleresch Uebstgäerd rondrëm beaarbecht. ‘t gouf hei ‘kees‘, d.h. keemols Langweil an hir Spënnchen war engem Rénert-Ausdrock no sécherlech ‘kees liedeg’! (Beim Mechel Rodange sengem 'Fuuss am Frack' waren doran “feinst Gebeess, schéinsten Hunneg, Appelschnëtz, a Molber”.) D‘lokal Steebréch ware wäithin bekannt; beispillsweis gouf d’Areler Kasär aus hieres Steen gebaut an méi wi een stengen Trach goung vun hei op Péiteng! All dëst Material koum aus de méi wi 10 haut verloossne Karrièren, wou emol 8 Steemetzer geschafft hunn. Net ze vergiessen de 'Pavéert', dee spezielle Pavee-Poseur, deen di quadratesch Steng mat Fangerspëtzegefill a Form bruet huet.
Bis bei d’franséisch Revolutioun ware Keespelt, Kielen an Nouspelt Deel vun der aler Por ‘Schéimerech’ oder ‘Schönberg”. Hir Kierch ass ewell 983 ernimmt, an di der Legend no dernieft verschwonnenen Haiser hu keng Spuren hannerlooss. Keespelt blouf da bis 1851 bei der Por Kielen a gouf autonom, nodeems eng Schenkung e Duerf-Kierfech erméiglecht hat. Seng nei Kierch war ewell 1843 vum Theodor Eberhard zum Präis vun 20.450 Frang gebaut ginn. Se huet en Dreiecksgiewel am Neoklassizismus a ronn Fensterbéi. Hir 1846 kaafte Klacken haten d’bestallte Gewiicht vu 600 kg iwwerschratt an hire Präis den Devis! D’Miwweléirung erliichtert hat 1850 e staatleche Subsid vu 500 F. - Am Jor 1730 ernimme Geschichts-splitter Paramenter an en Drohaltor vun der fréirer Duerfkapell. Wéi si iwwerflësseg war, gouf se mam ‘Accord vun Uewen’ ëmfonktionnéiert als Schoul! An a si goung ënner villen aanren de Staatsminister Pierre Dupong. 1856 gouf d’nei Kierchtuermspëtz geännert an 1870 den Cecilieveräin gegrënnt. Wéins Abrochsgefor ass zousätzlech zur “Dräischlësselkassette” 1902 e Kofferfort fir d’kierchlech Wäertsaachen ugeschaaft ginn. A geschwënn drop huet eng Müller-Uergel fir deemols 3.600 Mark de Gesank ënnermoolt.
En aktuelle Bléck an d’Kierch weist e gutt erhalenen Altor, den originalen Dafsteen an de Patréiner, de Wendelin mam Schof gläich 2 mol. Aner Statue stellen den Ambrosius an Augustinus, de Péitrus mam Schlëssel a Paulus mam Schwert an de Pantaleon, den Dokteren hire Protector, duer; bei den 2. Patréiner, den Antonius oder ‘Schwengshellegen’, koume fréier Pressessiounen. D’Keespelter Statioune sinn op Metall gemoolt. De méi rezente niddregen Altor aus der hallwer Kommuniounsbänk hat dem Ed Moes seng kreativ Hand gezeechent. Fir der Kierch hir 150 Joer gouf eng nei Uergel installéiert a fir der Por hiren Anniversaire koum en historesch wäertvollt Buch eraus. ‘t ass e Modell vun Duerfgeschicht an iwwer der Natur hir Diversitéit, an ‘t erënnert ënner aanrem un de fréiere Fräsche-Weier‚ genannt Keespelter „Mier“! Aus dem ale lëtzebuerger Dictionnär vun 1906 ass de lokale Sproch: '  ëm  schlofen' - am Sënn vun d'ganz Nuecht duerch schlofen..
P.S. Nozedroe bleift déi éischt urkundlech Notiz vu Keespelt, vun 1281, am Zesummenhang mam Klouschter St. Maximin senger ‘Rändungstätegkeet‘ - bei där duerch Kaf oder Tausch Ecken vum Besëtz ofgerënnt goufen. D’erwähnenswäert Biographie vum Wendelin verréit, dass dee schottesche Kinnecksjong, koum iwwer de Beruf vum Hierd zum Véihdokter koum. Duerno gouf en Eremit an dann Abt vun Tholey am haitege Saarland. Beim sengem Begriewnes, ëm 620, goungen d’Ochse mam Läichewon laanscht de Kierfech bei seng Klaus baussen Tholey. An do sollt duerno säi Graf vill Pilger unzéien.. Soe mer nach, dass een Deel vun de ganz ale Kräizer um ‘Schéimerecher’ Kierfech eng “apparence celtique” huet. (Déi Kielener sollten der dovun alt emol benotzen, wann hir net méi gutt waren!) Vum Véiergötter- oder "Heedesteen" si nach zwee Relieffer erhalen; virum Kierfech ass eng Copie, de Steen selwer steet am Musée. Keng Skulpturen, mä Biller entstinn haut hei am Atelier vum Roland Schauls, deen emol sot "Molen ass fir mech ewéi Otmen."