Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kiemen

D’Gemeng Buurschent notzt wäitsiichteg hir Héicht an huet de leeschtungsfäegste Wandmille Park vum Land. De Rendement vum "Wandpark Kehmen/Heischent" senge siwe ‘risege Spargele mat Probeller’ (Braconnier Léon) bréngt et op 23,6 Millioune Kilowatt am Joer! Dat ass bal souvill Spëtze Stroum wéi d’Späicher-Kraaftwierk um Esch/Sauer Stauséi… oder wéi all eis Wandmillen 2001 zesumme produzéiert hunn. Mat senge 35 Meter laange Rotoren un den 98 bis 100 Meter héije Betongsmaste kéinnt dëse Mega-Wandpark de private Stroum-Besoin vum Kanton Wolz decken.

Kiemen, lokal gesot Kemen, Kehmen, an der Gemeng Buerschend, huet 69 Awunner, ronn duebel souvill wéi Scheedel. ’t läit op gutt 490 m Héicht am ‘südléchen Héichéisleck’ an ’t feiert den éischte Sonndeg am Juni Kiermes. Nobäi huet een vun dem sougenannte 'point culminant' eng Vue op d’Kasäre vum Härebierg. Heirëmmer reent et, grad wéi am Héichéisleck, am meeschten am Land an ’t gëtt Schrëfte no vun der ‚Administration des Eau et forêts’ méi wéi honnert Deeg Frascht. ’t hat fréier manner Awunner; seng ‘maigres rangées de maisons’ op dem äermlech-dréchene Buedem haten ni d ‘Avantagë vu fiichten Däller. Wéi chemeschen Dünger da viru ronn 100 Joer den Éisleker Buedem verbessert huet, goufen d’Recolte besser.

De Mémorial ernimmt 1890 e Subsid vun 200 Fr. fir den Ameublement vun der Kapell vu Kiemen... an 1906 nachemol 200 Frang Ënnerstëtzung fir ‘d’nouvelle chapelle’ St Aubin. Hire Patréiner an den Donatus verschéineren d'Chouer-Fënstere vu 1955.* No bei Kiemen op der ‘Scheedeler Knupp’ steet en ondatéiert Weekräiz, en Héichtekräiz, am Schied vun 3 iwwer 14 Meter héije Lannen. De Bernard Simminger beschreift (wahrscheinlech an de 1940ger) dës als “Blätterhünen, déi hei Dag a Nuecht hale Wuecht ëm dem ‘Erbarmer’ säi vum Wand gegierften Eiseläif”. Den Héichplateau vu Kiemen sollte scho Veterane vum Keeser Maximian Herculeus um Enn vum 3. Jh. mat Scheedel an Heischent urbar man. Dëst verréit de Jean Engling am Buch ‘Michelau’ op Säit 42. Dat heescht also, dass hei e Kiem war deen net onbedéngt d’Réimer ugeluet haten. Plazeweis hu si nämlech de ‘réseau préexistant de tracés correspondant à leurs besoins’ vu wichtege Weeër konsolidéiert an ënnerhalen. An gouf et Aackerbau hei, goung en viru ganz laanger Zäit wahrscheinlech net wäit iwwer Well-Friichte-Sammelen eraus.

De Buurschter Schlass-Regester ernimmt eng Zäitchen duerno,1632, den Dietrich Poull vu Kehmen, dee gutt mat Waffen ëmgoe konnt. Hie sollt mat 4 aneren sengem Här, a mat am ganzen 1200 dem Duché an der kinecklecher Arméi, also de Spuenier déngen… mä huet e Vertrieder fonnt am Michel Thillen.

Ee Bléck vun uewe vun der Wandkraaft-Anlag weist d ‘Feelener Hecken, en aneren Wandrieder ronderëm an de säit Mäerz 2011 klasséierte fréiere Bauerenhaff am Uesperwee. Bannen an de ronne Wand-Tierm féiert eng Leeder ronn 100 Meter erop an d’Maschinnenhaus. Do am ‘Häerzstéck vun der Anlag “gëtt d’göttlech Kraaft vum Wand an elektresch Energie ëmgewandelt...” heescht et am Buch ‘Top secret 3’.

P.S. …Nach an der Epoque ‘de l’entre-deux-guerres’ ginn d’’Eisleker Baueren geschildert als ‘Luxembourgeois archétypaux’ (vum Myriam Sunnen am remarquable Buch ‘Lieux de mémoire’) - an de ‘paysage ardennais’ gëtt verstanen als ‘entité geographique autonome’. Kehmen reimt mat Dreemen, eppes wouzou Tableauen hir Betruechter verleede kënnen… Den Internet presentéiert z.B. eng Vue vu Kiemen aus ‘op d'Buurschenter Schlass’ vum Roger Gerson… an eng ‘Vue de Kehmen’ vum Théophile Steffen, deen zu Scheedel säin Atelier huet. - *Eng héichintressant Info vun engem dynameschen Amerika-Lëtzebuerger dréit ëm eng Auswanderer-Famill vun hei - déi nom 2. Weltkrich e groussen Don gemat huet fir d'sinistréiert Kierch ze restauréieren. Dëst stoung iwwregens och 1948 am 'Wort'... D'Gebridder Ludwig aus Remsen am Staat Iowa hunn dem Duerf Kiemen, an deem si gebuer sinn, 153.000 Frang iwwerwise fir den Ëremopbau vun der Kierch... mam Verspriechen dass nach eppes nokéim! Si hunn da nach de Parrainage fir nei Klacken iwwerholl. Di aacht Geschwëster Ludwig goungen 1894 mat hiren Elteren an Amerika a konnte sech do gutt etabléieren - an hirer Heemecht huet hir Generositéit da no engem hallwe Joerhonnert e Stéck lokal Kierchegeschicht matgeschriwwen.