Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kielen

Kielen ass eng ‘commune verte en pleine croissance’ an hat 1991 e Rekord-Wuesstëm opweises vun ëm 62%. ‘t wunnen haut Leit do vu 49 Nationalitéiten. D’Duerf huet sportlech a kulturell Club’en z.B. e ‘Badminton’, e Club hippique, den Theaterveräin “Op Schéimerech”, eng Fanfare säit 1879 an e mat Léift zum Detail ageriichten Brennereimusée. Säi mysteriéise Kanounentuerm war als Dauwentuerm gebaut ginn nieft der Millen - aus Bimssteen. Dass ee Bauer engem aneren domat drohe wollt “eemol erschéissen ech dech” kléngt zimlech legendär! Allerdéngs goufen hei d’Duerfleit fréier am Spott ‘Wandmécher’ genannt!

Bei de Stader Dépensen daucht 1789 d’Nummeréierung vun den Haiser zu Kielen, Koplescht an Hollerech op ...fir 18 Gulden. D’Duerf hat laang Zäit e Landmeier; ernimmt sinn 1693 e Boudry François, dann en Aldringen Jean-Pierre a 1777 den Tesch Jean-Jacques als Assesseur vum ‘siège prévôtal de Luxembourg’. Am 19. Jh. konnt näischt d‘iwwer 200 Kielener Leit zréckhalen z’émigréieren. Ëm 1900 hunn hei an 165 bewunnten Haiser nieft 9 Wiert groussendeels Baueren an Handwierker gelieft. D‘Duerf ass haut opgedeelt an ’di al Awunner, di Bäigezunnen an di richteg Friem’ an ‘t zielt 1975 Leit. Hire Kanner vermëttelt de Schoulgaart Wëssen iwwer d’Natur an ëmweltfrëndlecht Verhalen.

De Léif am Gemenge-Wopen erënnert un d'Ansembuerger Famill, an den Abtstaf un d’Tréierer Abtei St. Maximin, déi hei e reliéisen Zentrum gegrënd hat.Virun der franséischer Revolutioun hu Kielen, Keespelt an Nouspelt zur aler Por Schéimerech gezielt. Dës ass duerch d’Pescht ausgestuerwen; (‘Chemerich‘ war op der Kaart vu 1717 gläich grouss geschriwwe wéi ‘Kelen’! D’Leit gounge Sonndes duer an d’Kierch, an wiertes an d‘Kielener Kapell.) D’al Kierch blouf bis 1905 aus hirem Chouer d’häiteg Kapell entstoung. Op den urale Grafsteng ronderëm haten d‘Steemetzer de Verstuerwenen hir Beruffer veréiwegt – beispillsweis mat Rieder, Houfeisen, Zaangen, enger Schéier oder enger Monstranz. Kierfech a Kapell zielen zënter 1935 zu eise „monuments historiques". Deen 1939 erëmentdeckte Véiergöttersteen gesouch de Jesuitepater Alexander Wiltheim als Kand als ‚Altar mit netten Götzenbildern‘.. Kielen gouf 1890 eng eege Por mat Ollem als Filial. Seng aktuell kräizförmeg Sallkierch stoung dunn grad 10 Joer, hir Barockaltär stamen aus der fréirer vu Schéimerech. Vun do sinn och zwou vun den dräi Klacken - méi nei sinn déi vum Carillon. (‘t gëtt hei och nach eng Bänk aus dem fréiere Klouschter um Knuedler.) Kuckeswäert sinn d’Statuen an d’Fënstre vu 1964 vum François Gillen déi Por-Leit gestëfft hunn. No der rezenter Renovéierung hat de Por-Rot eng „Nuit de l'Eglise“ organiséiert. D’Müller Uergel, historesch Dokumenter, lokal Kierchegeschicht, Messgewänner an sakral Géigestänn (mat engem Kielech aus dem Joer 1533) stoungen dee Moment am Mëttelpunkt!

Geschichtsfrënn intresséieren och Duerfnimm: Kielen war scho 636 dokumentéiert a kënnt vu ‘Callidovilla’. Hei war d’Kräizung vun de Réimer-Divertikelen, d,h. de Niewestroossen Lëtzebuerg-Arel a Miersch-Tëtelbierg. Nom fränkesche Griewerfond vu 1937 gouf 50 Joer drop hei dann e gallo-réimescht Griewerfeld entdeckt “op Rennpad”.. woubäi d’Georges Kayser Altertumsfuerscher" en Terrakotta-Widder ouni Schréips gerett hunn.

P.S. D’Gemeng Kielen ass mat ëm 4900 Leit, enger Aptikt, enger ‘réserve naturelle‘ zënter 1987, enger Industriezon, an dem Domaine Brameschhaff op engem Plateau op 340 m tëscht Eisch a Mamer eng ‘terre d’acceuil par excellence’. Si grenzt un 9 verschidden aner Gemengen (a bis 1853 hat Koplescht zu hir gehéiert). Et ass wéineg a Geschichtsbicher iwwer d’Duerf notéiert, ausser wa schlëmmes geschouch. Mä Dichter kënne Komédien an Tragédien zwëschen den Zeilen liesen… De Jemp Schuster hat emol eng Geschicht ëm ‘den Hädesteen op Schéimerech’ gesponnen, an där kuerz virum Joer 1000 de Jonker Konrod, d'Wiirtsfamill, e jiddesche Pärdsfockert, e Stärekickert an e neie Paschtouer hir Roll op där historescher Plaz brillant verkierpert hunn!