Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Keel

E Slogan nennt Keel, Téiteng a Rëmeleng "porte du bassin minier". D’fruuchtbar Uertschaft un der Kälbaach mam relativ rurale Charakter ass flankéiert vun Ausleefer vun de Vogesen a gouf fréier Keyle oder Keil geschriwwen. D’Gemeng touchéiert mat enger Spëtz d’franséisch Grenz an och d’Naturschutzgebitt „Haardt“. D’Duerf war vermuttlech 3000 viru Chr. bewunnt. Kelten a Réimer haten hei scho lokale Minerai verschafft, mä seng grouss Äerzexploitatioun koum mat éischte Konzessiounen no 1855. Op der éischter Parzell „um Sperrewee“ huet heefeg de Ruff "Gare la Mine" Päerdsbuggyen begleet. Um ‘Kayler Bann’ ëm de Brucherbierg, d’Rischelerkopp an Eiweschbour gouf iwwer 100 Joer mat Schëpp, Hummer a Buermaschinn geschaft… a mat Minen. Bei Keel erënnert dat 1957 ageweite ‘Monument national des mineurs’ mat der Biergmannsklack an Grey-Poutre vun der Hadir un d‘Grouwenaffer. D’42 Meter héich Tuermkonstruktioun ëmginn 24 Gedenktafele mat den aggravéierten Nimm vun 1452 verongléckte Biergleit... (deenen hire jéngsten 13 Joer hat.) Gläich niewendru steet d’Grotte vun der Léiffrächen.

D’neigegrënnten Déifferdanger Zisterzienserinne-Klouschter hat vun 1247 bis zu senger Opléisung 1783 d’Patronatsrecht vun der Keeler Porkierch. Dës hat ufangs Bänke fir Adleger, Patronatshären an de Kiercherot a Stéiplazen fir di einfach Leit. Dokumenter aus dem 13. Jorhonnert evoquéieren eng Maison Seigneuriale vum Genre Waasserbuerg am Zentrum vum Uert an hire Wope mat schwarzem Griffon op gielem Fong. D’Chronik ernimmt 1287 de Simon vu Keel als Seneschall vun der Grofschaft Lëtzebuerg, dann 1344 e Seigneur Thilmann de Kayl an eise Lien zum Archidiakonat Longuyon. No 300 Joer koum d’Porkierch vum Petersbierg an d‘Duerf, an de Porgaart, wou eng Katherinekapell stoung. D‘Copie vun hirer Tuermmadonna aus dem spéide 14. Jh. ziert haut d’Fassad iwwer der Kierchenentrée. - Zur Zäit vum Porhär Leonard Thommen war Keel veraarmt. Dëse krut d’Erlaabnes fir selwer als Bauer mat engem Kniecht verloosse Felder ze bebauen. Sou hat e genuch fir ze liewen a konnt mat Hellëf vum Koschter d’reliéist Liewen nei erwächen.. verréit eng Notiz vu 1629. Eng aner ernimmt kuerz drop d’Schenkung vu Revenue vun der Schlasskappell vu Keyll an vu Messancy un d’Stater Jesuiten.

Di kleng Porkierch hat dann 1747 eng nei ersat, just den Tuerm blouf stoen. Hir Fondamenter goufen 100 Joer drop verstäerkt. Dank der Eisenäerzindustrie hu geschwënn en Duxall, 1890 eng Dafkapell an no 4 Joer e neie Chouer an e Quierschëff hire Raum erweidert. Wéi si 1932 baufälleg gouf hu 75% vun der Populatioun en Neibau gewënscht. De stabilen Tuerm blouf erhalen an de Priedegtstull (vu 1746) vum Bartolomé Meyer vun Iechternach och. D’éischt Mass an där haiteger Kierch war 1935. Hir zwou extragrouss Säitefënstren vun der Fa. Linster si remarkabel: Eng weist d’Tréischterin a Landes-Helleger wéi Kunigunde, Schetzel, Kunibert, Amalberga a Willibrord, déi aner presentéiert iwwerëm Gehaansbierg an der Keeler Buergsilhouette eng Chrëschtkinnecksgestalt, déi en Hommage kritt vum Beschof Nommesch an der Grand-Duchesse Charlotte. Dëse Motiv huet Leit am Krich ugezunn, d’Okkupanten haten nämlech d’Personnagen net erkannt.. Tëscht 2004 an 2007 goufen d‘ëm 110 jäereg Uergel, d‘Statuen an de Mobilier restauréiert. Iwwer der Altorinsel setzt elo e moderne Krounliichter de polychroméierte barocken Altor aus der Abtei Déifferdang an e bessert Liicht; (säin Antependium, d‘Catherinen- an Antoinestatue hunn typesch Greeff-Roesdorf Zeechen.) Dank dem Architektebüro Leven ass Modernes gekoppelt mat Barockem, d’nei Bänken hu beispillsweis al Kappstécker. D’Restauréirung huet d‘Schéinheet vum reliéise Gebäi verstäerkt an dem konschtvollen Dekor méi Ausdrockskraaft ginn… sou wéi dat sech passt op enger Plaz, där hire Numm synonym ass mat ”Kail”, engem ale Bäinumm vu groussen energesche Männer.

D’„Léiffrächen“ war souwuel duerch d’Geschicht wéi och Geschichten fest mam Biergbau an Biergarbechterfamilje verbonnen. Der Marianne Hubert hir Recherche preziséieren, dass d‘aktuell Grott 1936 aus Minettsbléck entstoung op fréieren Dagebaugebidder (..di gelegentlech Wanderschof-Häerden ökologesch ofgrasen.) Déi 1753 an engem huele Baamstamm fonnten holze Statu koum an eng Fielsnisch. Do hu Baueren an Doléiner si veréiert… no 1856 och Biergarbechter an spéider polnesch an Italienesch Immigranten. D’al Figur war 1901 leider verbrannt, eng aner verwittert, an di 3. ersetzt zenter 1937 d‘Gnodebild aus Eechenholz aus der Wierkstat Nickels-Bomb. Mëtt September organiséiert d’Pastoralregioun Süden den traditionelle Pelerinage bei d’Grott. (Hir Virplaz beräichere Podiums-Deeler vun der Poopstmass virum Portal II vum Stolwierk Arbed-Belval (Mee 1985). Spure vum Erzofbau si visibel a rout-giele Fielsstécker an och an onverwiesselbare géie Fielswänn. E Keeler Personnage, dee virum Industriezäitalter gelieft hat, ass den Auermécher Conrad Schmit - eng Tuermauer vun him ass 1768 dokumentéiert!

P.S. Den 1873 gegrënnte Keeler Atelier Massard fonktionnéiert haut a fennëfter Generatioun. Ëm 2/3 vun de Produkter aus hirer aktueller Géißerei a Konstruktiounswierkstat ginn exportéiert. Dass fréier kleng Waggonen fir Zockerrouer- op Kuba a fir Torftransport an Irland gounge… verréit hir Homepage; (se weist donieft d‘Förderween fir Schmuelspuerbunnen, einfach Buggyen a Säitekipper, mä och konschtvoll Stolskulpturen. - Den heroesche Pierre Laux hat op der Säit vun den Alliéierten d’Normandie-Invasioun duerchgestanen, fir da kuerz drop zu Walcheren säi jonkt Liewen ze loossen. Zwee Englänner hunn am Summer 1952 hei e Fliegeraccident beim Keeler Poteau net iwwerlieft, wourun e Gedenksteen erënnert. Landschaftlech bitt d’Gemeng Keel haut perfekt No-erhuelungsgebidder. An hir gëtt Aarteschutz grouss geschriwwen an hire Park reecht als gréng Long bis op Téiteng. D’”beauté sauvage vum paysage” a ganz speziell de Bam bei der Grott war iwwregens dem Thierry - alias ‘Johnny Chicago’ - säin heemlechen ‘havre de paix’. (..Confidence aus engem Radiointerview.) Relativ aktuell ass de wëchentleche Wochemaart op der Plaz Fred Coullen.