Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kapwëller

Zu Kapwëller huet d‘Haiserzuel sech an 20 Joer verduebelt. Et läit verspreed iwwer e Kilometer a ronn 10 Hektar an zielt 51 Awunner a 16 Menagen. (1855 hunn hei och 51 Leit gelieft (an uganks de 1980ger just 17.) ‘t gehéiert zur Gemeng a Por Sëll, dem Porverband Helpert a kënnt no un d’ënnescht Grenz vum Distrikt Dikrech. D‘al Ferraris-Kaart weist ‘Capweiller‘ grad wéi den aktuellen Atlas lénks uewe vu ‘Saul‘, d.h. Sëll, an enger giel-grénger Landschaft. Um Globus fanne mer d’Dierfchen um selwechte Breedegrad (49.7391000) wéi d’ukrainescht Polyanka oder Essertaux an der Picardie. Zum Sujet Environnement haten d’Gemengepäpp 2008 de Wonsch un d’Leit ‘de tisser des liens avec leur patrimoine naturel.’ (LaVoix)

Ënner dem Ancien Régime hate Sëll, Schwiebech a Kapwëller deels vun der Seigneurie Useldeng an deels vun där vu Pitange ofgehaangen. Et zielt zu enger ‘Commune aux multiples visages, oscillant entre charme rural et modernité!’(B. Beffort). Nobäi am Fiichtgebitt fléißt d’kleng Hasselbaach an d’Schwebich, déi ufangs Huewelerbaach heescht an no beim Useldenger Schlass d’Atert usteiert. - D'Kapell vu Kapwëller ass der Mutter Anna geweit. Bei si op d‘Héicht kënnt all Joer um leschte Juli-Sonndeg d‘Anne-Prëssessioun vu Sëll. Si ersätzt zanter 1701 e mëttelalterleche Pilgergank op Iechternach. Si war Akten no 1505, d.h. am selwechte Joer wéi dem Leonardo da Vinci seng Mona Lisa fäerdeg. De massive quadrateschen Tuerm vu „Cappen-“ oder “Capewiller” zielt also iwwer 500 Joer. De Bau koum op en Terrain vum Simmer Här Jean de Raville - an dofir wollt hie järlech ee Stüber vun de ‘Gründungsväter‘. D‘Kiercheschëff an de Chouer kruten no bedeitenden Aarbechten am Joer 1705 hir haiteg Form, e spéitgotescht Sakramentshäischen an e Verwëllefs-Schlusssteen an d‘Fassad.

De Barockaltor besteet aus verschiddnen Deeler, fëllt d'Gesamtbreet vum Chouer an ass manner al wéi de schlichte Bau! Hie stoung virun der franséischer Revolutioun an der Abtei Neimënster am Abt senger Hauskapell. Iwwerëm Haapttableau, eng ongewinnt Versioun vum Abendmahl vum Pierre Maisonnet, (+1741), ass e Baldachin mam Abt Forting sengem Wopen. (Motiv dräi goldenen Aehren.) Dësen ëmginn ë. a. Putten mat Mitra a Staf, wat op den Abt als Stëfter hiweist. (A. Langini). De wahrscheinlech eemolegen Dréihtabernakel mat Lammrelief um Buch mat 7 Sigelen huet säitlech Evangelistesymboler (ë.a. en Adler mat Tëntefaass a Fieder am Schniewel.) Holzstatue weisen säitlech Sankt Benedikt, am ,Nonnegewand‘ a mat oppenem Buch seng Schwester, d'hl. Scholastika an d’hl. Anna! Nieft hinne falen d’Gregor- an Gertrudrelieffer op (…d‘Klouschterfra iwwer engem Staf mat Mäiss, well si eng Mäissplo ofgewand hat!) Fir de 500järege Jubiläum vun der 1993 mat Hellëf vu Site et Monuments restauréierter Kapell koum 2005 e Buch eraus (mat villen Dokumenter an Informatiounen, beispillsweis och ëm de Konkordat mam Napoleon.) D’Gemeng hat de Bau 1906 wéins sengem schlechten Allgemengzoustand aus Privathänn kaaft fir 100 Fr. Mä dat Geld hunn d‘Proprietäre fir d’Astandsetze gespend. Déi véier Kapellefënstren, bläigefaasste Butzeglieser mat den Evangelistesymboler, entstounge vermuttlech kuerz virum Éischte Weltkrich. (W.H. Jansen, Tréier.) Vun hirem Hiwwel kuckt d’Kapell eriwwer op e grousse stilgerecht restauréierten ale Bauerenhaff.

Siwe schéi Weekräizer vu 1734, vun deenen der dräi original sinn, zwee gestuel, an zwee abiméiert an ersat goufen, verstoppen e lokalgeschichtlecht Kapitel fir sech. Se si verknëppt mat enger Confrérie, hir Theme vertount d’al Choralmelodie ‘Stabat mater dolorosa’. Dat eelst aus roudelzechem Steen gläicht de Sühnekräizer, a säin Datum 1587ass zimmlech verwittert. - D’Duerf Kapweiler huet säit de 1980ger an der Sellerstrooss eng Adress, déi eng nei Beweeglechkeet proposéiert duerch Danz. D’Wuert ‘kapphänkerches‘, am Sënn vun de Courage verléiren, ass do sécher net am Vocabulaire.. Ob et de ‘Kapezinchen‘ (Goldhähnchen) oder Dëmmendéck do gëtt - deen 1977 am Band V vum Dictionnär opdaucht? Eng aner Trouvaille ass e Kaafakt vun 1281 tëscht dem Edelknecht oder ‘Knappe’ vu Simmer an dem Fraeklouschter op dem Martinsberg bei Tréier. En ernimmt d’‘molendini sui de Capwilre’ - eng kaum nach bekannte Millen…‘t gëtt just am vasten écran de verdure ëm d’Duerf e lieu-dit Millebierg. (Eng SEBES-Zeil verréit niewebäi, dass hei am Fong vum ‘ravin’, do wou d’Waasserleitung vun Eschduerf op Konter féiert, fréier eng Mille louch.)

P.S. De Numm Kapweiler leed e Spezialist vun ’chapf’ of, d’alhéichdäitscht Wuert fir ‚Spähhocht‘ oder Virsprong. Eng aner Erklärung mengt „que CapWeiller montre la nature de sa dénomination: ‘hameau de la chapelle’. (Dass do virun 1505 och eng Kapell stoung ass ganz wahrscheinlech.) Well munnch Leit am Zäitalter vun der Informatiounstechnologie nach klassesch Postkaarte sichen, hat en originelle Kaarteset vum Michel Demart kierzlech ënner verschiddne ländleche Motiver de Mariendaller Yolandentuerm an d’Kapwëller Kapell.