Kaalber
Kaalber läit an der fréierer Gemeng Hengescht um ca. 4850 km laangen Europäesche Fernwanderwee E2, dee vu Nice op Hoek van Holland geet… Et zielt neierdengs zur Gemeng Klierf (där haut zweetgréisster am Land mat 17 Uertschaften..) ‘t hat am Summer 2006 genee 54 Awunner an am Wanter 2012 eng Dose méi. Ronderëm Kaalber si gutt Stroosseninfrastrukturen a nach en ale Postwee. Hien erënnert un d'Postkutschelinn "von Thurn und Taxis". Si ass fréier om Wee vun Italien an Holland hei passéiert an huet am Haus "a Kitschen" d'Päerd gewiesselt. Seng al Schoul vis-à-vis vun der Apollineskapell gouf ëmgebaut als "Gîte rural". An engem Naturmagazin no waren a senge Bëscher zur Oursäit hinn am 18. Joerhonnert nach Wëllef.
Am Joer 1535 ernimmt de Kiercheregëster vun Hengescht d’Dierfche Kaalber mat véier Haiser - an deenen dräi Baueren an ee Schwéngshiert gewunnt hunn. En anert wichtegt Dokument, de Maria-Theresien-Kadaster, nennt d‘Duerf 1767 'Calenborn' a weist op säi "kleines Bethaus" hinn, dat net geweit war. D' haiteg Kaalber Kapell ass eng Filial vun Hengescht. Se huet gutt 50 Plazen a ronn 150 Joer. Hir Patréinesch, d'hl. Apolonia, beschützt Leit mat Zännwéi an Zänndokteren. Si huet e griecheschen Numm deen „die dem Gott des Lichtes, Apollon, Geweihte“ bedeit. Variante sinn Abelone, Loni a Polly. Zu hirem Gedenktag, dem 9. Februar, gëllt d‘Bauereregel: „Ist's an Apollonia feucht, der Winter sehr spät entfleucht.“ Nieft hirer Statu bewaachen och en Donatus, an um Haaptaltor eng Duerstellung vun der Helleger Familljen de Raum. Déi wäertvoll kleng Tréischterin ass mat de Kleeder ganz aus Holz an zimmlech al. Der Chronik no steet si säit 1901 un hei an der Kapell. Se staamt wahrscheinlech aus der fréierer Buchebuerger Kierch; d’Duerf ‘Buchenberg‘ louch tëscht Hengescht an Hëpperdang – a sollt am 30järege Krich duerch d’Pescht ausstierwen. Seng Kierch stoung tëscht den Dierfer a gouf 1792 ofgerass.
Mä konzentréiere mer eis op Kaalber! Seng Kapell läit 71 km vun der Stad an huet wéi munch aner en Harmonium. Hir vun de Bridder Joseph an Emile Probst konzipéiert Fënschteren (vu 1952) hunn zwee Gesiichter: vu bausse verschleeërt de Stëbs vun der Zäit hir Faarwen, vu bannen bréngt d'Sonn hir magesch Faarwe-Pruecht un d'Liichten! An hiren Daachreider? An deem Tiermchen, wéi et se säit dem 13. Jh. gëtt, hänken 2 eeler Klacken. Déi eng ass 1841 datéiert, déi aner huet keen Datum, mä den agrawéierte Numm Pastor Maillet an "gegoss zu Dikrech.
Kaalber louch am Krich zäitweileg tëscht de Fronten an hat 9 Krichsaffer. 't huet als Krichsmonument eng kleng Kapell op där Plaz, wou am September 1944 siwe Männer erschoss goufen. Haut läit seng Gewan friddlech do a gëtt mat hire regionalen Ourdall-Kulturen wéi z.B. Sonneblummen a Mohn "Champs Elysées" genannt. Eng Promenade féiert bei d'Kaalber Millen an hire speziellen (2005 autoriséierten) Flosspärelmuschel-Projet. Dëst ass eng Zuuchtstatioun, an där di bedrohte bis 14 cm grouss an deels iwwer 60 Joer al Flosspäerelmuschelen d‘Haaptroll spillen. Ëmmerhin ass hire Bestand an der Our de gréisste westlech vum Rhäin! D‘Muschel ernährt sech vu Plankton a filtert esou fënnef Liter pro Dag… si ass also net méisseg. Hiren Appetit ass e Beweis fir d‘héich Waasserqualitéit! Nach wëssenswäert.. Bei Dierfer mat Born hannen ass di lescht Silb équivalent mat Bur, do hunn Usiedler sech an der post-réimescher Epoch no bei enger Quell installéiert… An a 'Bronn', wéi d'dichterescher Form fir Born a fir Brunnen heescht, fanne mer einfach eng Ëmstellung vum r! Am waarme, kallekräiche, grenziwwerschreidende Naturpark Our gedeien och Orchideen. Duerch d'sougenannte Burgundesch Paart, de Musel- a Sauerdall, koume wéinst hirem mëlle Klima an der Jongsteenzäit exotesch Planzen aus dem Süden bis an eis Südhäng! An wéi ewell gesot, gedeien hei op de lokale Champs Elysées héichwäerteg Ourdall-Produkter.
PS: Vun der Kaalber Mille bléif ze soen, datt s‘eng Bannmille vun de Clierfer Häre war, a fir d’éischt 1728 beim Kanddaf vum Cornelius Reuler erwähnt ass. ’t hu 6 Generatiounen do geschafft bis 1941, a se war nach 41 Joer duerno bewunnt. Eng Investor-Idee gouf zum Gléck keng Realitéit, schließlech ass den Ourdall ‘Habitatschutzgebitt’. D’Stëftung Hëllef fir d’Natur konnt de Beréng 1997 kafen. An d“moule perlière d'eau douce” kann hei iwwerliewen (op Basis vun tschechesche Methoden an ënnerstëtzt vun der EU.) D’Nopeschmillen hat de Pierre Schroeder aus dem ewell 1535 ernimmten Tinteshaus vu Kaalber 1853 op senges Terrain un d’Our gebaut, (dohir de Numm Tëntesmillen.) - Zu gudder Lescht nach eng Zeil vum Lex Jacobi: Hie beneit hei eng al Eech ëm hir "breitästige Ruhe im satten Mittag"… an ëm hire "Gedankenaustausch mat der Promenad tëscht Dall a Bierg”. Béid, Rou a Gedankenéchange, ginn hei kaum ënnerbrach, héchstens ‘mol vun engem ‘Kockéchelchen’ - sou ginn Kaweechelcher laut linguistesche Recherchen vum Engelmann hei genannt…