Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Koler

Wann och 2 Deeg no Chrëschtdag net Koler Kiermes ass, gouf hei den hl. Stefan als éischte Kierche-Patréiner ëmmer besonnesch veréiert - steet geschriwwen. Koler ass e ‘village de rue’... huet schwaarz Siloen, sou héich wéi de Kierchtuerm a knapps 200 Leit! Koler hat emol de Rolph Ketter inspiréiert zum schéine Saz, dass hien ‘ëmginn vu frëndlechem Mësstrauen’ schlussendlech zaghaft gerode krut sech an der Nationalbibliothéik iwwer Geschichtleches z’informéiren. (Dat war 1980.) Haut hätt hie seng Freed un der Brochure vum Club des Jeunes.

Aus der räicher Uradelsfamill vun de Kohler Häre goung munncht Rittergeschlecht ervir. Geschichtlech Donnéeë stame säit dem Joer 800 heefeg aus Kléischter… se verroden z.B., dass tëscht 1181-1210 en engagéierten Iechternacher Abt Godfrid II. aus der lëtzebuerger Seigneurie vu Koler (Kahler) koum a säi Brudder Archidiakon vu Longuyon war. Ernimmt si virun an ëm 1229 e Rodolphe an e Nikolaus vu Kalre - een als Provinzialrot, een als Ritter- a Riichter ënner der Ermesinde. Vun Kahler-lez-Autel liese mer 1481 an och ëm 200 Joer duerno, dass do Eisenierz gewonne gouf. No de Buurschenter Hären hat d’Duerf 1665 den Aansebuerger gehéiert. Nom Kaf vum Koler Haff konnt de Simmer Schmëttenhär dann op sengem neie Grond a Buedem no Ierz sichen. Domat hat en de Baueren a Bëschkläpper aus dem Streech d'Flou an d'Ouer gesat, selwer op hire Stécker no Ierzklompen ze kucken an him s’op d’Schmelz ze bréngen. Zënterhier louch op där Schmelz fir d’Ierz­wäscher an -Griewer d'Gold am Klengen ...a fir den Här am Groussen! Hunn d'Baueren aus dem Streech vun engem geschwat, dee keng Fuer konnt hale mam Plou, soten se "En ass gefuer ’wéi d'Koler Baach" - a ’riicht ewéi d’Koler Baach’ bedeit ironesch “vill Kéieren hunn“! De Kohler Weier ass 1699 mat aneren ernimmt, wéi Metzler si gelount hu fir an der Faaschtenzäit Fësch amplaz Fleesch unzebidden.

De “Maria-Théresië” Kadaster erwänt 1766 hei 12 Baueren, ee Schmatt, ee Schneider, 2 Hierden a 16 Häiser (eng Dozze Joer drop, weist d’ Ferraris Kaart zu Koler ‘15 maisons et une chapelle dépendant de la paroisse de Garnich’.) Säit 1843 ass et eegestänneg Por; mä eng Kierch war hei 1317 schonn ernimmt… di aktuell vun 1887 ass vum Architekt Hartmann. Wahrscheinlech ass di 1. Silb vum Numm Kaler, de “Kah-” eng Ofkierzung vum keltesche Wuert “cabane". Jiddefalls war hei mol eng nobel Famill “Cavena”. Vum hirem Sëtz, vu Kavena-weiler, dem heitege Kahler, blouwe no 1096 di éischt a lescht Silb .

Nach rezentes: Vu Stiefesdag 1991 ass d’nei elektronesch Uergel, vun 1983 de neie Wierderhunn vum Kierchtuerm, dee presentéiert gouf mam Sproch.. ‘’lei komme mir mam Kierchenhunn, e weist Iech Wand a Wieder un’! D’offiziell Kiermes ass hei den 2. Sonndeg am Oktober. Doriwwer verréit eng Notiz, dass de Club des Jeunes da schonn ‘mol -zesumme mat de Kanner op engem Unhänger den Hämmelsmarsch gesongen huet… begleet vun engem Accordeon! Haut sangen d’Kanner d’Lidd vum Kiermesdag eleng.

PS. En Text vum Paul Spang ernimmt d’Koler Herrschaft zur Zäit vun der Ermesinde. De Johannes ‘de Colre’ hat nämlech 1236 de Fräiheetsbréif vun Iechternach mat 28 anere fidèlen Hären signéiert. Net vergläichbar sinn al a nei Signaturen. Déi vum Alex Gilbert, deen zu Koler als Artiste Indépendant kreativ Assemblagen a ‘Péckvillercher’ mécht, stempelt e perséinlecht Konschtwierk, déi vum Jean de Kahler steet als Engagement. ‘Eng läit an der 'Natur vun der Matière' - di aner figuréiert am geschichtlechen 'tissu de l'espace'... denkt de Carl Sagan. A propos Schmelz, zu Koler gouf emol ee Schmelz-Doléineschbuch erëmfonnt – tëscht 1860 a ‘70 huet beispillsweis een Aarbechter vun der Schmelz Stengefort just 1 Frang 75 den Dag verdéngt. Mä an sou aarmen Zäite war all Schaff derwäert, an de Schmëttenhär hätt der zéng fir ee kritt. – Den Alter vun der Koler EECH ass onkloer. Si hat ëm 2000: 5 Meter Ëmfang bei enger Gréisst vu 35 Meter a war domat déi 7 décksten Eech zu Lëtzebuerg.