Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Jonglënster

D’aktuell Gemeng Jonglënster entstoung am Januar 1979 duerch d‘Fusioun mat där vu Roudemer. Si ass mat 90 km Hecken eng vun eisen‘ heckeräichsten‘. Fir hirt Stroossen-Netz z’erweideren krut si 1875 fir de ‚chemin de raccordement‘ op Ruedt e Subsid vun 10.000 fr. akkordéiert. Op der Halschent vun där knapps 46 km laanger Zuchligne Lëtzebuerg-Iechternach louch beim Kilometer 23,453 d’Jonglënster Chareli’s Gare. Am Joer 867 erwänen Urkunden Linster iwweregens als Lincera... an 983 seng Porkierch; Nei Schäiner verroden der Kierchen-Heizung hiren Uschloss un d’Holzhackschnëtzel-Anlag vun der Gemeng.

Nodeem de Napoleon am Dezember 1799 d’Mairië geschafen hat gouf de Notaire Jean-Guillaume Flammant kuerz duerno - am Joer VIII vum neie franséische Kalenner - éischte Jonglënster Buergermeeschter. D’Duerf hat Enn Dezember 1851 genee 789 Awunner (Mensder beispillsweis 782) an ‘t sollt enorm wuessen; haut zielt et 2711 Leit. D’Zitaschwësteren haten dann 1908 hei eng Spillschoul gegrënd (an 1963 en Altersheem gebaut..) a waren domat 60 Joer laang op hirer 6. Nidderloossung aktiv. Eng Brochure vum Kierchenhistoriker Emil Donckel hat 1968 u si erënnert. (‘Die Tertiarkarmeliterinnen in Junglinster’ Ed. Bourg-Bourger). No der Installatioun vun der Scierie Clement an dem Laangwelle-Sender mat den 215 Meter héige Masten, d.h. no 1932 krut d‘Uertschaft lues a lues en industrielle Charakter. Mä den Duerfkär blouf historesch.

D‘Gemeng ass an engem restauréierte Marie-Theresien-Haus aus dem 18. Joerhonnert mat enger modernen Annexe. Virun hir fällt säit 2007 den iwwerdimensionale ‘Regëster‘ a Buchform op, eng apaart Eise-Kreatioun vun der Danielle Wagner mat de Nimm vun hiren 12 Sektiounen um Deckel. Se zielt zum Kanton an Distrikt Gréiwemaacher a krut an d’ëmgebauten al Primärschoul e Kulturzentrum. D’Gemeng huet nieft deem lokalen nach zwee Schoulzentren ‘an der Buerg‘ an zu Gonnereng.

D'Jonglënster Porkierch ass en herrlecht sakraalt Bauwierk vum Paul Mungenast aus de fréie 1770ger a steet ënner Denkmalschutz. E Rapport vu 1900 hat Touriste nieft dem Abteistiedchen Iechternach och d’Jonglënster Kierch mat hirer ‚fresque de grand style‘ vu 1774 un d‘Häerz geluet… a vermutt, hire Moler Millim hätt als Iechternacher Laiebrudder d’Orvaler Moolschoul besicht. Englesch Zeilen nennen d’Martinus-Kierch 1913 ‚tastefully restored‘. Hire spéitbarocke Charakter beliewe säit kuerzem d‘nei intégréiert al Liespulter mat je engem goldenen Adler, restauréiert d’Käerzelusteren an Konschtwierker, déi duerch Kënschtler vu Rang ‘am Dialog‘ mam Gebai stinn. Nei sinn de schlichte Messaltor aus donklem belsche Granit vum Serge Weis, d‘Kierchefënschteren a 4 supplementär Klacken an Tuerm. Hir dräi klassesch Ältär hunn eege Geschichten: De Marber-Muttergottesaltor vu 1902 ass vum Tréierer Arnold Schüller, an dee rietse Fréihbarock-Altor aus Steen vu 1634 staamt aus der Buerglënster Schlasskapell (en Don vum Tréierer Doumdechen Joseph Wilhelm v. Metzenhausen u säin Heemechtshaus.) De räichdekoréierten Haaptaltor vum Jean van den Steen koum 1793 aus der Mariendaller Klouschterkierch an hat 40 Louis d'or kascht! D‘historescht ëm 400 järegt Uergel-Gehäis ass och vun do, mä krut e neie Spilldësch. Seng manner al Päifen goufe klanglech erweidert; si kënnen elo de Gesank, dee sech dem Goethe no 'wéi e "Genius” zum Himmel hieft’ optimal begleeden!

P.S. D‘Grënndung vum haitege Jonglënster geet op d‘réimesch Besatzungszäit zréck. D‘Plaz war net allze fruuchtbar mä d‘schwaarz Iernz hat vill Fësch an de Bësch vill Wëld. De Réimerwee mat de Statiounen Altréier, der Albuerg bei Reiland an der Siedlung Andethana (Ueweranwen) louch no. ‘t goufen Iwwerreschter vun enger Réimer-Villa „am Bruch“ fonnt, Mënzen aus 4 Joerhonnerten, an d‘Fuedemglas vum gallo-réimesche Graf ass berühmt. Vun de Grafsteng nieft der Kierch datéieren di eelst aus dem 17. Jh.. Op d’Fro no engem Lien tëscht Jong- Al- an Buerglënster bléif ze soen… Hären aus dem leschten, sinn am éischte begruewen. Archäologesch Trouvaillen aus der Steenzäit weisen zu Allënster op d‘Existenz hi vu Mënschen - an do stoung virum 13. Jh. der ’Famill vu Linceres’ hir Waasserbuerg.