Ënsber
Den Entourage vun Ënsber an ëm d’ N 27 huet Enn de 1950ger radikal changéiert. Nom Bau vum Barrage ass d’Régioun Produzent vun Énergie, vun Honnerte Milliounen Kilowatt d’Stonn - an se liwwert nachemol Honnerte vu Millioune Kubikmeter Drénkwaasser! Hei a soss rondrëm de Séi entstounge ‘Weekend-Résidenzen’ an ‘t ass eng Séibühn geplangt. Am Summer genéissen zu Ensber bis 5000 Leit d’Feierdeeg… Richteg Rou fënd ee beim Lac nëmme méi am Wanter! Kuerz ir d’Fouer ufänkt ass traditionell hei Kiermes.
En Dénombrement nennt Insenborn 1501 Entzenboiren. Ensber ass eng Ofkierzung dovun. D’Ferraris–Kaart nennt et Insborn. An de Mémorial ernimmt 1886 d’Restauratioun vun der Fontaine bei sengem Paschtoueschhaus. Eis Virfuere waren dacks mat genügsame Molzechten zefridden. Mä op Deeg wéi Kiermessonndeg goufe mindestens 4 verschidde Fleeschplat’en opgedëscht, liese mer. Hei lued um Nationale Feierdag d’Gemeng d’ganzt Duerf an op Gegrilltes, woubäi d’Weekend-Gäscht sech leider zréckhalen...
D'Porkierch vun Ënsber geet an d’Joer 1862 zeréck, a wéi bei munnech anere gouf deemols de Barockmobilier (vu 1734) vum Jean-Georges Scholtus an de Neibau iwwerholl. Haut si vu senge Statue nach d’Cäcilia an de Rochus do. 2001 krut beim Renovéieren d’Natur eng Reverenz erwisen vun der Kierch. Si läit keng honnert Meter vum gestaute Séi ewäch - a Waasser sollt eng extra Roll dra spillen! Mat Pastell- Faarwe huet de Kënschtler Uli Lindow Rou an hir Wänn bruet an s’anengems opgemat fir dat Kulturellt. Di hell türkisblo, giel a roudelsech Nuance kréien duerch d’15 nei Fënschtren mat, am Schëff, dem Sonnegesang vum Franz vun Assisi je no Dagesliicht e waarme Glanz. Säit November 2006 steet hanner dem Altor ee ronn 2 Meter héige geschlaffene Schifersteen laanscht deen Waasser leeft. An an de Steen aggravéiert ass den Text vun "Eise Papp". D’fréier Uergel vun Dol gouf 2005 verkaaft als Second-Hand Instrument an ersat duerch eng nei zweemanualeg aus der Heusweiler ‘Uergelmanufaktur’. De Projet besteet dem Kierfech säi Stil un dee vun der Kierch z’adaptéieren fir Visiteuren d’Gefill ze vermëttele vun enger anerer Welt.
Ënsber ass mat sengen 157 Awunner an den 30 vu Bommel (oder Bonnal) eng pittoresk Uertschaft an der Gemeng Néngsen. D’Gemenge- Fusioun vun Heischent, Néngsen an Esch/Sauer ass fir Enn 2011 programméiert. An der Héichsaison ass d’Awunnerzuel’ deegweis verzéngfacht! Hei bitt jo di 380 ha grouss nei entstane Séilandschaft, déi d’Éislek der Technik verdankt, vun der Misär’s-Bréck bis Esch/Sauer eis gréisst rekreativ Zone. An dës erënnert plazeweis bei géien Häng un e Fjord… Op der noer Plage ‘Fuussefeld’ illustréiert eng Skulptur dem Michel Rodange säi Rénert an sonne sech alt ’mol Naturisten. Flora a Fauna kann een aus enger neier Perspektiv entdecke vum Solarboot aus - net ouni Visite vum Bësch- Entdeckungszenter Burfelt. Do ass um Buergfried 1252 eng haut verschwonne Ritter-Buerg dokumentéiert, an där rau Gesellen a Gaukler vill feiere sollten; mä den 1836 vergréisserten imposante Bauerenhaff aus dem 18. Jh. steet! Säi bal ganz iwwerschwemmte Beréng zielt ënner anerem mat der fréierer Ënsber-Bréck zur Geschicht vum Stauséi.
PS. Di wichtegst Dauchplazen leien bei Ensber a Lëltz - do wou Eenzelner vu sech soe kënnen ‘Etant né au fond du lac...’! D’Physionomie vun engem Deel Éislek huet radikal changéiert no e puer Ënnerschrëften, wéi de 24 juin 1953 de Bau vum Barrage bei Esch-Sauer officiell décidéiert gouf. Net ze vergiessen, d’ëm 13 km laang Faart mam Solarboot vermëttelt an zwou Stonnen (vun hei laanscht d'Béiwener Staumauer bis hanner Bäerel) Interessantes iwwer Drénkwaasserschutz an d’Entstoe vum Stauséi - deen e landschaftleche Paradäis ass fir jidder Kamera.