Amber
Amber läit an der direkter Loftligne tëscht Blaaschent a Buerglënster. Et huet zwou Baachen, véier Brécken an eng gréisser naturgeschützten Zone. D’Wakelterheed nërdlech vum Duerf um ronn 340m héijen Amberknäppchen zielt säit 1974 zum Zousazinventaire vun den nationale Monumenter. Enn Mee 1989 koum d’22 ha grouss ëmmergreng Juniperus-communis Fläch (mat hirer 32,94 ha grousser Pufferzone) dann ënner Naturschutz. D’Uertschaft ass momentan (d.h. Enn Abrëll 2014) mat 306 Awunner gutt bewunnt. 1848 hat se där als bescheidend Bauerenduerf 96.. (an 1980 fënnefmol manner wéi haut.) Amber heescht ‘Imbringo’ op Esperanto an huet apaart Flouernimm wéi ‘Héngerjuck’ an ‘vir A(a)ngber’. Deen Zweete figuréiert an enger Zeen vum Mechel Rodange sengem Rénert; an där et heescht ‘Bei Angber stung de Gaalgen: Dräi Staangen un em Nol, “Nu Fiische”, sot de Wollef, “Bekuckt déi Plaz emol!”
Eng relativ wichteg Roll an der Geschicht vun der Uertschaft Amber hat d’„Neimillen“. En notariellen Akt vu 1727 dréit ëm hire Verkaf (zwëschen dem François Neumüller vu Buerglënster an Henri Billy aus der Stad.) An hire Wänn goufen intressant Perséinlechkeete grouss; bekannt sinn zwee Geeschtlecher, de Jean-Baptiste Müller oder Neumüller an de Jean-Michel Kleyr. (1803-1866). Dëse gouf Professer zu Iechternach a Grammont an ë.a. Gymnasialdirektor zu Tournai, an e war och Publizist a Grënner vun zwou Studieboursen. (legilux.lu indiquéiert dës Bourse vun je 375 Frs am Januar 1873… ënner deene vum opgehuewenen Jesuite-Kolléisch vu 1773.) Op der Plaz wou d‘Amber Mille stoung ass haut d‘modern „Cité Neimillen“ paralell zur 27,6 km laanger wäisser Iernz! Si an d’Cité beaulieu leie just 12 km vun der Stad (an dofir brauch eng Bus-Verbindung 24 Minutten.) - D’wäiss Iernz entsteet aus dem Zesummefloss vun der Réngel- a Schetzelbaach, a leeft mam lokalen Nieweflësschen, der ‘Wäissbaach’, zu Reisduerf an d'Sauer. (D’schwaarz Iernz oder Äernz ass eng Attraktioun vum Mëllerdall (a ronn 25 km laang.) Iwwer d’Waasserleitung koum iwregens 1911 fir Grolënschter an Amber e Reglement eraus, d.h., dass se dunn relativ nei war.
An ale vergilbten Notizen aus dem ‘Ozean vun der Zäit’ (C.R. Zafón) vum 24. Fructidor III. (d.h. vum 10. September 1795) goufen ënner aanren Leit vun „Ember“, Hueschtert an ’Romeldang’ ugeklot, si hätten illegal Holz gehaen. (D‘Buch vun der lëtzebuerger Bëschgeschicht vum J. Helbach ernimmt hei 348 onerlaabt gehae Baamstämm, an den heemlech anerwäerts gelagerten Holzklau.) Dem A. Polgar (+1955) seng Phrase iwwer Liewenskonscht ass hei pur Ironie: „Richteg Liewenskënschtler erliewen hire Summer esou, dass en hinnen nach de Wanter wiermt!“ (Am Jean Hahn senger Sammlung ‘Sagenumrankte Heimatburgen‘ dauchen Zeile vum Siggy (alias Lucien Koenig) op ëm en imaginäert Dengensbuergerland, ëm verfale Buergmaueren a streng Hären. 1961 hate wahrscheinlech d'al Soen dem engagéierten Eesebuerer, dem Leucke Pol de ‘fin mot‘ vum genannte Buch inspiréiert: de Mënsch wär fir d‘Fräiheet bestëmmt. D’Ferrariskaart hellëft sech zréck an d‘Zäit ze versetzen; se weist hei keng verwonsche Schlassruin; se nennt den Amberknäppchen ‘Montagne der Kopf‘‚ d’Duerf selwer Ombering an d’Iernz Eisenbourger Bach.
Wien um Duerfplang no enger Amber Kapell oder Kierch kuckt, dee fënnt keng. Mä e Visitatiounsberiicht vu 1570 ernimmt déi deemoleg dem Deefer Johannes geweite Filialkierch aus dem Jonglënster Porbezierk. Si hat d’franséisch Revolutioun net iwwerlieft, d’Leit goungen duerno an d’Buerg an d’Kierch (..an hir Statue goufe wahrscheinlech duer verierft.) Sie soll grad ewéi d‘éischt Duerfschoul hanner dem Haus Dahm-Reiter gestanen hunn. 1911 waren hei 14 Kanner an der Schoul. D’spéidert Schoulgebäi vun 1937/38 gouf no knapps 30 Joer verkaaft an zum Eefamiljenhaus ëmgebaut. - Wie gär Online-Wierderbicher konsultéiert entdeckt, dass ‘Hambier’ zu Konsdref Amber genannt gëtt (Engelmann.lu), dass e bayresche Floss esou heescht a Bernstein op franséisch ambre an op englesch Amber. De kuriéise Begrëff Ambraskréimer staamt vun Embarras of a bezeechent ëmständlech Mënschen. ‘Imber’ ass e poetesche Begrëff fir Tréinen an op latäin synonym fir ‘Schauer‘. (An d‘Baseler Gewürzkraemer-Gaass gouf am Mëttelalter ëmgedeeft an "Imbergasse" well Ingwer (oder Imber) dunn esou geschätzt war.
P.S. De Professer Robert Bruch (+1959) hat d’“Mundart der ehemaligen Herrschaft Linster“ analyséiert, an ëm den Zentrum Buerglënster, d.h. zu Gonnereng, Amber a Jonglënster ‘heit‘ aplaz haut festgehalen a méi westlech, inklusiv zu Äesebuer, de Wandel vum a zu ä virun –cht; (gemacht gouf do gemät oder gemeet.) ‘t heescht do wéi zu Luerentzweiler a Lëntgen och net Dënschteg mä Daaschteg. An zu Al- a Grolënster wéi an der Fiels gëllt net d‘Stater ‘ons‘ mä... ‘eis‘ Baach. D‘linguistesch Kaart (a. d. Programmheft ‘Bourglinster Concerts 1997’) léisst d’‘sproochlech Reiwungsfläch zwësche Romania a Germania ahnen‘ (Bruch.) D’Grenz vun deenen zwee zitt den Alain Atten haut queesch duerch de Mierscherdall bis an d’Éislek. Als fréier Tendenz zum romaneschen nennt hien d’Beispiller ‘Tapi’ géingt ‘Teppech‘ (dat germanesch kléngt.) Kee Sproochexpert, mä ale Brauchtem verréit, dass den hei geschütze Wakelter ‘ fir Beeze vu Fässer a Reechere vu Fleesch gebraucht gouf - a vläicht fir d’ugemate Wakelterdrëpp... Hirer Kären an der Täsch gedroe solle gutt sinn géingt Rheuma; Hauséierer hu se fréier ënnert d’Leit bruet.