Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Hitten

Hitten läit 30 km vun der Stad an der Loftligne südlech vu Réiden un der Staatsstrooss Arel-Ettelbréck an ass just ee klenge Punkt op der Kaart vum Land. Säin Duerfportrait weisst hei, dass et eng Geschicht huet, mä  keng eege Kiermes. Hitten oder Hëtten huet seng beispillsweis Mëtt Juli mat Biekerech. Hitten zielt mat 16 Awunner a 6 Haiser wierklech zu de ganz klengen Dierfer; et huet aus der Loft gekuckt eng Haaptstrooss an e Stéck vum Millewee... Mä ’t läit an enger vun de ganz pittoresque Géigende vum Grand-Duché... a gouf am Laf vun der Zäit mol Hutin, Hutinghin, oder Hitungenn geschriwwen. ‘t gëtt och en Hüttingen bei Lahr, 30 km vu Klierf an eent un der Kyll, dat laang zu eisem Land gehéiert hat.

Huttange oder Hitten an der Gemeng a Por Biekerech hat 1795 genee 93 Awunner, 1853 ëmmerhi nach 60, 't bloufen der 2001 nach 39… an 9 Joer drop nëmme méi 16. D’Erklärung ass einfach; et ass keen ausgewandert, mä sou eng 6 méi nei Haiser um Milleewee zielen neierdéngs zu Biekerech! Mol goung do d’Kadasterlimite duerch e Gaart, mol haten zwee Noper zu 2 Dierfer gezielt... 'Haiser hunn eng eege Perséinlechkeet, sti ganz roueg do a soe kee Wuert - mä kucken d’Passanten a rieden hanner hirem Réck iwwer si...’ sot emol de Raymond Schaack. A sécher waren d’Haiser hei bei der Kapell geschockt, wéi e Fernlaster a si gerannt war… wou se grad e neien Daach hat. (Elo ass d’Verwëllef gerass!) Mä se bleift e Stéck Patrimoine, och wa näischt méi drasteet. Duerfleit haten se 1714 gebaut, dofir ass net kloer wien de Propriétair ass. D’Sigismond Kapellchen huet just Plaz fir e puer Bänken an hat ëmmer eng Statu vun hirem Patréiner... mat Palmzweig an Zepter. Dësen Hellegen soll viru Féiwer a schlechtem Gehéier schützen an koum wéi esou vill anerer aus dem “Bildhauerhaus” vun Altwis vum Nic. Greef-Greisch oder sengem Fils Jean-Baptiste. Déif haten hien emol an der Hetz um Feld verluer!

E Bléck zeréck weist 3 Biekerecher Gemengepappen déi aus der Sektioun Hitten komm sinn. De Mémorial ernimmt 1917 hire Buergermeeschter Henri Hemmer am Arrêté ëm de Service du Ravitaillement, mat Präisser vum Fleesch: deemools huet ee Pond Ham 4,10 Frang kascht, Träip 1,60 a Koteletten 2,70 fr. den halwe Kilo. 1881 war de Bourgmestre Schroeder vun hei an der Lokal-Kommissioun fir d’Surveillance vun der Primärschoul. An den Etienne Ensch, Bourgmestre à Huttange stoung 1857 op der ‘Liste des électeurs de canton’… an op där vum Nationalarchiv als Donnateur vum Buch ‘Landsbrâuche des Herzogthums Liitzenburg u. Graffschaft Chiny’ - e Buch vun 1709...

De Numm Hitten, Hëtten oder Hüttingen ass verwandt mam alhéidäitschen „hutta" wéi mam angelsächseschen hydan („verbuergen") am Sënn vu Gebuergenheet a ‘Schlupfwinkel’. E kléngt och no enger Variante vun Hüter, d.h. Gardien. D'Dierfche war ëmmer en ideale Liewensraum fir Hierden a Baueren. An der Feudalzäit ënnerstounge seng Awunner laang dem Baron vu Guirsch. Et goufen nobäi réimesch Mënze fonnt...  Et ass mat Liewel 1236 dokumentéiert, e Mariendaller Kartular ernimmt béid. An der franséischer Revolutioun goufe Biekerech a Näerden eng Gemeng. Am August 1809 koum den ‘hameau de Huttange’ derbäi. Di aktiv Gemeng krut 1996 de ‚prix européen du développement rural‘. Hir Initiative Hëtzt aus iwwer 2 Millioune Metercub Biogaz duerch 24 km Leitungen un 120 Ménage weiderzeginn verdéngt e Luef. Esou ginn ëmmerhinn 400.000 L Mazout agespuert! - D’Hittener Leit ginn duerch d’Gemengebliedchen ‘SUEBELMOUK’ gutt informéiert. D’Nr. 42’ hat 2006 d’Vente vun alen Hittener Pavésteng annoncéiert, vum fréiere Stroossefinissage..

P.S. - En Arrêté royal grand-ducal vum 9.9. 1866 hat den Tracé determinéiert vun der Strooss Rippweiler -Uewerpallen via Hitten. D‘Duerf hat fréier heiansdo Ierger mam Baron vu Guirsch, dee méi Respekt erwaart huet vun de Leit. 1839, wéi Lëtzebuerg een Deel un d’Belsch verluer hat ass ënner Influence vun Adlegen eng nei Zickzack-Grenzligne fixéiert ginn! Hitten gouf dunn op eegene Wonsch getrennt vu Guirsch. - Nach eng Trouvaille: de Carlo Hemmer hat an de 1970ger no engem Tour mam Velo notéiert .. " Die Ausfahrt aus Beckerich gestaltet sich bis Hüttingen weihevoll: unter dem hochgewölbten Laubdach einer Allee dicht gestellter Rossskastanien" ..a weider goung et duerch eng wäit offe Landschaft duerch "fruchtbares Bauernland".