Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schmëtt

D’Huldanger Haaptstrooss heescht ‘op d’Schmëtt’! Déi nërdlechst bewunnte Plaz vum Land grenzt un d’Belsch an zielt op der geologescher Kaart zum ’Schiste de Basbellain‘. Duerch hir Lag un der Streck Dikrech-Stavelot-Léck hunn hei ‘Kaf a Verkaf de Maart gemat’, d.h. ‘t entstounge kleng Commercen op der grénger Wis. D‘ “Schmëtt“ oder Huldange-Forge steet am Telefonsbuch ënner Huldang mat 5 Privathaiser an enger grousser Akaafsgalerie mat ronn 40 Geschäfter, an deenen d’Verb ‘akafen‘ sech liicht konjugéiere léisst. D‘Buch „un siècle d’observations météologiques“ vum Professer Lahr nennt d’Temperatur an der Moyenne heierëm tëscht 6,9 an 7,8 Grad….An de Landschaftsmonitoring vum Environnement huet 1999 konstatéiert, dass hei d‘Aacker- a Grénglandnotzung ëm ronn 10 % ofgeholl hunn, de Bëschundeel opgeforst gouf a bebaute Flächen, Verkéiers- a Gewerbefläche gewuess sinn.

Um bekannte ‘lieu-dit‘ op der Schmëtt stinn zwee al Grenzsteng: lénks vum Wee d‘Gossemaark d‘LB286 mam lëtzebuergeschen a belsche Wopen - a riets d‘1,10m héich Maark LB75 aus brongem Sandsteen. Net wäit vun Huldang hu sech do emol dräi gläichrangeg Grenzen touchéiert. („La borne 286 indiquera le point de contact des trois Etats, le royaume de Belgique, le royaume de Prusse et le Grand-Duché de Luxembourg"( housch et offiziell an Maastrichter Zeile vum 26. Mee 1843.) Dësen Dräilännereck gouf et tëschent 1839 an 1919.. Wéi Preussen un eiser Nordgrenz e Landstreech un d’Belsch verluer huet, hat de belschen Territoir vis-à-vis allerdéngs däitsch Uertsnimm. Eng Lëscht vun Doktere, Veterinairen an Hiewammen aus dem belsche Grenzgebitt, déi 1879 ermächtegt waren an eise Grenzgemengen ze praktizéieren, weist beispillsweis Nimm vu Baaschtnech, Arel, a Gouvy.

Ëm 1910, an der spéider “Postkutschenära“, war um Dräilännereck op der Schmëtt en Halt, en Hotel a natierlech eng Zollstatioun! Kuckeswäert al Photoe weise virum Hotel eng Postkutsch mat intégréiertem Unhänger fir Bréif- a Gepäckpost. D’rezent Buch vun de Grenzsteng weist eng privat Postkaart mam Zollgebai vis-à-vis vum Hotel, dat spéider als Privathaus dénge sollt - an eng mat Uniforméierten aus den dräi Länner. D‘mat Pionéiergeescht recherchéiert Buch iwwer ‘Lëtzebuerg an der Belle-Epoque‘ veréiwegt eng Postkaart mam Hôtel des Trois Frontières, sengem Gaarde-Pavillon an enger Grupp Leit a sonndessem Fuedem. D’Photo hält dem François Mersch no e «passé enjolivé de nostalgie» fest. No der Famille Linkels-Walter goung d’Haus 1919 un d’Famill Schaus-Mathieu. (‘t goufen 1965 bei Transformatiounen aus de Ställ kleng ’Touristen-Appartementer‘ – mä déi al Mauere si net méi do.) - En Avis am Memorial vum 1.8.1918 erënnert un der Sectioun Huldang hire lokale Komité ..‘institué dans l’intérêt du service de ravitaillement’ - an deem ënner aneren de Gemengeconseiller Nic Knauf an den Zollbeamte Jean Molitor waren. - Eeler Texter dokumentéieren de Laf vun der Zäit: de Marcel Noppeney lueft eist Land 1935 am Kapitel ‘Le tourisme en Luxembourg ‘(am Buch zur Bréisseler d’Weltausstellung) als ‘pays du bon acceuil, aux douaniers aimables et aux formalités faciles..' D’Schmött oder Schmiede bezeechent den alen Dictionnär vum Gangler als ‘Häisergrupp, zum Duerf Huldang zougehéireg‘. Hire Reiz war laang den Dräilännereck, d.h. där Plazen eng, déi vun der Zuel vun de Nopeschlänner ofhänkt  (oder de Mieresgrenzen) - Éisträich huet z.B. 9 Dräilännergrenzpunkten - d'Schwäiz 6 - Frankräich 4 a Portugal keen eenzegen.

E Merian-Reporter wollt 2007 eise „Mini.Groussherzogtum“ aus eegener Kraaft (d.h. mam Velo!) duerchmiessen (..vun der Wemperhaardt, an «Steinwurfweite» vum Nopeschland, duerch d‘Ardennen mat ‘Natur, Langsamkeit, Kühen an Tradition‘ iwwer Esch/Sauer, Veianen, Iechternach, da vu Waasserbëlleg mam Schëff op Réimech a finalement op Rëmeleng. Sport pur war d'Tour de France étape vum 4 Juli 2006. ‘t goung dobäi 90 km duerch de Grand-Duché vun Esch/Uelzecht op Huldange-Forge iwwer Reckéng, Riedgen, Bartreng, Stroossen, de Bridel, Schoendels, Miersch, Colmar, d'Houschterdeckt, Housen, Hengescht, Weiswampech op d’Schmëtt! An en Experiment vum Nord- zum Südzipfel vum Land hu véier Extremsportler gemat: Si sinn als Training an zwee Deeg duerch d’Land gelaf –102 Kilometer an aacht Stonnen zwielef Minutte, mat Halt an der Fielser Jugendherberg. Dat sinn flott Ausnahmen.. Am Alldag zéien hei Liichtreklammen um dräistäckege gréissten Centre Commercial aus dem Norden (mat 1200 deels gedeckte Parkplazen) Mécken un a ganz vill Leit.. Bus-Verbindunge brengen hir Passagéier ouni Stress a 50 Minutten op Dikrech an a 59 op d’Ettelbrécker Gare.. oder ëmgekéiert.

P.S. Op Google huet sech en Tippfeeler ageschlach..“Op der Schnett“! Richteg hei am Nordéislek sinn Knéich oder Kni fir Knéi, Knauz fir Knirps oder verdréchenten Apel an ‘knauzbudderig‘ fir klenge ‘mërresche‘ Bouf! Do wou d'Fiiss sech Guddenuet soen heescht stiärricken stäerken ..Stiär e Stär a Nawel de Nuebel. Nach ze soen: Eis westlech Grenz laanscht d’Belsch zielt 148 Kilometer (déi am Osten 135 an déi am Süden 73.) D’Loftligne tëscht Huldang a Rëmeleng huet mat 82 km eis gréisst Nord-Süd-Distanz, d’Stroosseschëld an d’Stad weist 79 km! - 1991 hat d‘ 'naturfreunde-internationale‘ (mat Sëtz zu Wien) d‘Eifel-Ardenne-Regioun zur „Landschaft des Jahres“ erkläert fir d’Géigend ëm den aktuellen Dreiländereck opzewäerten. An dobäi gouf gesot „am Laf vun de Joerhonnerten hätten d’Häre vun der Weltgeschicht si „aufs geratewohl zerstückelt und als Scherbengut und Grenzland ins politische und wirtschaftliche Abseits gedrängt“ (Lex Jacobi) …wat natierlech och fir di nördlechst Spëtz vum Land zielt. Allerdéngs hunn d’Mënschen an hirer Landschaft mat de strenge Konturen Haiser, Kapellen, Schoulen a Veräinssäll opgeriicht, hir Felder geflegt a Millen, Schmëtten, Garen an Tunnelle gebaut…