Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Houwald

Den Houwald huet eng grouss demographesch Explosioun erlieft: 1885 stounge just dräi Haiser do mat 21 Awunner. Hir Proprietäre waren de Weichesteller Carl Louis Berner, de Schlässermeeschter Jules Deville an de Schmattgesell Jang Dupont. Jidder Stod hat eng aner Nationalitéit, wat prophetesch fir d’spéider Populatioun war.. 1955 hunn hei 1015 Leit gewunnt an haut ronn 4.500, zesummegesaat aus 46 % Auslänner aus méi wi nonnzeg Natiounen. Eng Por ass den Houwald vun 1962 un, virdrun huet en zu Hesper gehéiert. Op dem neie Stadplang ass en dräimol sou grouss wéi Alzeng an huet en ëffentleche Park. Seng éischt Schoul datéiert vun 1936. Hohwald gouf iwwregens bis 1940 mat h an der Mëtt geschriwwen. Dëse Numm huet germaneschen Originen, mä seng Symbolik verlaangt nom Verschwanne vun de Bëscher Imaginatioun! Fréier koumen d'Stater hier spazéieren - wuelverstaanen a Friddenszäiten.. Well vun hei aus hu friem Arméien eis Populatioun dacks an Angscht versat. Haut leie Serenitéit a fraternell Gefiller hei an der Loft. De Saz "les forêts précèdent les peuples, les déserts les suivent" vum Châteaubriand ass op dëser Plaz net wouer.

D'Diddenuewenerstrooss gouf ënner der Keeserin Maria Theresia ëm 1750 als Handelswee ausgebaut. D‘geographesch Kaart vum Comte de Ferraris vu 1775 weist do e Gaalgen, en Ermitage an d'Chapelle Notre Dame de Lorette du Hohwald-les-Hesperange. Een Deel um Südost-Rand vum Houwalder Plateau huet no 1300 ënner de Roudemacher Hären "beim Gaalgen" geheesch. Den éischte bekannten Eremit war de Franziskanerbrudder Nikolaus Michel, de leschte Klausner de Wendelin Draud. Hie goung do 1759 fort, well d'Kapell an d'Klaus baufälleg waren. D'Muttergottesstatu gouf dunn a feierlecher Pressessioun an d'Hesper Kierch gedroen. Un hir Plaz an un di fréier Klaus erënnert d'«rue de l'Ermitage». (D’al Statu vum Job, deem frommen Dulder aus der verschwonnener Kapell besteet nach. Dësen Held aus dem alen Testament hat Hab a Gut, seng Kanner a seng Gesondheet verluer; mä well e säi Schicksal akzeptéiert hat, sollt e spéider alles duebel erëmkréien.)

Um Houwald steet di éischt modern Kierch aus dem Land. Hir Straussfeier war am Oktober 1964, hir Consécratioun zwee Joer drop. D‘Architekte Bauer a Mousel haten hiert Konzept esou erkläert „Gleeweger a Besucher kommen net heihinn en technescht Monument oder eng ’réplique d’art contemporain’ bewonneren.. mä ’pour se recueillir, prier et trouver Dieu’. An dofir soll de Raum Unitéit, Simplicitéit an Dignitéit ausstralen! Ee But vun der Kierch war och d’Awunner zu enger Communautéit zesummen ze féieren. Op den éischte Bléck besteet si aus dräi Elementer, aus Steen, Beton a Glas; awer banne kënnt nach d'Holz derbäi. Typesch sinn d‘grousst Kräiz hanner dem Altor, dat den Entrepreneur gestëft hat, di héich faarweg Fënstren, den Tabernakel vum P. Brandenburger an eng Marie-Statu vum E. Hulten. Si presentéiert mat enger Hand d'Jesuskand a lued mat der aanrer an bei hatt ze kommen. D'Kand meecht mat enger Hand opmierksam op seng hellëfsbereet Mamm a weist mat der aanrer op d'Kräiz. D'Mater Misericordiä ass d'Haaptpatréinesch vum Houwald, zweete Patréiner ass den hl. Jousef. Den artistesche Kräizwee ass och vum Hulten a wierkt wéi e Ganzt mat der Mauer, en huet einfach mä expressiv Gesiichter.

De moderne Kierchtuerm aus Béton armé ass e Symbol vu Soliditéit, an erënnert un e Campanile. Seng dräi Klacken aus der Hollännescher Géisserei Petit weien tëscht 758 an 312 kg. Virum Bau vun der neier Kierch, genee säit 1939, ware Massen an der Klouschterkapell. Si war 17 Joer den Zentrum vum reliése Liewen. D'Häerz-Jesu-Patren hunn och Schoulunterricht gehalen an 1949 d'Chorale Sacré-Coeur gegrënnt.. (Si huet iwwer 25 mol d’Radiosmass gesongen) Wéi d’Patre fort waren hunn Immigréen an de Klouschtermaure gewunnt. Haut steet op där Plaz e modernen ‘Centre Intégré pour Personnes Agées’. – D‘fréier Lagerplaz vu frieme Besatzunge war wéinst hirer gudder Vue op d'Festung recherchéiert. Wahrscheinlech hat en Zaldot beim franséische Siège eng Louis XIV-Mënz mam Datum 1677 am Bësch verluer. Si gouf 1969 fonnt no bal 300 Joer, wéi den Houwald gewuess ass. Haut weist d'Vue vum Kierchtuerm erof friddlech Wunngebidder mat historeschen a neien Elementer. De "Jangeli" fiert net méi d'Hesper Kopp erop, vun him existéiere just nach Fotoën an e Lidd! Seng eeler Lokomotiv war e Kuriosum an housch am Volleksmond 'Kaffismillen'. (Kierchtuermscauserien 18.03.2007)

P.S. Den Houwald ass eng ‘Localité d'un passé très récent’. Säi Panorama huet lues a lues geännert: nom Kierchtuerm koum de 49 m héige Waassertuerm (op 313 m Héicht, d’Hesper Schlass läit just 3 m méi déif..) Nobäi steet den 105 m héige Betons Brécke-Pilier vum Contournement; seng Hängebréck verbënnt de Plateau Houwald mat deem vun Itzeg - an ënnen um Saangebierg zitt d’Uelzecht friddlech duerch de schmuelen Dall. - Am Mäerz 1998 gouf d’Monument virun der Houwald‘er Kierch genehmegt; dem Skulpteur Claude Genson seng «vases communicants»  lueden an ze méditéiren.. well sou Vasen ee Lien tëscht ‘dem univers physique an dem univers spirituel‘ man.