Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Hueschtert

Um “lieu-dit“ Staekaul beim Hueschter(ter) Footballsterrain goufen ëm 1990 bei Fouillen an engem hiwwelege Griewerfeld Keramikvasen, Réng aus Bronze, Amber-Bijouen an eng gëlle Broche fonnt. D'Archeologen aus dem Musée hunn d'Objeten an d'Epoque tëscht 400 a 500 virun eiser Zäitrechnung situéiert. Intressanterweis ass en Uert "Hofsteden" (oder Hovestede) 1176 fir d'éischt an Dokumenter ernimmt: Hofstätte, Hofstelle an d'dovun ofgeleeten Hostert heeschen typesch Plazen op gallo-réimesche Ruinen. Hueschtert war mat der berühmter "Route principale" Reims–Tréier duerch e secondairë Kiem verbonnen. Spéider da, sollt d'faméis Schmuelspurbunn Lëtzebuerg-Iechternach dem Devis no 3.334.000 Frang kaschte.. mä hire reelle Präis ass op 5.920.000 Frang geklommen. En Argument dogéint war d'Distanz; de Schinnewee op Iechternach war 45,80 Kilometer laang an d'Strooss 33,30. - De 5. Abrëll 1904 konnt de "Veräin vun de Lëtzebuerger Ingenieuren" no enger éischter Faart zefridde feststellen, datt d’Bunn ‘alle an sie gestellten Anforderungen genüge, mehr als genüge’.

Wahrscheinlech ware fränkesch Kinneken d'éischt Besëtzer vum Anwener Haff. 723 hat de Karl Martel no enger Krankheet den Hof Anwen (Andadanam villam) der Kierch vu Schittringen als Cado ginn. De Grof Henri II. vu Lëtzebuerg hat 1044 da béid, "Schëtter” an Anwen der Tréierer Abtei Sankt Maximäin geschenkt. Hir Äbt bloufen hei Grondhäre bis an d'13. Joerhonnert. Zu dë sougenannten "Anvener Hofgidder” hunn d'Dierfer ‘Hofstätte (fir Hostert), Senning, Erenster an Andevane‘ gehéiert an natierlech d' “Hosterter Haus”, de fréiere Parhaff. D'Bridder Gerhard an Odo vun Esch a.d. Eifel haten dëse gebaut… (seng ehrwürdeg Steng haten agemeesselt Daten 1715 an 1596.) No hirem Stuerz koum en zum ënneschten Deel vun der Landmeierei Sandweiler. Vum 12. Joerhonnert u si Geriichtssëtzungen um Ueweranvener “Feltzerhaf” an zu Hueschtert bei der aler Lann dokumentéiert. Si war "à peu près millénaire" an 1974 ausernee gebrach an ëmgehaë ginn. Se hat Mäert a Justizaudienzen erlieft a gouf am Gemenge-Wopen veréiwegt! En Aufsatz iwwer d’Por vum J.N. Moes vun 1883 beschreift si an hire manner ale Pendant.

Aus der räicher Duerfgeschicht ernimme Schrëfte vun der Aalmünster-Abtei 1371 en Hueschterter Gotteshaus, dat spéider Filial vun der Schëtter Por gouf. Dëst erwähnt en Tréierer Visitatiounsberiicht 1570.. an e Rapport beklot 1599 en Abroch mat Déifstall vun e puer Kielecher. Eng éischt Vergréisserung ass 1682 notéiert - eng zweet 1728 an zugläich hir nei Privilègen als Porkirch. Kuerz drop, 1755, hat de Pfarrer Michel Meys den Haff Anwen mat 540 Kommunikanten uginn. D'eenzeg Schoul hei war d'Hueschterter Porschoul an der Wunneng vum Kaploun, deen als "Primissarius, Frühemesser" Sonndes no der Fréimass ënnerriicht huet. Hei konnt wéi bal iwwerall an der Mëtt vum 18. Joerhonnert just d’Hallschent vun der Leit liesen a schreiwen. - Well den Hueschter(ter) Kierfech uewen un der aler Kierch fir den ganzen Haff Anwen ze kleng war, koum en "Ossuaire" hanner de Chouer fir exhuméiert Knachen. D'"Schankenhaische" sollt 1860 beim Ofbroch vun der aler Kierch verschwannen. Hire Chouer ass bliwwen an elo d‘Morgue um Kierfech (an zënter Enn Dezember 1976 als Nationalmonument klasséiert.) De Kierfech gouf dann Enn de 1960ger nom Ofrëss vum historesche Porhaus erweidert.

D'neigotesch Kierch geet zréck an Joer 1858. Se huet d’Entrée am Tuerm an 200 Plazen, kann awer mat hirer Surface vu 535m2 méi Leit faassen. Hire Gesangveräin krut 1873 bei der Grënnung e staatleche Subsid vu 40 Frang. Dem helle Raum säin Héichaltor an de schéinen holzgeschnëtzte Priedegtstull sinn elegant an zierlech; s‘erënneren un idealiséiert mëttelalterlech Formen (ähnlech wéi d’Veianer Trinitarierkierch.) Hir Statue sinn ë. a. nieft der Tréischterin den hl. Jousef, d'Barbara, den Aloysius an den Antonius. Déi al säitlech Molereie vum séilege Schetzel an dem hl Martin, deen emol hei passéiert war, sinn iwwerstrach. Éischte Patréiner ass Johannes den Deefer an zweeten den Cyriakus, zu deem senger Éier jäerlech eng Prëssioun geet. D’Kierchefënstre vu 1904 dekoréieren stiliséiert Riewen a geometresch Formen. - D'Krëppche vun Hueschtert ass renomméiert a mécht mat hiren ëm 60 Figuren d’Chrëschtgeschicht no aler Traditioun begräifbar. Dem Koschter „säin Häerz muss Hänn hunn an d’Hänn en Häerz“ (wéi ‘t am Tibet heescht..) Hie versteet et s‘an eng moleresch Landschaft anzebetten. Et kann ee s‘all Joer bis Liichtmëss kucke goen. D’Leit vun ‘Hueschtert hanner ëm Wal‘ (d.h. hanner dem Grengewald) si fréier bei d’Schetzelgrott gepilgert, déi den Architekt Arendt 1860 als „deels natierlech, deels kënschtlech 3 m breet an 2,50 m déif no Südost geriichte Fielsenhiel“ définéiert hat!

P.S. Wéi d’Fanfare Hueschtert am Hierscht 1908 gegrënnt gouf ass de “Charly“ ewell 4 Joer iwwer seng Strooss vun Eise gefuer…an d’Duerf hat 216 Awunner an 2 Café’en. (E Billjee aller-retour Stad-Iechternach huet an der drëtter Klass 3,50 Frang kascht.) Haut fällt d’al Gare op als ‘Restaurant Owstellgleis’. Nozedroe vum Schetzel: de Porverband Hueschtert-Nidderaanwen hat Mëtt August 2012 fir d’42. mol bei d’Grott vum séilegen Eremit invitéiert. (An der Mëtt vum 12.Jh. wollt hie 14 Joer Gott do méi no sinn.) Den Temoignage vum Brudder Archadus un de Bernhard vu Clairvaux gesouch d’Gespréich mam fromme Mann als onverdingte Gnod. - Zimmlech ‘nichtssagend’ schreift den Duden, dass "Hostert" vu 7 Buchstawen 2 Vokaler a 5 Konsonanten huet; an iergendwou steet… ënner engem Hostert wär een dee ‘schnell und oberflächlich arbeitet‘ ze verstoen! Där fënnt ee bal iwwerall, mä exemplaresch terrasseförmeg Hanggäerd mat Natursteng, wéi deen an der rue Kommes si rar.. Eng lescht Trouvaille nach: „Hueschter(ter) Bir” bedeit dem engelmann.uni.lu Portal no Kalbass a Fläscheform.