Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Housen

Housen läit op der Landkaart tëscht der Clerf an der Our un engem Réimerwee, an Usiidlungen sinn do ewell am 10. Jorhonnert ernimmt. Um Enn vum 19.Jh. huet et ewell Touristen ugezunn als stëmmungsräichen ‘centre de villégiature’ oder ‘Luftkurort’! Den Hôtel Hippert hat hei 1914 ewell eng ‘location de voitures‘. Hei steet op 520 Meter op der Plaz genannt Banert dat mat 301 Meter héchst Bauwierk vu Lëtzebuerg, den RTL Sendemast. Nobäi sinn d’Vallée de l’Our, eng Promenade mat Vue op Eifeldierfer an de ‘Gibraltar-Fiels’… Eng aner grouss Attraktioun war hei iwwer Joeren Enn Juni d’Bauerekiermes. Iwwer Aktuelles schreift d’Gemengebliedchen, genannt ‘den Houser Sender‘!

Housen, oder Hosingen am Dekanat Veianen a Kanton Klierf zielt 899 Awunner. Et ass ee vun de gréisseren Touristen Zentre vum Éislek a bitt eng Rei Restauranten an Wakanzwunnengen un. Et stoung 1867 op enger franséischer Kaart als Hosange an heescht lokal ‘Husen’! Säi Wopen huet zwou Merletten, en Andreas Kräiz fir d’Stroossekräizung an ee Staf. Seng Kierch huet den hl. Niklos als Patréiner. Si war kuerz viru Chrëschtdag 1944 mat Altor a Miwwel ofgebrannt. A wéi s’opgebaut gouf nom Krich sollt se wuel där aler gläichen, awer och e Modell sinn fir d’Basilika vun Iechternach. Si krut e schéine Barockaltor, Säilen an e Kräizwee-Mosaik. Wichteg ze soen: fréier war se Por- a Klouschterkierch, a Porhär war d’Klouschter. Villes doriwwer kann ee noliesen am 500 Säiten décke Buch ‘Houser Geschichten’ vum Jos. Müller... Widderhuele mer hei, dass dem Uschäin no Gerhard I. vu Sponheim, den Här vu Klierf mat senger Gemahlin Adelheid 1106 d ‘Abtei Hosingen gestëft hat. Well Dokumenter verbrannt sinn ass et schwéier noweisbar. Mä och dem Gerhard II. vu Vianden-Sponheim, Här zu Vianden, Clervaux an Ouren, gëtt d’Grënnung nogesot. D’Abteikierch geet also an d’12. Joerhonnert zréck… war awer am Laf vun der Zäit e puermol verbrannt; als Baujoer gëllt momentan 1748 … Am Klouschter ware bal 700 Joer laang nobel adeleg Dammen… Well et keng sozial Zwecker hat, gouf et 1786 opgeléist vu Jousef II.. Duerno waren zäitweileg Schwësteren dra vun der Doctrine Chrétienne. Haut ass d’Gemeng am Gebai an d’Wunneng vum Geeschtlechen. D'Kapell vun der Schmäerzens-mamm mat Rokokodekor hat als Duerfkierch gedéngt wéi d’Augustinerinneklouschter nach bestoung! Se gouf nom Krich a gëtt ‘au besoin’ och haut nach genotzt fir Gottesdéngschter.

Intressant an der Duerf Silhouette a lokaalt Wouerzeechen ass säit 1952 den 30m héige markanten Huser Waassertuerm a nërdlecher Riichtung op 517m. No senger Sanéierung sollt eng Ausstellung bannen op 4 Niveauen de Sujet ‘alles ëm d’Waasser’ presentéieren. De Waasserbehälter faasst 100.000 Liter; säi Virgänger stoung just 13 Joer wéi am Januar 1945 däitsch Bommen e gesprengt hunn… scheinbar wéinst der Aussiicht! Haart war heirëmmer och de Klëppelkrich, well hei louch emol säi Quartier Général. Fir d’Huser Leit ass Geschicht méi wéi fir d’Griechen… d.h. méi wéi e Gedicht - méi wéi fir d’Réimer… also méi wéi en Tableau - an méi wéi fir de Chateaubriand, deen si ‘eng Chronik’ nennt. Fir di Housener ass se ee wichtegen Deel Patrimoine. Sinn och eiser Dokumenter verbrannt, kann d’Geschicht iwwer d‘ “Grafengeschlecht von Molbach" Opschloss ginn... An déi verréit en héichintressanten Detail, mir zitéieren: “Gerhard I. von Sponheim, Graf von Clerveaux und Lehnsherr von Ouren heiratet Adelheid von Vianden. Beide gründen 1096 das Kloster Hosingen. Ihr Sohn ist Friedrich I. von Vianden, Vater der Gräfin Adelheid von Molbach.”

P.S. Di kleng Kapell an der Kräizgaass ass aachteckeg, de Schreiner hat dem Steemetzer dofir eng holze Schabloun vum Grondrëss a Naturgréisst gemat. E Kanneraufsatz resüméiert : Mäin Duerf läit am Norden vum Land an heescht Housen. Am Uert liewen, mir zitéieren ”776 Einwohner und in der Gemeinde sind es 1600. In Hosingen gibt es nicht viele Bauern, wéil sie heute bessere Arbeitsstellen finden, z. B .Sekretär oder Mechaniker..."