Holzem
'Houlzem' zielt mat sengen 592 Awunner zur Gemeng Mamer. Enn November steet do traditionell d'Aendercheskiermes um Programm. Holzem war zur fränkescher Zäit Deel vum sougenannte Wawergau, der Regioun tëscht Maas a Musel. Et ass spéider als 'geschlossenes Haufendorf' charakteriséiert, ëmgi vun Bëscher an Hecken. 't war am Joer 1023 nom eelste bekannten Dokument als Hulcinesheim agedroen a wahrscheinlech nom Chef vun engem Stamm benannt. D'Uertschaft verréit haut nach hir ländlech Originen.
Holzem war tëscht 1570 an 1804 Filiale an der Ur-Por Mamer; seng um Enn vum 17. Jh (d.h. 1692) ernimmte Kapell huet 1785 eng gréisser Sallkierch ersat. Dës einfach Form, och ’boîte à chaussures’ genannt, soll di bescht Akustik bidden - wat d’lokal Chantres de Saint-André sécher approuvéieren! An der Tëschenzäit haten d’Pescht, Hongersnéit an d’Kroaten aus der Keeserlecher Arméi d’Populatioun massakréiert bis op 30 Awunner! Wéi dann de Marschall Créqui d’Festung belagert hat, 1684, goufen d’Houlzemer op Longkech evakuéiert. ‘t hunn 1794 an der neier Kierch keng Klacken dierfe lauden, hir Geeschtlech hate keen Eed op d’Revolutioun geleescht. A kuerz drop koum Holzem an d’ «agence» oder commune de Mamer. Spéider sot de Napoléon ‘Völker vergehen, Throne stürzen ein, Institutionen verschwinden, aber die Kirche bleibt’. No sengem Stuerz koum d’Land ënner hollännesch Verwaltung. Ee Schreiwes vun deenen an hirem Religiounsintérêt gekränkten Houlzemer un de Kinneck Guillaume II. dréit am Mee 1848 ëm eise kathoulesche Landsleit hir Trauer iwwer streng Gesetzer an Ofgaben…. (mir zitéieren....) ’deren Abschaffung wir längst verlangt haben!’ An zum Schluss housch et ``Die Religion, Sire!, ist in tief-trauriger Zeit das Beste, was wir haben` (..signéiert vu sämtleche Männer a ‘Jünglingen’ aus dem Duerf). Freedeg ass d’Info vu 1902: D’Kierchefabrik krut fir hire Coffre-fort e Subsid vun ëmmerhin 100 Frang. Spéider, ëm 1940, krut se nei Fënsteren aus dem Atelier Linster an hell Bänken.
Fréier stoung südlech vum Uert e Schlass mat engem tyrannesche Besëtzer. Fir endlech Rou ze hunn, hu Couragéierter d’Eenhorn aus sengem Déieregaart erausgelooss. D’Déier wollt säin Här attackéieren, awer deen ass an d’Kapell geflücht! Schlussendlech blouf d’Licorne mam Hoar an der Dier stiechen, den Tyrann ass erhengert, an d’Schlass do versonk wou haut d’Fockemuer ass! Dëst kléngt bal wéi e Märchen a Kuerzform... Keng imaginär Schlassmaueren, mä den Houlzemer Duerfkär huet eng figurativ Tuschzeechnung 1946 vum deemools 20 järege Moler Henri Dillenburg veréiwegt! - D’Aendercheskiermes ass e relativ neie Brauch ëm eng al Traditioun! Fréier war d’Houlzemer Kiermes um Dag vum Kierchepatréiner; aus meteorologesche Grënn gouf s’op d’Päischten verluet - an den Hämmelsmarsch och. D’Veräiner organiséieren à ‚tour de rôle‘ Enn November am Festsall en Duerffest, op deem d’Leit sech begéinen, zesummen iessen, sproochen an Advents Arrangementer kafe kënnen - eent méi schéi wéi dat anert - well net fir näischt reimt sech Holz’em mat stolz’em Éire-Gefill.
PS. Iwwer 'Holz' gouf mol am Spaass mol am Eescht ewell sou munches geschriwwen ‘’t muss een säi Liewen aus deem Holz schnëtzen, dat een huet, a wann et kromm a knorreg wär’ si Wierder vum Theodor Storm. Dem Wierderbuch vum René Engelmann no goufe Schräiner an Iwwerdreiwunge fréier spaasseg ‘Holzmued’ oder ‘Holzknuet’ genannt… dat zweet beispillsweis am Dicks senge ' Kiermesgäscht’!