Huelmes
Vum Huelmes'er Schlass heescht et 't géif den Äischdall iwwerwaachen; et trount jo och 60 wéi Meter méi héich wéi deen diskret-romantesche Waasserlaaf. Ëmmer ëm de 7. November spillt fir d’Kiermes vun Huelmes di Sëller Musek traditionell den Hämmelsmarsch. An ‘t gëtt vu muenchem regrettéiert, dass net méi 2 Baler hei sinn, wéi fréier. Op dëse speziellen Deeg gouf de groussen Houfert erausgekéiert…mä ‘t huet op ville Plazen och zum gudden Toun gehéiert, dass d’Mammen op Avance Madeleine gebak hunn… en décke Kranz Kuch, ee grousse Streisel an e schéine Bond! D’Duerf huet 289 Awunner an herrlech Zeie vun der Geschicht, ëmmerhinn war a sengem Schlass virun ëm 1000 Joer ee Rittergeschlecht doheem bis an d‘15.Joerhonnert. Laang hu Kanounekugelen an de Mauere vum Tuerm op de Siège vu 1683 higewisen.
D’feierlech Kiermes Mass ass zu Huelmes um Virowend als Stëftung zur Éier vum hellege Sebastien fir d’lieweg a verstuerwen Awunner. D’Huelmesser waren ëmmer gutt mam “Passiani”; den hl. Baast ass hei 1. Kierche-Patréiner. Hir haiteg Kapell entstoung no der Decisioun vum Tëntener Gemengerot vun Enn Dezember 1853 deels aus Material vun där aler. Hire baufällegen Tuerm huet am Joer 1900 da fir 3000 Frang en neien ersat. Si huet eng rar Alabastergrupp aus dem 14. Joerhonnert, e vun Engele gekréinte Valerian an eng Cäcilia, där hiren Original am Staatsmusée ass. Huelmes gouf fréier lokal och Huermes genannt. Éischt Notizen iwwert seng Buerg fënnt een am Joer 1041. De Schlasshär war dunn en Isenbald von Holfels. Den eenzegaartege 4 stäckege Buergfried vun ëm 1380 huet mam Daach eng Héicht vun 39 Meter, ouni Daach 23 m. Genee gesot, krut de Wunntuerm 1973 eng 16,20 M héich Daachhauf, datt seng Héicht wéi fréier 39,20 m gouf. De 14 op 12 Meter groussen Donjon-Wunntuerm mat Wendeltrap an Zentralsäil huet um 1. Stack eng Kichen, um 2. e Rittersall, um 3. fält d’gotesch Kapelle-Nisch op am Appartement vun den Schlasshären an de 4. war ëmmer fir d’Verdeedegung ageriicht.
Zentrale Raum ass de pronkvolle Rittersall, fréier den Treffpunkt fir d'Buerg-Hären; seng grouss Cheminée ass nach funktiounsfäeg. Verschidde Konsole falen op mat drolege Mënschen- an Déierekäpp. Interessant ass och de Pëtz, duerch deen e geheimen Agank féiert. Fréier war et sou méiglech, déi belagert Buerg heemlech mat Liewensmëttel ze versuergen oder z’evakuéieren. D’Buerg beherrscht optesch d’Duerf. Se ass zanter 1948 Besëtz vum Staat - an huet vis-à-vis vun der Virbuerg eng botanesch intressant Parkanlag. Soe mer nach dass 1729 de Jean-Baptiste de Brias d’Wunngebai 1729 opriichte gelooss hat. D’adeleg Damm vum Schlass (d’ Madame Marschall de Brias) hat der Gräischer Kierch hiert Hochzäitskleed geschenkt, fir e Mëssgewand doraus ze man. 1778 gouf Huelmes eng Grofschaft. Am 1921 nei-barockiséierte Wunnhaus sinn haut d ‘Jugendherberg, geleet vum Service National de la Jeunesse, an en Ökologie Zentrum; si bidde Romantikfrënn en heemelege Kader.
Een Timber erënnert 1997 un d’So vum Jeeër vun Huelmes, dee léiwer e Patt huele goung wéi dem Bock no ze rennen an alt emol moies fréi am Dusel an ouni Wëld zréck an d'Schlass koum. Fir de Kichechef ze berouege soll hien eemol mat der Flënt duerch de Kamäi geschoss hunn a gläich wären véier Feldhénger an een Hues dem verduzte Kach souzesoen an d'Pan gefall! Keng So sinn lokal Ausdréck wéi ‘Gromperefrësser’ fir den Engerleng oder Gromperemued…. an ‘entnompen’ fir enttompen!
P.S. Di nei Haiser uewen op der Knupp zu Huelmes leien ongeféier op där selwechter Héicht wéi de Märjendallerhaff zur Keespelter Säit hinn. Fir bei d'Kierch vun Huelmes ze kommen, geet et 30 Meter biergof. Bei enger Promenade duerch den Dall vun de Siwe Schlässer kann een a Gedanken eng Zäitrees man an där nobel Buerghären, einfach Baueren an aarm Doléiner Noper waren. Beim Helpermaart sinn Huelmes‘er Hären ernimmt, déi ‘Escher Moossen’ benotzt hunn, eng 'Flësseg-‘ an eng 'Dréchemooss‘. Se hunn deene vun Esch-Sauer zwou Mooss Wäin an zwee Brout misse ginn. An donieft hu se missen all eenzele Gest erlaabt kréien, kee Kach huet dierfen ouni Erlaabnes säi Feier ublosen etc.; dëst a villes méi erzielt de Pol Tousch a senge räichhaltege Schrëften ëm al Bräich.