Habscht
Habscht geet op al Siedlungsraim zréck, an deene Bauerendierfer mat ingen- oder -scheid gegrënnt goufen. Mä seng lescht Silb ännert am Franséischen net an ‘ett’! En Dokument vun 1427 ernimmt e Peter von Hopscheyt a 1615 stinn dräi Nimm vun "Habisch" op enger Lëscht vu vollberechtegte Bierger. Detailer weisen d'Evoluéiere vum Duerf: am November 1894 krut et en ëffentlechen Telefon am Café Scheuer, vu 1921-1969 e Kiosk, an no der Astellung vum Postkutschendéngscht am Januar 1923 hunn Autobusse Passagéier a Postpäck matgeholl. - Habscht huet eege Quellen, ’t ass onofhängeg vum Syndicat des Eaux du Sud a säi Waasserpräis ass ee vun de niddregsten am Land. 600 Hektar, bal een Drëttel vu senger Fläch, si Bëscher. Am virleschte Joerhonnert hunn etlech Habschter hiert Gléck an Amerika versicht. Seng Awunnerzuel goung awer vun 960 am Joer 1900 erop op 1400 am Summer 2005. ’t gouf mol mat b oder p an mol Happescht geschriwwen, an am Geck ginn d’Awunner oft “Garien” genannt. Vläicht hat do en extrawitzegen oder stolzen Edgar gewunnt… Säi Gesang hat als eelste kulturelle Veräin 1992 den 100. Anniversaire - zur Chorale mixte gouf en 1956.
Tëscht der Gemeng Habscht an Arel louch fréier d'verstoppte Bardenburg, eng Wallbuerg bei Clairefontaine. Do huet zäitweileg d'Gräfin Ermesinde mat hirem 2. Mann gewunnt. Mat 28 Wittfra, hat si den duebel sou ale Walram vu Limburg bestued. Si sollt d'Klouschter Beaulieu, dat haitegt Clairefontaine grënnen a bei hirem Doud räich beschenken, ënner aanrem mat 64 Päerd an néng Fillen. Si hat typesch Haffämter ageféiert a Franséisch als Landessprooch. Se huet gewaltlos Politik gemat, hir Stäerkt war Streidereien duerch Verhandlungen an net duerch Krich ze léisen! D'Gräfin hat den Dierfer Eischen an Habscht ëm 1214 e Fräiheetsbréif ginn - laang virun Iechternach an 30 Joer virun der Stad! Si konnte sech du selwer verwalten an haten och e Grondgeriicht. Natierlech huet d'Gemeng dofir d'Kroun vun der Ermesinde an d'Quell vu Clairefontaine an hirem Wopen. Vum fréie Mëttelalter un hat Habscht zur Mammepor Elveng am Schweecherdall gezielt - an Eischen zur Por Arel. No der Franséischer Revolutioun goufe se selbstänneg Poren an 1843 vu Wëllem II. an dem apostoulesche Vikar Laurent mat Eischen dem neien Dekanat Käerch zougedeelt. De joviale Kinneck-Grand-Duc hat eisem Land eng gewëssen Eegestaatlechkeet ginn (.. a krut e Monument op de Knuedeler.)
Den 29 m héijen Habschter Klackentuerm vu 1772 huet der aler Duerfkapell hir barock Portalnisch; e krut relativ dacks nei Klacken, eng beispillsweis 1840 vun der Hollerecher Firma Perrin. En Duerfevenement vu 1852 war d' Aweihung vun der neier 25 m laanger Kierch (gebaut vun der Entreprise Fournel no Plange vum Architekt Hartmann). 1920 goufen 3 Klacken zu Colmar am Elsass bestallt. Duerno goung alles gutt bis Sylvester 1976 e Groussbrand d'Habschter Kierch ravagéiert huet! ‘t war sou kal, dass d'Läschwaasser an de Schläich gefruer ass! Dräi Joer drop, am Juli, konnt de Beschof Hengen den Altor vum rekonstruéierte Gebai aweien. Den hei gebuernen Architekt Paul Espen hat d’Raumschuel aus dem 19. Jh. bäibehalen an d’Sailen ewechgelooss; sou gouf se banne méi modern. Den Altorberäich entsprécht dem Goût vun der Zäit; am Chouer fält d'Oberlinger-Uergel op an d'Fënstere vum Zanter strahlen an transparenten Téin Rou aus. 't sinn zum Gléck nach e puer Objeten aus der aler Kierch erhalen, d’Evangelisterelieffer vum barocke Priedegtstull, de bronze Tremont-Relief vun de véier Evangelisten vum fréieren Héichaltor an e restauréiert Bild vum hl. Hubertus. Och de polychrom gefaassten Dréitabernakel mat der Kräizegungszeen ass ale Patrimoine. 't war deemols eng al Klack ersat ginn duerch eng nei vun der Saarburger Géisserei Mabilon. Am September 2005 kruten déi Habschter dann e 1500 kg schwéiere Bourdon, d.h. eng véiert Klack mam Numm vum hl. Benoît, an nach zwou méi liichter. Fir den 200. Jubiläum vun der Por hunn se de 24. Dezember mëttes fir d'éischt zesummegelaut. Di sechs Klacken hu wéinst der Resonanz eng Charpente aus Holz. - Schutzpatréiner vum dynameschen Duerf sinn den hl. Niklos an den hl. Donatus. Mä vill veréiert gouf do och de Peschthellegen, a säit 1867 erënnert d'Roukes Kapell un hir Affer.
Am Numm "Vallée des 7 châteaux" läit e gewësse Charme. De Victor Hugo hat den Eischdall 1871 als "mysteriéis" bezeechent - kee Wonner, well do steet jo een Zengtel vun eise Schlässer! Habscht huet wuel keent, mä e "clocher digne d'une cathedrale". (Text deels a.d. 'Kierchtuermscauserien')
P.S. Habschter Auteuren, deenen hir Zeilen (wéi gutt Bicher laut Aulus Gellius) ‘stille Lehrmeister’ sinn, stellen am Buch ‘200 Joer Par Habscht‘ d’Porliewen a Konschtschätz vir, d’Geschicht vum bis 1953 benotzte Kierfech rondrëm d’Kierch an typesch Grafsteng a.d. 18 Jh.. (Den ale vollekstëmmlechen Ausdrock „Nään, nään soen… dat man di Habschter Gäässen” staamt allerdéngs aus dem lëtzebuerger Dictionnär.. - Den eegleisegen Habschter Tunnel am „Uechtlach", tëscht der Äischener Gare an dem Huewelerhalt war 1879 mat 690 Meter dee längsten am Land, an déngt haut als Vëlospist an Trëppelwee. E gehéiert zënter de 1970ger der Gemeng. Déi 1826 an 1928 erneiert Eischbréck an aner Highlighten enumeréiert d‘Gemenge-Websäit, z.B. grouss lokal Onrouen Mëtt Oktober 1830 duerch d‘belsch Revolutioun. De Gemengerot hat dunn gezwongenermoossen der Sektioun Habscht hir Gemengecaisse ënner d’Awunner verdeelt! 1850 war seng Schoul fäerdeg, 1889 goufen hei fir d’éischt ‘Thomasschlacken‘ als Düngemëttel agesat - an den 1. Februar 1930 kruten 192 Haiser mat 850 Awunner eng Drenkwaasserleitung. 2013 huet d’kommunal Integratiounskommission d‘ "Fête des deux Luxembourg“ organiséiert fir e perséinlecht Begéinen zwësche Lëtzebuerger aus dem Grand-Duché, aus der belscher „Province de Luxembourg“ an den neien Awunner. Flott klengt hei och de Begrëff fir Senioren, si sinn di "Jong vu gëschter".