Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Hesper

Hesper war net nëmme wéinst senger Buerg berühmt, et hat och eng Zäit laang den Titel Kanton. Zu him hu bis 1802 Esch, Diddeleng an Déifferdeng gehéiert an zäitweileg louch seng ëstlech Grenz bei Senneng, Schëtter a Mutfert. Tëscht 1933 an 1963 hat et de Kiosk vun der Place d'Armes virun der Kierch. E war fir 1000 Frang kaaft ginn, mä mat de Frais généraux, dem Of- an Opbau an Transport, koum en op 30000! 1984 gouf hei en 8,28g schwéiren "Treveresche Gold-Stater" aus dem 3. Jorhonnert viru Chr. fonnt mam Lorberbekränzte Krauselkapp vum Apoll. Dës Mënz bestätegt, dass hei eng ausgesprachen Duerchgangsregioun war. De Numm vun der Lokalitéit erënnert zoufälleg un eng Blumm, un d’Nuechtvioul ’Hesperis matronalis’, déi mol kultivéiert als Zierplanz, mol verwëldert an “Au-Beräicher“ wiisst. Hesper war am Joer 867 als Hasmaringa marca dokumentéiert a Besëtz vun der Abtei Iechternach. (Vläicht war den éischte ‘propriétaire des lieux’ en Hasmar, vläicht housch e Gewässer hei Hasper oder e ‘pâturage pour moutons’ Haspera!)

D'Hesper Kierch gouf tëscht 1833 an 1837 gebaut, ier d'Duerf eng Por war. Ee vu sengen Deeler sollt bis 1849 zu Izeg gehéieren an den aanren zu Fenteng. Seng fréier Kapell war 1827 an engem desolaten Zoustand. An der Franséischer Revolutioun hat d'Militär se als Päerdstall benotzt. Aus hir bloufen d'helleg Margareta an den hellegen Niklos, hire Patréiner, erhalen. Hir Immaculata ass manner al. An d'‘schwaarz Muttergottes’, déi aus Palestina stame soll, koum 1759 aus der fréirer Houwalder Kapell. E Strahlekader ëmgëtt hir donkel Statu haut am Chouer. Ënner de Kierchefënstren aus de 1950ger fällt eng op mat der d‘hl. Sophia an hiren Diechter Fides, Spes a Caritas.

D‘Geschicht vum Hesper Kierchtuerm ass net alldeeglech: seng Spëtz an extravaganter Zwibbelform vum Charles Arendt ersetzt de niddregen Daach aus den 1830ger (deen eng Gravure vu 1867 am Lambert Herr-Album „Châteaux“ a Photoen am Buch ‘Hesper 2000‘ veréiwegt hunn.) Lokalhistoriker no gouf den éischte belächelt vun Touristen, déi hei mam ‘Jangeli’ passéiert sinn... (1883 waren ëmmerhinn 30268 Passagéier mat him ënnerwee.) Am genannte Joer huet d'"Eintracht im Thale" mat der Pafendaller Chorale op der Gedenkfeier fir vermuttlech "400 Joer Zerstéierung vun der Buerg” gesongen. D'Hesper "Eintracht" war kee renge Kierchechouer, se hat e Programm vu populäre Gesäng bis Schubert-Lidder. 1903 krut se Reklamatiounen, no de Prouwen "e puer Pätt ze huelen". - 1890 koumen dräi nei Klacken an de verschéinerte Kierchtuerm – en plus eng éischt Telefonskabine an e Café an d’Duerf. 1921 hat eng Tombola d‘nei Uergel finanzéiert. Dëst a villes méi erzielt d'‘Hesper Buch! D' "mémoire collective" datéiert de Marber Altor, den Tabernakel an d'nei Beichstill an d’Joer 1973. Se weist op de gemoolte Plafong hi mat Himmelfahrtsmotiver an op d'bronze Statiounen, déi wéi di Fentenger vun engem Kënschtler vu Marédsou sinn.

Wéi d’Uelzecht nach “Allisante” housch, 1307, haten Tempelritter Asyl an der Hesper Buerg gesicht. Recherchen iwwer hir Geschicht si bei de lokale Geschichtsfrënn predominant. Eng Trouvaille, en Testament vun der Ermesinde, erwähnt ë.a. och Hesper. D'Buerg hat an hirer Glanzzäit mat de Roudemaacher Hären ze dinn. Fir se ‘wehruntauglech‘ ze man goufe laut Lascombes am August 1480 „55 Zimmerlude und Steinmetze“ an 13 „Apperer“ bezuelt. Se sollt franséischen Truppen net als Stëtzpunkt déngen a gouf 1482 an der Defense géingt Rebelle weider demanteléiert. Zeng Joer duerno krut de Markgrof Christoph vu Baden vu sengem Cousin (a Burgunder-Edem Erzherzog Maximilian) d’Herrschafte Rodemachern, Richemont, Herspringen an Useldingen als ‘erbliche Lehen’... an d’Gouverneurs-Amt. (E Flouergrenzsteen am Haff dréit de Badesche Wopen.) Säit iwwer 300 Joer steet d’Buergruin an der Natur wéi en "Bréifbeschwerer”! Privathaiser aus rekuperéierte Steng lehne sech un si an hir Silhouett huet Moler inspiréiert wéi de Sosthène Weis. De Victor Hugo hat am Juni 1871 spontan zwou Rötel-Skizzen a säi Reescarnet gemat mam Titel "l'hespérange" an ‘ruine penchée’ - an d’Duerf an der Vallée de l'Alzette e ‘lieu charmant’ genannt mat ‘ruine d'un château du 11. siècle très belle’. 1814 hat säi Papp, de Generol Hugo ‘Espérange’ an engem Rapport ernimmt.

Nom éischte Weltkrich waren 13 Nationalitéiten hei vertrueden - ënner dëse waren een Auermécher, zwee Coifferen, dräi Schneider a véier Elektriker. 1944, am leschte Krich, goufen d'Bréck gesprengt a vun der Kierch Deeler ofgedroën. (An 1946 hat den Churchill hei Halt gemat...) De Sproch vum Carl Merz, dass "den Zuch vun der Zäit keng Haltestellen huet" stëmmt hei net ganz. D‘Hesper Geschicht ass gespickt a jiddfer Epoche an réckbléckend en "arrêt" wäert! (H)Espérange an espérance klengen d’ailleurs ganz ähnlech!!

P.S. De Ritterbuergen hir Bléizäit hat 400 Joer gedauert. D‘Hesper Vestigen, de fënnefstäckegen Donjon mat Kamäin, Reschter vum Dauwenhaus an Entréestuerm stinn 40m iwwerëm Dall, vis-à-vis vum Holleschbierg. 1798 goufe se (mat ë.a. Kichen, Prisong, Späicher an 2 Chaumièren) fir 13.900 fr. Privatbesëtz a sti säit 1984 um ‘inventaire supplémentaire‘ vun eise Nationalmonumenter. D’aalt "Urbéngsschlass" ass 1992 där neier Mairie gewach. Hiren 13 ha grousse Park touchéiert d’Uelzecht, déi hei “duerch fette Böden gleitet an obstreiche Ufer berührt” (Ausonius, Ons Stad)... mä och Tragesches gesouch: bei der Wollefsmillen 1917 en Zuchongleck, an 1945 eent vun US-Zaldoten. (D‘Wollefsmillen huet als Postkaart vu 1905 iwwregens e Sammlerwäert vun 42 €!) Den Hesper Uertskär krut kierzlech mat der zentraler Bréck e liicht stätteschen Aspekt. Do fale Bänken op, en Ensembel vu Sprangburen an d'Monument fir dräi US-Zaldoten. (Si waren hei no der Ardennerschluecht de 26. Dez. 1944 onglécklecherweis op den holze Foussgängersteg laanscht der Bréck geroden an am Panzer ëmkomm.) D’giel Kierchefassad gläicht där Originaler, d’Trottoire sinn geräimeg an d’Foussgängerverbindungen optimal.