Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Heeschbrech

De September ass de Mee vum Hierscht, mengt eng Bauereregel, also eng gutt Zäit fir d’Natur ze genéissen. Fält eise Fanger op der Landkaart op Aaltréier,  begéine mer do schéi Bëscher an e Keltegraaf vun héigen Dignitaire vun ëm 430 viru Chr. Nobäi, zu Heeschbrech stinn di berühmt Marieneech an d‘intressant Marguerite-Kapell, di 1570 scho beschriwwe gouf... a Bänken aus dem 18. Joerhonnert huet. A net wäit ewech ass e Réseau vu Promenaden. Dem Goethe no léiert iwweregens “e Genie op engem Spazéiergang méi wéi en Dommen op enger Weltrees!”

Heeschbrech an der Por Hemstel huet 52 Awunner an den déckste Bam aus dem Land, de Bildchenskuescht bei der Schanz.. De Numm Hersberg kënnt ale Charten no vun ‘Hirschberg’! Bei där rezenter Expertise vun enger ëm 8.500 jäereger mesolithescher Juegtstatioun am «Bourlach» bei Heeschbrech haten ëm 2005 d’Prähistoriker vum Nationalmusée nieft Pfeilspëtzen och Knachefragmenter an Zänn vun engem Hirsch fonnt..

De 15. August sinn hei owes eng Liichterpressessioun an eng Mass am Fräien. D’Bech- a Berbuerger Musek begleet si vun Altréier aus… an d’Noperschaft rëscht d’Plaz traditionell mat Blummen. An dësem decken ale Bam ass ewell iwwer 250 Joer eng Nische mat enger Mariestatue. Eng Bëschkaart vu 1743 mentionéiert hei e Calvaire an eng Notiz vu 1780 e puer Statuen nieft enger Lanter. Dat war zur Zäit vun der Maria Theresia, wou ewell Fieschter d’Gemengebëscher iwwerwaacht hunn.

Wat ass nach gewosst iwwer dës speziell Plaz an der Bësch-räicher Gemeng Bech? Mä hei haten 1730 ënner der décker Eech zwee Bridder Deitz Schutz gesicht an engem Wieder a goufe vum Blëtz getraff! Dorophin gouf am Stamm d’Nisch ausgehielegt fir eng Statue. (Der Legend no däerfen esou Beem ni ëm gehaen an d’Statuen net déplacéiert ginn...) 1913 war di knorreg solitär Eech, di no Moos a Blieder richt, bal verbrannt. Eng Bellwald-Postkaart mam Stempel vu 1929 nennt “d’Chêne de la Vierge” 800 bis 1000 Joer al, den Ëmfang 7 Meter an erlaabt e Vergläich mat hirem heitegen Aspekt. (En Ëmpang vun aacht Meter weist Spezialisten no hin op en Alter vu ronn 400 Joer...) De Mémorial indiquéiert am Juli 1938 d’Aquisitioun vum Terrain rondrem zum Präiss vun 8.670 fr “en vue de conservation” vun der Bildchens-Eech…. Hire relativ huele Stamm gouf schonn e puermol sanéiert, a Baamchirurgen hunn en 1980 fachmännesch behandelt. Well dunn d’Kroun d’Grenz vun der Belaaschtbarkeet erreecht hat goufe verschidden Äscht gekierzt, de Stamm stabiliséiert an d’Wuerzeltätegkeet nees aktivéiert. D’Buch “Holzriesen” vum Norbert Weins verréit 1983 e Stamm-Ëmfang vun 8,30 M! D’Wierk ‘arbres remarquables 2002’ nennt den 23 m héije Bildchenskuescht e ‘monument naturel’ a säin Diameter vun 2,36 M aussergewéinlech! 2006 huet (endlech) eng Aktioun vum Ëmwelt- a Kulturministère, der Forstverwaltung, dem Denkmalschutz an der Gemeng Bech de Kuescht als bemierkenswäerten a geschützte Bam ausgewisen. E krut dann eng Plakett, dass jiddereen dat liese kann.

An ale Reliounen a Soen waren d’Eechen helleg Beem. “Die Eichen fangen an zu tanzen” bedeit bei de Griichen "et ass een ergraff, dee net liicht aus der Rou ze bréngen ass”! Mam Mythos, den Orpheus hätt mat senger Zither Eeche beweegt ass et wéi mat anere Legenden, bis haut hu se näischt vun hirer Faszinatioun verluer!

P.S. ‘Marienhellegtëmer an al Eechen schéngen zesummenzegehéieren’ schreift d'Marianesch Geographie. ‘t gouf net nëmme vum Professer Engling vermutt, den Heeschbrecher Exemplar um ‘Pafefeldchen’ kéint op heednesch Virzäiten hindeiten.... Götzekult wär aus de Stied an Dierfer a Bëscher zeréck gedrängt gi bis de leschten heednesche Kult iwwerwonne war an Hellegebiller an d’Plaz vu Götzebiller koumen... ass eng ëmstridden Theorie... An der Tierkei ass et plazeweis Traditioun, dass dräi Deeg vir a während reliéise Fester keen Aascht däerf ofgeseet ginn…well do gegleeft gëtt, si géinge bieden.