Hierber
Dem Centre polyvalent "Hierber Scheier" seng Basis huet als Baujoer 1880. D’Gemeng Mompech krut fir seng grousszügeg Renovéierung (vum Architektebüro witry & witry) 2008 eng offiziell Unerkennung an der Kategorie "Stied a Gemengen". Elo sinn hei am Duerfkäer "a Wiewesch" duerch eng Annexe Plaz fir Scheierfester, en Duerf-Bistro an e Proufsall fir d‘Musek. An d’kommunal technesch Servicer an d‘Pompier’en kruten eege Raim. Als nächst ass eng Spillplaz “op der Schampechbaach” virgesinn, ’t ass ewell e Subsid gestëmmt.
Hierber, Herborn, zielt mat den dozougehéieregen Haiser vu Lilien 157 Awunner – virun 110 Joer hat et där bal duebel esouvill. An ‘t hat deemools 2 Schmätt, e Photograph, en Auermécher, 1 Schreiner an 1 Schouster, 2 Wiewer an 3 Woner; net ze vergiessen d‘3 Wiert an d‘Epicerie fir déi, di net op den Iechternacher Maart goungen. (D‘Maartpräisser waren 1903 do z.B. 0,90 Frang eng Dosen Eeer (zu Esch am Vergläich 1Fr.) an 2,70 Fr. e Kilo Botter (zu Wolz louch de Botterpräis bei 2 an zu Esch bei 3 Fr.)
Hierber läit op engem Hiwwelviirsprong zwëschen der Huesen- an Schampechbaach um südëstleche Bord vum wäitraimegen Hierberbësch. Dësen huet eng héich Biodiversitéit an ass e représentativt Naturreservat, wéins sengen “hêtraies et chênaies-charmaies sur les sols limoneux du Keuper”. D’Opstellung vu Personalkäschten vun der Forstverwaltung un d‘Gemengen ënnersträicht 1903 d’Gréisst vum Bësch. Hierber krut eng Rechnung vun 299,50 Frang (Mompech am Vergläich 82,75 an Osweiler 121 Fr.)
Dem erweiderte Reihenduerf seng déifste Plaz ass op 269 Meter tëschent de Koppen Frommelsbierg an Hierberbierg, säin héchste Punkt nobäi ass de Pafebierg mat ronn 390 Meter. D’Hierber Musek entstoung 1883. Deemools hat eng Handvoll dynamesch ‘Musikanten’ op der Hierber Millen de Veräin gegrënd. Zäitweileg war e mat de Pompjeeën associéiert a gouf 1912 gedeeft op "Fanfare Concordia Herborn". 1982 krute seng 40 Membren eng Uniform a säit 1996 sinn s‘eng Asbl. Fir hir 125 Joer war d’Duerf am Museksféiwer an d’Hierber Scheier huet 2008 gréisser ‘Multi Music’ Concerten erlieft!
D’Kierch aus dem Joer 1898 entstoung no Plange vum Staatsarchitekt Charles Arendt an huet e gewësse städtesche Flair. Nieft dem héijhen Tuerm mat der Entrée huet si 2 gerënnter zu Säit an e klengt Quierschëff am néo-romanesche Stil. Hir 24 Fënstre sinn deels vu 1900 deels vu 1950. E Visitatiounsberiicht bestätegt 1570 wöchtenlech Massen an hirer Virgängerin, déi étappeweis ëmgebaut gouf. Ufangs vum 13 Jh. hat d’Duerf zur Por Givenich gezielt, haut gehéiert et zum Porverband Rouspert. Haut prägen d’Silhouette vu senger Kierch, de Centre Polyvalent an di 4 riseg Wandrieder d’Duerf- a Landschaftsbild. Am Gemenge-Wope weisen 3 golden an 3 blo Sträifen op den Haff Herborn oder “Herberen” hin. Häre waren hei an zu Mompech emol déi vun Bettingen-Keil. Den Awunner gëtt nogesot, se wäre ‘käilkoapig’ d.h. querkäppeg oder eegesënnig, wat d‘Indianer iwwersetze mat ‘beharrlech an erfinderesch‘!
P.S. De ‘stille Mensch aus Herborn’ ass keng Romanfigur, dee Bäinumm hat emol de Francis van Maele, Grënner vun der Editioun Phi, deen iergendeemol hei säin ‘Harbo(u)r’ verlooss huet fir an Irland auszewanderen. Hierber läit am wäitsten vun der Sauer vun allen Uertschaften aus der Gemeng. Do z’ernimmen wär och nach de ‚Jokesbierg‘ op deem et emol e ‚Liedermaart‘ gouf an eng Kapell mat enger Klaus.