Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Helleng

 

Helleng ass e Punkt op eiser 356 km laanger schongförmeger Grenzligne. Wéi dës 1769 beim historeschen "Traité de Versailles" laanscht d’Lorraine nei fixéiert gouf hu mir en Deel Territoire u Frankräich verluer. D’Schmuelspuerbunn Uespelt- Beetebuerg sollt hei d’Postkutsch vun 1899 bis 1952 ofléisen. Haut féiert d'A13 de Verkéier laanscht d'Duerf a seng Awunnerzuel huet sech an 200 Joer verdräifacht. De Pol Tousch verréit als Kenner vu lokale Bräich, dass an der Kapell um Eck vum ale Kierfech fréier dräi ënnerschiddlech grouss eise Krounen um Altor louchen. Si sollten eng extra Heelkraaft hunn, well hu Leit mat Kappwéi do gebiet an eng Kroun opgesat, goung hir Peng ewech.

Am 16. Joerhonnert war Helleng Deel vun der Landmeierei Beetebuerg, aus där Zäit staamt säin ale Kierfech. Duerch eng Schenkung vu 1709 vun der Damm Suzanne Feller, der Niess vum Paschtouer vu St. Niklos, konnt e Paschtoueschhaus gebaut ginn (..wat d’avançéieren zur Por erliichtere sollt.) Ir de Bistum Metz et 1807 zur autonomer Por ernannt hat, war seng Mammepor Fréiseng an d'Kanner goungen duer an d'Schoul. Haut zielt et mat Uespelt zum Porverband an der Gemeng Fréiseng. Op hirem Gemengewopen steet de sëlwer Adler um bloe Fong fir d’Hellenger Hären – an de schwaarzen op Goldfong fir d’Famille d'Aspelt; déi zwee Beschëfsstäb representéieren d'Abteien Iechternach a St. Maximäin, di Besetz zu Fréiseng haten. Ënner den Häre vun Heilingen oder Helingen, wéi d'Uertschaft emol housch, sinn am spéiden 13. Jh. e Johannes a seng Duechter Sara agedroen… an ënner Jang dem Blannen war e Jacques Kanoniker a Sankt-Paulin zu Tréier. E begidderten Thilman vun Helleng huet ëm 1398 an der Stad gewunnt. A spéideren Epochen ënnerstoung d’Uertschaft zäitweileg der Herrschaft Cattenom an duerno de Clierfer Seigneuren.

Déi baufälleg Hellenger Kapell gouf 1812 duerch d'Kierch vun haut ersaat. D'Duerfleit hunn hiert Schëff op eege Käschte selwer gebaut - den Tuerm koum eng Zäitchen no. De Patréiner, den Hellege Willibrord, porträitéiert eng Fënster an der Sakristei. Hien hat d'längsten Zäit vu sengen 81 Joer hei am Land verbruet; ob en op senge Reesen ocheemol hei war? (Eng Statu weist en zu Emmerich op engem ongesuedelte Päerd mat der Mitra.) Zweet Patréinesch ass d'Agatha, och Agätt, oder Aggi genannt. Op hirem Fest kruten d'Leit hei beim Affere fréier e geseenten Ziedel an d'Hand, op deem "protégé nos o Agatha pia" stoung. An der Hellenger Kierch fält e bedeitend Kräiz op mat enger 6 ‘Schong‘ grousser Christusfigur; enger Universitéitsetude no zielt si ëm 500 Joer. Hir Restauratrice Muriel Prieur hat de remarkable ‘Christ en bois de l'église Saint-Willibrord à Hellange’ 1997 bei de ‘Journées du Patrimoine en Wallonie’ presentéiert. En aanre Schaatz, d‘Chouerbild vum Jean-Pierre Sauvage aus dem Joer 1771 am Stil vun der "flämischen Schule", staamt net wéi gemengt aus der Stadter Dräifaltegkeets- mä aus der Méchelskierch (schreift d‘Isabelle Yegles-Becker an ‘Ons Stad’.) E puer kleng Detailer nach: D’Kierch krut 1921 fir en Uewen e Subsid vu 75 Frang. Se gouf Mëtt de 1990ger restauréiert, huet rechts Bänken a lenks Still. En nees dran intégréiert Greeff-Wierk ass d'ennëscht Stéck vum Priedegtstull. Helleng ass eng vu bal 200 Uertschaften mat Konscht aus dem Wiisser Atelier. (De Papp Greeff hat sengem Fils seng Stilrichtung inspiréiert a seng Enkelen hu se perfektionnéiert; onerkannt bloufen hir talentéiert Gesellen, déi Zeechnungen op Wonsch am Holz realiséiert hunn.

Zu gudder lescht …haten Enn März 1853 Bëschaarbechter bei Helleng ’op Belsaker’ zwee réimesch Griewer aus dem 1. Joerhonnert entdeckt an de Curé Kneip geruff. Fonnt gouf do déi 20,2 cm grouss Messingsvisière vun engem Kavalléiershelm. Deem berühmten ‘Hellenger Masque’ seng Dekoratioun weist op laang Servicer an der réimescher Arméi hinn a mecht virwëtzeg op säi Besëtzer; e steet haut am Musée um Fëschmaart a war ënner aanrem ewell Sujet vun enger Goldmënz. De schéinste Glasobjet aus dem zweete Graf ass eng faarweg Coupe mat Mosaikmuster vum Mëttelmier. D’Buch ‘Das Reitergrab von Hellingen’ (vum J. Krier an F. Reinert) beschreift ënner anerem d’Treverer, d’réimescht Militär, d’Hierstellungstechnik vum prächtege Masque a säin Erhalungs-Zoustand. (aus dem Buch 'Kierchtuermscauserien', 2008)

P.S. De Numm Helingen od Heldingen kéinnt op e Siedler ‘Helido’, also en Held hiweisen oder op en ‘Hellin‘ mat Racinen zu Heil! En éischt offiziellt Dokument ernimmt 771 e Bertram, deen der Iechternacher Abtei seng Gidder vun Fréiseng an "Heldange" geschenkt hat, an deenen hir Notzungsrechter iwwer 500 Joer bestoungen. De Réimermasque ass relativ jonk am Vergläich mat aneren Trouvaillen! ’t gouf ausgerechent, dass an 35.000 Joer hei 1.400 Generatioune ‘gehaust‘ hunn.. well Archeologen hei Objeten aus Zäite vun de Neandertaler identifizéiere konnten. Zu Helleng erhällt eng ‘Maison de l'Histoire et du Souvenir’ am iwwer 200järegen Haff Linster wäertvolle Patrimoine. Zënter 1806 hunn do ronn aacht Generatioune Freed a Leed gedeelt (.. als éischt d‘Famill Gaasch vun der Léiwenger Millen.) Am Krich war seng Scheier e Refuge fir jong Lëtzebuerger, déi net wollten ‘de force‘ agezu ginn; zäitweileg souzen eelef Verstoppter an zwee Bunkeren am Hee. Un 200 Joer Kierch erënneren elo eng Lann an en 13.000 Joer ale Gedenksteen aus Mendiger Basalt. D'Silhouette vum Kierchtuerm gouf zu Maria-Laach dran agravéiert, d'Photo vu senger Aweiung war iwwerschriwwen "Das Gute meissele in Stein" (...e Saz aus der Festried, an där et nach housch "was dich ärgert, schreib in den Sand"!)