Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Heeschdref

Heeschdref, Heisdorf, läit am Uelzechtdall hanner Walfer an Helsem an et huet iwwer 1550 Awunner. ‘t zielt zur Steeseler Gemeng a gëtt an hirem Wopen représentéiert duerch dräi sëlwer Léiwen op roudem Fong. D’Origine vun der Uertschaft dierften op eng Schenkung vum Karl Martell, dem Grousspapp vu Karel dem Groussen zeréckgoen. Eng Zäit drop gouf de Siegfried hire Schiermhär. Eng bescheide Kapell ass hei 1570 dokumentéiert… an donieft um West-Hang vum Gréngewald di dräi Quelle vum Dauwebuer, e Weier an en aalt herrschaftlecht Gutt.

De Karl Martell hat 723 St. Maximäin vun Tréier e fräien Domaine, en ‘Allodium’ am Uelzechtsdall vermat. Bekannten Heeschdrefer Nimm waren Enn vum 15. Jh. von Stein oder de Fock; a 1639 hat do de Baron Jean de Beck a seng Madame Catherine de Capelle en herrschaftleche Besetz kaaft. No him koum vill Wiessel. De vaste Park hat d’Famill vum Baron von Reinach 1835 ugeluet mat engem remarkable ‘mobilier arborescent’, wéi et am Fieschter- Jargon heescht... Proprietaire no him war de Banquier Lippmann, de Generol-Consul fir Lëtzebuerg an Holland. Hie war e Frënd vum Prënz Hary, dem Brudder vu Wëllem III., deen als säi Lieutenant Représentant zu Walfer residéiert huet... De Park war sécherlech Zeie vun illustren Entrevue’ën. An him fält haut en iwwer 30 m héige Pin noir op! Dat häitegt Heeschdrefer Schlass entstoung 1883 am Stil Rambouillet; et war en Entworf vum belschen Architekt Charles Thirion fir de Baron Lippmann…. Säit 1916 gehéiert et de Schwësteren vun der Doctrine Chrétienne. Si hunn do en Home fir reconvalescent oder eeler Matschwësteren. Wéineg bekannt däerft sinn, dass Véih- a Baamzuucht laang zu hirem Liewensënnerhalt bäigedroen hunn.

An der gutt 100järeger Filialkierch vun Heeschdref steet eng konschtvoll ‘Vierge à l’enfant’ aus Steen. Si kënnt vu Steesel, mä staamt héchstwahrscheinlech aus dem Mariendall. D’Buch ‘Madones au Luxembourg’ vu 1966 schreift s’engem Metzer Atelier zou, wat hiert rengt Gesiicht, d’grouss Kroun, an d’Kand mat der Kugel undeiten. D’Por krut Terrain geschenkt fir dee vum Architekt Paul Funck gezeechenten Neigotesche Kierchebau. Dëse sollt den alen, ze klengen a ‘vu bescheidenem kënschtleresche Wäert’ ersetzen. D’finanziell Hellëf vun 2.000 Dollar vun zwee an Amerika émigréierten Heeschdrefer, de generéise Bridder Tonnar huet de Projet erméiglecht.

Der Restauratioun ënner der Leedung vum Architekt Carlo Warisse vu 1976 verdankt s’en Altor aus engem massive Steeblock, vum Pit Nicolas, an am Fong vum Chouer e Keramik-Reliéf mam “Baam vum Liewen” mat agebautem Tabernakel,... eng Creatioun vum Ben Heyart. Dës ass  senger Devise erno réaliséiert ‘an der Konscht muss een ënner d’Uewerfläch an hanner d’Kulisse kucken - a sech net mat deem zefridde gi wat een op den éischte Bléck gesäit!

De ‚Calvaire géologique‘ beim Fatima-Monument op Bässend‘ huet 14 Statiounen aus „ pierres massives de provenance variée“ also aus Carrièren aus alle Regioune vum Land.. Di zéngt Statioun ‚Jésus deshabillé' ass e privaten Don aus massivem ‘Heeschdrefer Anhydrid’!

P.S. Fir de Bau vun der Bréck Heeschdref-Mëlleref (1875) gouf et 1000 fr. Subsid ; der Lokalitéit ‘Mullendorf’ hir Origine leien am ‘ci-devant "Moulin Bintz" sur l'Alzette’. D’Leit hei goufe lokal alt emol ‘Gipserte’ vernannt... 1905 haten nämlech d’Bridder Eugène et Bernard Irthum vun Heeschdref d’Usine an d’Gips-Karrière Heeschdref kaaft vum J.B. Kintzelé, weider exploitéiert an Aarbechtsplazen erhalen. - Et heescht am Uelzechtdall géif tëscht Dummeldeng a Miersch dat ganz normaalt Lëtzebuergesch geschwat.. ‘t goufen do also Schoichdegfeeër ..Schongmècher... oder där Leit déi “geschwat a neischt gesot hunn” ...Handkesselcher, Commèren a Kommentäre wéi “näischt mat näischt, dat schosselt sech net!”.... Esou gutt al Spréch hat de Jean-François Gangler am éischte lëtzebuerger Wierderbuch veréiwegt... an den 1840ger!