Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Hengescht

Hengescht, lokal Héinischt, läit 67 km vun der Stad a war laang Haaptuert vun enger vun eise flächeméisseg gréisste Gemengen. Hiren Hechstniveau louch 1916 bei iwwer 1.500 Awunner an am Joer 2006 bei 1030 Leit. Hir Coopératioun mat där Clierfer an där Munzer foung 1990 u mam Projet vun der regionaler Primärschoul Reiler, (där hir Diren Mëtt September 1994 opgoungen). D’offiziell Fusioun vun den dräi Gemenge war de 5.12.2011 no der Vereedegung vum neigewielte Conseil. Méi al ass e Spottvers op d’Nordéisleker Betounung: den Héin klappt réin Stéin fir déi Héineschter Geméin. Am alldeegleche gëtt do ë.a. gesot: Bjerjer (Bierger), Légkt, Hjem, Begreefnis, ëmsuarrigen, Vermiärrik, oder Peert (Päerd). An d’ ’Lais verbrennen‘ war hei emol e folkloristesche Brauch. Nom Hochzäitsiessen gouf dofir e bësse Stréi verbrannt am Päsch beim Haus. D‘Brautpuer huet missen iwwer d‘Feier sprangen an no him d’ganz Hochzäitsgesellschaft. Fir Fonken opzewirbelen sollt tëschenduerch een absichtlech an d’Glouss sprangen! (P. Tousch)

Hengescht war fréier Deel vun der Seigneurie d’Ouren. Hir Schlasshären hu beispillsweis 1535 zwee Geriichtsscheffe vum Haff Heinerscheid op Liewenszäit ernannt (béid koumen allerdéngs vu Léiler.) 1567 ass d’Rebaach als Grenz zwëschen den Hieff Heinescht a Wäiswampech confirméiert. De Maria-Theresien Kadaster hält 1767 fest, "Die unterthanen des gantzen hoffs Heinerscheidt, nemlich die einwöhner des dorffs Heinerscheidt, des dorffs Calenborn und drei einwöhner des dorffs Lehler haben gerechtigkeit frey zu jagen und zu fischen". Fréier goung de grousse ‘Postwee’ Bréissel-Roum via Asselbuer, Saassel, Hengescht a Kaalber. Manner al mä wichteg war nach am Mee 1907 den zäitopwennege Postfuhrdengscht; säin Depart war hei mueres um 8.00 (mat Halt zu Fëschbich um 8.25, zu Marnech ëm 9.15) an d‘Arrivée um halwer eelef zu Housen.) Intressanterweis war 1900 ënner 306 Duerfleit och eng Modistin. Haut enstinn hei keng Hitt méi, mä op eng regional Bauereninitiativ vu 1994 “Ourdaller Moschtert” an artisanal Produkter wéi naturbeloossene Béier, Ourdaller Kéiss, Kärekëssen a Seef. De "Cornelyshaff" krut dofir 2003 den "Henry Ford European Conservation Award" an d’Uertschaft 2004 en ‘europäeschen Duerferneierungspräiss’.

D’Nopeschdierfer Hengescht, Hëpperdang a Buchenburg hate schonn 822 eng gemeinsam Kierch. En ondetailléierten Echange ernimmt eng Koppel, déi dem monastère de Stavelot hire Buchebuerger Besëtz accordéiert hat. Zu Hengescht erënnert d’rue de Stavelot un e fréiere Lien. Dat verschwonnend Duerf sollt den Drëssegjärege Krich an d’Pescht net iwwerliewen. Seng Kierch gouf 1792 demoléiert (Hengescht krut deemols eng nei.) D‘Parzell mat Wiseblumme, Grieser a weisse Kräizer op hirer Plaz ëmgëtt e mystischen Hauch. Ee Lexikon iwwer al Bräich erwähnt d‘legendär Ardenner Geeschtermassen. Nobäi, um ‘ale Kierfech‘ vum ausgestuerwenen Uert, gesouch emol e Fouermann fréimueres op Allerséilen eng Kierch mat engem ‘greise Priester‘ an onbeweegleche Gestalten. Hien huet d’Ministrante-Roll gespillt sou gutt e konnt, sollt awer nom Deo gratias eleng am Gras knéien! (P. Tousch) - Den ONT hat 1960 Hengescht ‘hochgelegenes gesundes Ardenner-Dorf mit schönem Rundblick‘ genannt.. Haut weist en op senger Kierch hiren intressante Mosaikaltor hinn. Nieft dësem huet se zwee eeler Säitenaltär a Fënstre vum Probst. D‘faarwlech Erneierung vu Sailen a Plafong an de Kaf vun 250 neie Still hat den Dechen als Ausdrock vum Glawen un d’Zukunft vun der Kierch bezeechent. Dëst alles liest sech gutt. Mä Erzielungen no war de 17.12.1944 e Kampf an där 1932 gebaute Quirinuskierch. Op Sylvester haten nuets d’Klacken eng Stonn laang gelaut, an den 23.01.1945 huet däitscht Militär en Deel vum Raum mutwelles gesprengt! Esou Katastrophemeldunge sinn haut traureg Zeilen an der Geschicht. Zeng Joer nom Krich sollt eng nei Haupt-Uergel hei d‘Absiicht vu Bach-Wierker erfëllen an “nicht das Ohr füllen sondern das Herz in Bewegung setzen.“

Nom imposante Waassertuerm um Enn vum Duerf ass eng Strooss benannt. E gläicht deem Huldanger an onvergiess ass säin Enn Januar 1945 am Schnéi gesprengte Virgänger. Den Zeieberiicht vun engem däitsche ‘Landser‘ sot dozou lakonesch „man hatte das Auge der Landschaft flachgelegt!“ - Am Bunker vun Hengescht ware fennëf Jonge verstoppt an zäitweileg zwee amerikanesch Piloten. Hire Refuge gouf verroden an de 25. Abrëll 1944 zerbommt. (D‘ganz Tragedie beschreift de Léon Raths.) Zu Mainz–Finthen gouf 1993 eng Strooss nom Jean-Pierre Jungels benannt; de Papp vun zwee Bunker-Affer koum op där Hinzerter Zweigstell ëm. Op der Haaptstrooss erënnert säit 1986 e Gedenkpark un d‘6. US Panzer Divisioun an un d’lokal Affer vun deem strategesch wichtegen Uert no beim lieu-dit ‘Les Trois Frontières.’

P.S. E Wanderbuch lueft 1974 d’konschtvoll gestutze Wäissdarheck vum leschten Héinischter Haus (zur Ëlwener Säit hinn) - well “se sech an engem Bou als nëtzlech a rar gaertneresch Spillerei iwwer d’Gaardepuert schwéngt.” (Carlo Hemmer). De 26. Mee 2000 hat den 120 Membre vun de Fanfare Léiler, Hëpperdang an Hengescht hiren Asaz sech gelount: hir Uropféierung vum Dirigent Jean-Pierre Heck sengem Wierk "HeHuLi" krut deen Dag en UGDA Präis. A soss fanne Photographen hei Gefalen un ale Weekräizer a Stroossebeem. An (enger dichterescher Emile-Hemmen-Formuléirung no) ‘uergelt‘ am Naturpark Our an Eifel-Ardenne-Raum gelegentlech de Wand. Déi moleresch Regioun charakteriséiert eng ‘faibel’ Populatiounsdicht. 1960 hat Héinischt genee 400 Awunner, an 2014 am Januar 573. ’t koumen am Joer 2000 hei duebel esou vill Kanner op d’Welt wéi Leit gestuerwe sinn. - D’al Gemeng Hengescht hat iwwregens d‘innovativ Iddi d’Mairie, den noe Kulturzentrum an d’Kierch mat eegenem Holz an enger Holzhaackschnëtzelheizung ze hëtzen.